Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?
International Neiegkeeten

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?

Wann et ëm Pabéier geet, dann ass d’Lëtzebuerger Presselandschaft gutt

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
International Neiegkeeten

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

Um Méindeg huet déi nei Koalitiounsregierung an Éisträich de „Kommando iwwerholl“, net ouni datt ee puer Dausend Leit zu Wien dogéint Protestéiert hätten. D‘Partner vun Éisträich hunn dat ganzt dann awer fräi vun Emotiounen zur Kenntnis geholl.

Mat 31 Joer ass de Sebastian Kurz awer de jéngste Kanzler vun der Geschicht, an dee jéngste Staatschef op der Welt iwwerhaapt. An dat och nëmmen aacht Méint, nodeems hie bei der chrëschtlech-konservativer ÖVP d‘Heft an d‘Hand geholl hat. E richtege Schratt, vu datt hien d‘ÖVP bei de Walen am Oktober zur stäerkster Partei gemaach huet.

Et war dann am barocke Kader vum Palais „Hofburg“ wou de Bundespresident Alexander van der Bellen, déi nei Regierung vereedegt huet. Bestoend aus 13 Minister, sechs dovunner aus de Reie vun der FPÖ, ass et eng Konstellatioun wéi ee se säit dem zweete Weltkrich net méi kannt huet. Mat enger eenzegaarteger Regierungsverantwortung fir eng „extrem riets“ Partei.

De liberal-gréngen Alexander van der Bellen huet déi nei Regierungskoalitioun also ernannt. Dat awer mat enger Warnung. Se ass opgefuerdert ginn sech der Geschicht vun Éisträich ze stellen, deene gudde wéi schlechte Säiten. De Bundespresident huet och gefuerdert, d‘Rechter vun de Minoritéiten an deenen „déi anescht Denken“ ze respektéieren.

An ee puer honnert Meter vun der Zeremonie ewech, hunn dann och eng 5.000 Manifestanten hirer Enttäuschung iwwert d‘Regierungsbedeelegung vun der FPÖ Ausdrock ginn. Eng Mobiliséierung, déi awer wäit hannert de Protester geleeën huet, déi et bei der leschter Bedeelegung vun der FPÖ un der Muecht, ginn hat.

Hanner virgehalener Hand

Mee och an Europa huet ee sech allgemeng bedeckt gehale. Vill Staatscheffen hunn dem Sebastian Kurz gratuléiert, mee et ass keen op säi Pakt mat de Populiste vun der FPÖ agaangen. An sengem Interview op der ORF um Méindegowend, huet de jonke Kanzler gefuerdert, datt d‘Regierung opgrond senger Aarbecht sollt bewäert ginn, net unhand der Reputatioun vun de Minister.

Hien huet och onverblimmt zougestane, datt hie bei de Koalitiounsgespréicher mat der FPÖ iwwerzeegt ginn ass, datt „dës Partei“ fir positiv Verännerungen an Éisträich ka suergen.

Op der drëtter Plaz aus de Walen ervirgaangen, kritt d‘FPÖ dräi Spëtzeministère zougeschanzt: Innen-, Verdeedegungs- an Ausseministère. Zudeem gëtt de rietsradikale Christian Strache (48) Vizekanzler. E Personnage deen et sech nach an de leschte Méint net midd ginn ass, d‘Immigratioun mat enger „Invasioun“ gläichzestellen, an zudeem der Meenung ass, datt den Islam net seng Plaz an Éisträich huet.

Déi däitsch Kanzlerin, där hir Politik géintiwwer de Refugiéeë vum Christian Strache schwéier kritiséiert ginn ass, huet sech zu Wuert gemellt a wënscht sech eng gutt Zesummenaarbecht mam „Noper“. Si huet de Sebastian Kurz dann och op Berlin agelueden. Och den Europarotspresident Donald Tusk huet sech zouversiichtlech ginn, a vertraut op de konstruktiven an pro-europäesche Rôle deen d‘Regierung vun Éisträich an Europa iwwerhuele kann.

Et sollt een awer net vergiessen, datt et am Februar 2000 innerhalb enger EU vun de 15, schonn emol zum Eclat komm war. D‘Regierungsbedeelegung vun der FPÖ ënnert dem Jörg Haider, hat fir Kaméidi gesuergt an huet deemools zu Sanktioune gefouert.

Salonsfäege Faschismus

17 Joer méi Spéit hunn sech déi populistesch a faschistesch orientéiert Parteien nees a ville Länner hir Plaz gemaach. Bei deene gëtt et dann och een dominante Sujet: Immigratioun. Eigentlech ass een géint alles wat engem „Friem“ ass, mee och de Sebastian Kurz, fréieren Ausseminister, hat sech den Ängschten déi d‘Migratioun ervirrifft ugeholl.

D‘Verhäertung vun der Migratiounspolitik, notamment duerch eng drastesch Beschneidung vun der Sozialhëllef fir Auslänner, ass eng vun de Prioritéite vun der Koalitiounsregierung. De neie Kanzler vun Éisträich huet a sengem Interview op der ORF dann och gemengt, datt „déi aktuell Sozialhëllef e Magnéit fir d‘Demandeure vun Asyl“ wieren.

Eng Ausso déi esou vum héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter, Zéid Ra‘ad Al Hussein als „Geféierlech“ bezeechent gëtt. Dee fäert, datt de fréieren Ausseminister an de Rietsextremismus ofrutscht, an d‘Froen zur Immigratioun an de Rechter vun de Migranten benotzt, fir sech Stëmmen ze sécheren.

Op där aner Säit gëtt de Retour un d‘Muecht vun der FPÖ, vun den europäeschen Nationaliste begréisst. Dat no engem Joer wou sech d‘Populisten an Europa – Däitschland, Frankräich an Holland – bei ville Wahle gutt an Zeen gesat hunn.

Berechtegt Zweiwel

Datt een dann och an Éisträich besuergt ass, weist de Kommentar vun der 38 Joer jonker Katharina aus Wien: „Ech fäerten datt een sech ëmmer méi un den Auslänner wäert vergräifen“.

Wann also déi nei Koalitiounsregierung „e kloert europäescht Engagement“ fir sech reklaméiert, esou wënscht sech déi selwecht Regierung, datt d‘EU-Memberlänner nees méi national Kompetenze kréien. Si wëlle keng Souveränitéit méi ofginn a stellen sech engem méi federalen Europa an de Wee.

Am Koalitiounsaccord fënnt een dann och nach eng ganz Rei Steierentlaaschtungen. Do ass eppes dra fir d‘Familljen an déi Leit mat klenge Renten, et soll och d‘Bürokratie ofgebaut an de Sozialsystem vereinfacht ginn.

Fir seng EU-Partner ze berouegen, huet de Kanzler Sebastian Kurz däitlech gemaach, datt hien d‘Hand op den europäeschen Dossiere behält. Dat kann (muss et awer net) och domatter zesummenhänken, datt Éisträich am zweete Semester vun 2018, d‘Presidence vun der EU iwwerhëlt.

Den éisträichesche Kanzler ass dann och haut zu Bréissel, wou hie mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den Europarotspresident Donald Tusk fir eng Entrevue zesummekënnt.

mam Sophie Makris/AFP

Foto: Déi nei éisträichesch Koalitiounsregierung. © Hanz Punz/APA/AFP

Ähnlech Sujeten Christian Strache, Éisträich, FPÖ, ÖVP, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel