Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung
International Neiegkeeten

bangladesh dating online

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht

https://moien.lu/dating-compatibility-test-questions/
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du de Kanton Klierf?

Lëtzebuerg ass an 12 Kantonen agedeelt. An eiser Quiz-Serie gi

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit
International Neiegkeeten

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

Dee laangen a beschwéierleche Wee vun enger säit 2010 gefuerderter

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa nees déi sougenannt ERASMUSDAYS organiséiert. Als Synonym fir den Austausch an d’Mobilitéit tëscht europäesche Studenten, gëtt dëse Programm vu ville jonke Leit geschat. Och SERVIOR hëlt reegelméisseg Studenten aus dem Ausland bei sech op, esou och 2019.

Säit bal 20 Joer kommen zukünfteg Fleegekräft aus Éisträich fir ee Stage vun e puer Wochen an d’SERVIOR-Haus „Am Schleeschen“. Dësen Hierscht sinn et direkt dräi jonkt motivéiert Persounen aus Linz, déi souwuel zu Iechternach, wéi och zu Veianen hire Kollegen iwwert d’Schëller kucken dierfen.

D’Abigail Lock (20 Joer), d’Melissa Pührunger (29 Joer) an de Ronald Lecher (34 Joer) hunn an dësem Kader hir Erfarungen an dëse Strukture vu SERVIOR matgedeelt, erkläert wat si vun eisem Fleegesecteur léiere kënnen a wisou et si grad op Lëtzebuerg gezunn huet.

„De Lëtzebuerger Fleegesecteur genéisst ee gudde Ruff“, sou d’Melissa Pührunger. D’Abigail Lock, wat virdrun nach ni an eisem Land zu Besuch war, erkläert virun, datt een am Grand-Duché vill méi gedëlleg mat de Seniore géif ëmgoen. Hatt weist sech beandrock, datt d’Personal dem Client op Aenhéicht begéint an de Beruff vum Fleeger eng méi héich Unerkennung genéissen géif.

Och de Ronald Lech hätt sech gezilt fir Lëtzebuerg entscheet: „Hei ass een immens bewunnerorientéiert an an der Fleeg a Betreiung leet ee vill Wäert op multidisziplinär Ekippen“. Et passt een extrem op d’Dignitéit vun den eelere Leit op, wouduerch engem déi Lëtzebuerger Altersheimer bal méi als Hotel eriwwer kommen. „Bei eis gëtt et kee Glas Wäin“, seet hie mat engem Laachen.

Luef eleng kënnen awer och si net verdeelen. Trotz de villsäitegen Offeren un Aktivitéiten an Ausflich géif een an der Alpenrepublik méi am Beräich Kinästhetik, also der Léier vun der Beweegungsempfindung, schaffen.

Déi zukünftegt Fleeger weisen sech extrem erfreet iwwert d’Oppenheet vun de Bewunner. Et gi keng Beréierungsangscht an de Leit gefält den Éisträicher Dialekt wuel ganz besonnesch. „Eng Bewunnerin huet souguer déi Éisträicher Sprooch iwwerholl an äntwer ëmmer mat ‘Passt scho!’“, erzielt dat 20 järegt Abigail Lock. Ee weidere Virdeel vun de Lëtzebuerger wier et, datt mir et gewinnt si mat anere Kulturen a Sproochen am Alldag zesummen ze liewen.

Um Enn vum Stage huelen déi dräi sympathesch Éisträicher vill positiv Erfarunge mat an hir Heemescht. Dobäi kënnt eng Erënnerungsfoto vum Dikrecher Bewunnerfest zesumme mat der Familljeministesch Corinne Cahen, der SERVIOR-Presidentin Dominique Faber an dem SERVIOR-Generaldirektor Alain Dichter.

Ähnlech Sujeten Altersheim, Corinne Cahen, Éisträich, Erasmus, Fleeg, Servior, Stage, Student
Nächsten Artikel Virrechten Artikel