Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt
International Neiegkeeten

D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt

Déi katalanesch Parteie fir d’Onofhängegkeet hunn um Freideg hir Lëschte

What the Fakt – Wéi déi gréng Fee (Absinth) verdriwwe ginn ass
International Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi déi gréng Fee (Absinth) verdriwwe ginn ass

Haut viru genau 111 Joer hunn d’Schwäizer fir ee Verbuet

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“
International Neiegkeeten

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“

Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela

Washington wëll mat Sanktioune géint Geheimdéngschtfonctionnaire den Drock op Caracas erhéijen

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela

Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass dem President Nicolas Maduro d‘Muecht ze entzéien, ginn d‘USA e Schratt weider a versichen elo, mat neie Sanktiounen. Dës Kéier sinn et d‘Fonctionnaire vum Geheimdéngscht Sebin déi am Fokus vu Washington stinn.

De Sécherheetsberoder John Bolton, behaapt sech drop, datt de Geheimdéngscht agesat géif gi fir d‘Membere vun der Nationalversammlung zu schweigen ze bréngen an d‘Demokratie ze ënnergruewen. Leschte Mëttwoch hat de Geheimdéngscht de stellvertriedende President vun der Nationalversammlung, Edgar Zambrano verhaft. Dogéint wëllen d‘USA mat Sanktioune virgoen.

Venezuela

Elo kënnt d‘Verhaftung vum Edgar Zambrano – an engen zéng Deputéierten – net onerwaart. Si sinn am Kontext vun der Rebellioun vum 30. Abrëll, bei där d‘Oppositioun sech den Ëmstuerz vum Regime erhofft hat, wéinst Héichverrot verhaft an ugeklot ginn. Interessant och, datt dee Mann, deen dat ganzt ze veräntwerten huet, elo behaapt de Regime géif eng legitim Muecht bedreeën.

De laangen Aarm vum CIA

Nom versichte Putsch, hat den Nicolas Maduro och bekannt ginn, datt et e Wiessel un der Spëtzt vum Geheimdéngscht ginn huet. De Gustavo Gonzales huet nees d‘Direktioun iwwerholl, nodeems de Manuel Christopher Figueira héichkanteg erausgeflunn ass. Deem gëtt vun der Regierung de Virworf gemaach mam CIA kooperéiert an de versichten Ëmstuerz mat orchestréiert ze hunn.

Venezuela

Zanter Woche versicht de selwer ernannten Interimspresident, Juan Guaido d‘Arméi fir seng Zwecker ze gewannen, dat allerdéngs ouni Erfolleg. Elo huet sech den Dissident un d‘US-Arméi adresséiert an ëm Ënnerstëtzung gebueden. Washington ass enger militärescher Interventioun net ofgeneigt, woubäi een sech iwwert de Réckhalt vun der Weltgemeinschaft freeë géif an vu Moskau erwaart sech erauszehalen. © Leo Alwares/sputnik

Datt de Verdacht géint de Manuel Christopher Figueira berechtegt ass, léisst sech un zwee Fakte festmaachen: zum engen ass hien, knapps datt hien entlooss gi war, ëffentlech géint de Regime virgaangen an zum aneren, hunn d‘USA d‘Sanktioune géint de geschasste Geheimdéngschtchef opgehuewen. Elo dann nei Sanktiounen, mat deenen d‘USA de Regime an d‘Knéien zwénge wëll.

Venezuela

Vun de Sanktioune betraff, sinn nieft de Geheimdéngschtfonctionnaire och amerikanesch an Auslännesch Entreprisen, déi an de beräicher Verdeedegung an/oder Sécherheet täteg sinn. Entreprisen aus dem Pëtrol- a Finanzsecteur ënnerleie schonns engem Handelsverbuet. Esou goufen zwee Schëffer op eng schwaarz Lëscht gesat, well si Pëtrol vu Venezuela no Kuba geliwwert hunn.

mat indymedia/clt

Ähnlech Sujeten CIA, Juan Guaido, Nicolas Maduro, US-Sanktiounen, Venezuela, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel