Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt
Neiegkeeten

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt

Hie kann och schonn emol eppes méi granzeg drakucken. Riets

victoria bc dating
speed dating saarland
Neiegkeeten

De politesche „Finanzfeminismus“

Geet en nom Wëlle vum Ursula von der Leyen, soll

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
Neiegkeeten

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“

Lëtzebuerg dat éischt Land dat sech eng Strategie fir Landwirtschaft am urbane Raum gëtt

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“

Am Kontext vun der Konferenz „Living City“ huet d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) sech der Landwirtschaft am urbane Raum ugeholl. „Urban Farming“, dat ass ekologesch a sozial. Leescht e grousse Beitrag fir déi zirkular Wirtschaft a mécht gro Stied faarweg.

Mee wat dierf sech de Mënsch dorënner virstellen? De Notze vun der Landwirtschaft am Urbane Raum hunn d‘Amerikaner längst ugeholl, woubäi et hei och deels aus der Nout eraus entstanen ass. Wat an éischter Linn geduecht war och deenen Äermste gesond Liewensmëttel zougänglech ze maachen, huet en immensen ekologeschen Impakt, a passt zum Wëllen nohalteg ze bauen.

Urban Farming zu Lëtzebuerg riicht sech esouwuel un déi Professionell wéi d‘Privatleit. Et geet ëm Gemeinschaftsgäert, wéi och ëm d‘ziichte vun Uebst a Geméis op den Diecher vun der Haaptstad. An natierlech gliddert sech de Projet an d‘Objektiver vun der nohalteger Entwécklung, esou wéi dat an der Agenda 2030 festgehale gouf. Et soll esouguer eng Demande vun de Bierger dofir ginn hunn.

Interessant an dësem Fall ass et ze notéieren, datt Landwirtschaft am Urbane Raum duerchaus e wirtschaftlechen Notze kann hunn. Déi mannst hei am Land sinn sech bewosst, datt eis Landwirt nëmme ronn 3% vum Besoin un Uebst a Geméis produzéieren. Dobäi wieren zweedrëttel vun den Awunner bereet méi fir e lokaalt Produkt ze bezuelen. Dat ass eng éischter gewoten Thees mee….

Gréng Stied

Gewosst ass dann awer, datt d‘Landwirtschaft am urbane Raum, grad an Zäite vu Klimawandel an Naturschutz, e groussen a virun allem nëtzleche Schratt an déi richteg Richtung bedeit. Esou gëtt net nëmmen d‘Stad duerch den „Urban Farming“ eppes méi faarweg an de Bierger kann d‘Friichten dovunner och tatsächlech notzen, mee och d‘Loftqualitéit gëtt esou wiesentlech verbessert.

Wann een deem nach den Ausbau vun der Photovoltaik am urbane Raum zourechent, a firwat net och Zären op de Diecher opriicht, ass ee matten dran an der „nohalteger Entwécklung“. De Generaldirekter vum Rot fir déi ekonomesch Entwécklung vum bau (CDEC), – deen och den Organisateur vu „Living City“ ass – hat nach e puer Hannergrondinformatioune parat.

Esou konnt ee gewuer ginn, datt de Bruno Renders zanter engem gudde Joer mam Ëmwelt, Energie- a Landwirtschaftsministère zesummeschafft. An dësem Aarbechtsgrupp hätt ee sech emol fir unzefänken op d‘Definitioun „Urban Farming“ missen eenegen. Et gëtt Projeten an alle Gréissten, ëffentlecher a privater, mee och kommerzieller. Dat muss een emol alles ënnert een Hutt kréien.

Bei der Landwirtschaft am urbane Raum geet dann allerdéngs net nëmmen ëm Uebst a Geméis. Hei sollen och sougenannt „funktionell“ Planzen eng Heemecht erhalen. Hie geet zudeem ze bedenken, datt mat den Zären 4.0 esouwuel d‘Loft ka gebotzt ginn, wéi sech och Energie produzéiere léisst. A bedenkt: mir stinn hei eréischt ganz am Ufank, wat heescht: do ass nach villes méiglech…

Ähnlech Sujeten Bruno Renders, Carole Dieschbourg, CDEC, Ekologie, Living City, Urabn Farming
Nächsten Artikel Virrechten Artikel