Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn
International 100 free messaging dating sites

https://moien.lu/dating-4-you/

Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter

https://moien.lu/cbd-dating/
International 100 free messaging dating sites

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit

Se hu gewielt d‘Männer a Fraen aus de Bierger, an

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck
International 100 free messaging dating sites

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck

Relativ waarm, mat gutt vill Sonn awer liicht ze dréchen:

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

An Australien ass d‘Stëmmung ugesiichts dem Klimawandel schlecht. Déi extrem Hëtzt an d‘Stierm huet de Korallen, den Mangroven an dem Séigras immens zougesat. Gleeft een der Etüd vun der Regierungsinstitutioun „CSIRO“ sinn d‘Verännerungen deels net méi ëmkéierbar.

De Problem ass net vu gëscht. Zanter Joren hunn extrem Wiederkonditiounen den Ekosystemer an Australien esou schreckleche Schued ugedoen, datt Verschiddenes net méi ze rette wäert sinn. Hëtzt am Mier, onmoosseg Néierschléi duerch tropesch Stierm an d‘Dréchent hunn de Bestänn vu Korallen, Séigras a Mangroven net gutt gedoen. Déi hu sech dann och grondleeënd verännert.

Am Onlinejournal vu „Frontiers in Marine Science“ hunn d‘Wëssenschaftler vu CSIRO hir Etüd publizéiert, dorausser geet däitlech ervir, datt verschidde Verännerungen deraart Konsequenzen hunn, datt de Prozess net méi ëmgekéiert ka ginn. Anerer bréichte Joerzéngte fir sech ze erhuelen. Op iwwer 8.000 Kilometer Küst sinn d‘Koralle verblatzt, dat heescht et stinn nach just d‘Skeletter.

Eng vun den Haaptursaachen ass, datt sech d‘Organismen net esou de klimatesche Verännerungen upasse kënnen, wéi de Mënsch se virundreift. Dozou déi verschidde Wiederphänomer wéi Zyklon an/oder Hëtztwell, déi ëmmer méi heefeg a méi laang optrieden… Eppes dogéint ze ënnerhuelen, dat wier batter néideg, heescht et. Mee wann d‘Leit net un de Klimawandel gleewen ass et schwéier.

mat indymedia/syd/koa

Foto: Wa vun ausbleeche bei Koralle rieds ass, da bedeit dat, datt d‘Koralle ganz kleng Algen ofstousse mat deenen si eigentlech sollte a Symbios liewen. Sinn déi fort da bleift nach just d‘Skelett vun der Korall iwwreg.

Ähnlech Sujeten Australien, CSIRO, Ekosystemer, Klimawandel, Korallen, Mangroven, Séigras
Nächsten Artikel Virrechten Artikel