Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkeschen „Ugrëffskrich“ an Nordsyrien verstëmmt Washington
Neiegkeeten

Tierkeschen „Ugrëffskrich“ an Nordsyrien verstëmmt Washington

Si hunn den Ugrëffskrich méiglech gemaach, jo eigentlech erbäigefouert, a

UN-Weltdag vum Yoga an der Abtei Neimënster
Neiegkeeten

UN-Weltdag vum Yoga an der Abtei Neimënster

E Sonndeg, de 16. Juni 2019 huet déi Lëtzebuerger Federatioun

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

Lëtzebuerg huet esouwäit een dat bis ewell feststelle kann, déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, zumindest aus Siicht vum Gesondheetswiesen, gutt am Grëff. Sécher ass net alles perfekt a leider mussen och mir all Dag nei Affer vun dëser Infektiounskrankheet bekloen.

An datt sollt eis alleguerten derzou unhalen, och wann et engem schwéier fält, sech un déi jo elo awer ausféierlech bekannte Moossnamen ze halen. Dat bescht ass a bleift, wann ee kann och wierklech doheem ze bleiwen. Et ass net nëmmen de beschte Schutz fir sech selwer an all déi aner, et ass den eenzege Wee dee verhënnert, datt eise Gesondheetssystem iwwerlaascht gëtt.

Laut dem leschte Bilan am Kontext vun der Progressioun vun der Pandemie, gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell 2.319 bestätegt Infektiounsfäll. 29 Persoune sinn un de Suitte vum Covid19 verstuerwen. Ënnert de genannten Infektiounsfäll sinn och 324 net-Residenten. Bannent 24 Stonnen huet eng Zounam vun 141 neien Erkrankunge ginn, 6 Leit si vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gestuerwen.

Säit Ufank vun der Kris sinn 18.690 Tester gemaach ginn an et geet zügeg virun. Mee et gëtt net nëmme gestuerwen. Aus dem CHL gouf et gëschter déi erfreelech Matdeelung, datt ee Patient, dee schwéier infizéiert war, als „Geheelt“ konnt entlooss ginn. D‘Reanimatiounsekipp U33-CHL huet dës Informatioun via Twitter erausgejot, an datt sollt eis Hoffnung maachen.

Mat Hoffnung eleng awer kann een, grad esou wéineg wéi Bieden hëlleft, dësem Virus net géinteniwwer trieden. Mir musse selwer derzou bäidroen, datt dës Infektiounskrankheet esou mann Schued uriicht wéi iergendwéi méiglech. Dat geet nëmme wa mir eisem Gesondheetssystem zolidd de Réck stäipen. Drot wann ech gelift den Appeller vun de Fleegkräfte Rechnung.

Wann et fir keen einfach ass, mat dëser ni do gewieschte Kris ëmzegoen, an och wa keen eis ka soen, wéini dat op en Enn gëtt, mir sollten et ausnamsweis versichen, deene wou als eenzeg eist Liewen erhale kënnen, net nëmme mat Respekt ze begéinen, mee virun allem nozelauschteren. Maacht iech an déi aner net duerch schlechte Beholl krank, et kann déidlech ausgoen…

Foto: © Reanimatiounsekipp U33 CHL (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Fleegepersonal, Pandemie, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel