Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Halogen war gëschter… haut muss et eng LED sinn“
https://moien.lu/dating-service-jacksonville-fl/ Neiegkeeten https://moien.lu/my-freshman-daughter-is-dating-a-senior/

indian dating culture in america

Zanter dem 1. September ass et an der EU verbueden

thrill dating app for android
https://moien.lu/dating-service-jacksonville-fl/ Neiegkeeten https://moien.lu/my-freshman-daughter-is-dating-a-senior/

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer

Um Mëttwoch Mëtteg huet de Grand-Duché déi traureg Nouvelle kritt,

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!
https://moien.lu/dating-service-jacksonville-fl/ Neiegkeeten https://moien.lu/my-freshman-daughter-is-dating-a-senior/

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!

Och fir e François Bausch (déi gréng) gëtt et Limitten,

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)

US-President gëtt vu psychesch gestéierten Täter aus an uerdent Trauerbeflaggung un

Staatstrauer no de Schéissereie vun El Paso an Dayton (eng Analys)

Bannent 24 Stonne war et an zwou amerikanesche Stied zu Ugrëff op d‘Fräiheet komm, wéi zu El Paso (Texas) an Dayton (Ohio) 29 Mënschen an ee vu vun den Täter bei Waffegewalt zu Doud komm sinn. Et säit Ufank dësem Joer dee schwéierste Virfall dëser Aart. Den US-President huet fënnef Deeg Trauer an Trauerbeflaggung ugeuerdent.

Interessant an erschreckend zugläich: an Amerika ass vu „Massaker“ rieds, awer eigentlech – an et ass just den „Zuele“ geschëlt – ass et an de USA e banale „Fait Divers“. Zanter Ufank dem Joer sinn an Amerika schon 250 dëser Virfäll ze notéieren, an nëmme wann et sech och international „lount“ doriwwer ze beriichten, da muss de Milliardär Gefiller weisen an et ass jo och scho Wahlkampf

El PasoWährend dem Donald Trump seng politesch Géigner sech drop behaapten, datt et grad seng Aart a Weis ass – esou wéi hien sech an der Ëffentlechkeet ausdréckt an d‘Stëmmung ophëtzt – déi zu dëse Virfäll verleet. Déi Virwërf pralle vum Milliardär of. Hien huet d‘Dote mediewierksam veruerteelt: „Haass huet an eisem Land keng Plaz“. Ausser natierlech dëse wier berechtegt oder presidentiell.

Aus aller Welt gëtt kondoléiert, dat well et sech esou gehéiert an d‘Bierger vun den USA et verdéngt hätten. Wierklech eescht ze huelen ass dat alles net, esou banal sinn dës Dote ginn. Et ass dann och onerhieflech datt d‘Police dovunner ausgeet, datt béid Doten net an Zesummenhang stinn. Zeréck bleift déi fachmännesch Erkenntnis vum US-President, datt d‘Täter psychesch krank musse sinn…

Friemefeindlechen Hannergrond

Dofir muss kuerz op d‘Virfäll zréckgebléckt ginn. E Samschdeg zu El Paso, huet géint 10.30 Auer Lokalzäit, en 21 Joer jonken a wäissen Amerikaner an engem Akafszenter op Clienten a Passante geschoss. Bannent kuerzer Zäit hat hien esou 20 Mënschen néiergestreckt an der 26 verletzt. Bei der Waff huet sech ëm e Gewierer gehandelt, datt de Stuermgewierer vun der Arméi noempfond ass.

El PasoDe Policechef vun El Paso huet zum Ausdrock bruecht, datt et soll e Manifest ginn, wat en Hiwäis op en Haassverbrieche wier. Dat géif allerdéngs schon d‘Wiel vun den Affer – déi meescht hunn en hispanesche Migratiounshannergrond – zouloossen. De Buergermeeschter huet bestätegt datt den Täter net aus der Géigend staamt, mee d‘Stad wéinst der Noperschaft zur Grenz ausgesicht huet.

A während e Milliardär vun „Geeschtlech Gestéiert“ téint, stuuft d‘US-Bundesstaatsanwaltschaft de Virfall zu El Paso als „inlänneschen Terrorismus“ an. De Procureur wëll den Täter wéinst Mord an Haassverbriechen ukloen, wat automatesch dem Bouf säin Doudesuerteel géif bedeiten. De Jaime Esparza ass de Bezierksprocureur, huet hispanesch Wuerzelen, a léisst keng Zweiwel opkommen…

Politesch Weiderverwäertung

Mexiko trauert zwar och, mee politesch kënnt de Virfall hinnen entgéint. De President vu Mexiko, Andres Manuel Lopez Obrador, huet d‘Dot vun El Paso schaarf veruerteelt an seng „Message“ via Video weidergeleet. Ënner den Affer sollen 3 Mexikaner sinn, weider 6 senger Landsleit wieren ënnert de Blesséierten, dorënner e jonkt Meedche vu grad emol 10 Joer. A wien hunn Schold drun?

El PasoDatt et zu esou Virfäll komme konnt, wier der Hetzrhetorik vun enger Persoun geschëlt déi gudden Zougank zu de Medien hätt, esou de mexikanesche Vizeausseminister, Jesus Seade. De President huet sengersäits rechtlech Moossnamen ugekënnegt, déi den an den USA liewende Mexikaner e besser Schutz garantéiere soll. Dat ass zwar voll aus der Loft gegraff, mee esou geet Politik.

An et léisst sech beim beschte Wëllen och net vun der Hand weisen, datt den Donald Trump, deen alles wat aus Südamerika kënnt „kriminell a geféierlech“ nennt, duerchaus als „Papp vum Gedanke“ ka betruecht ginn. Erënnere mir kuerz dorunner, datt et hie war deen am éischte Wahlkampf behaapt huet, hie kéint op oppener Strooss „e schlechte Mënsch“ erschéissen an d‘Leit géifen applaudéieren.

Een „Ongléck“ kënnt seelen eleng

Während sech d‘Welt zum Virfall an Texas an de sozialen Netzwierker ausgelooss huet, koum et e puer Stonne méi spéit zu Dayton am Bundesstaat Ohio op en neits zu enger Schéisserei. Um Sonndegmueren 1 Auer (Lokalzäit) huet e weidere wäisse jonke Mënsch vu 24 Joer am Oregon Distrikt (déi historesch Alstad) bei der Ned Pepper Bar onvermëttelt d‘Feier op d‘Leit erëffent.

El PasoSéier waren 9 Mënschen dout, 29 goufe blesséiert an d‘Police huet den Täter néiergestreckt. Laut der Police, soll den Täter – dee vum Donald Trump ass psychesch Krank agestuuft gëtt – heibäi seng eegen 22 järeg Schwëster iwwert de Jordan befërdert hunn. Och an dësem Fall ass säitens der Police vun enger Waff rieds, déi engem Krichsgewier ähnlech opgebaut ass.

Fir d‘Buergermeeschtesch vun Dayton, Nan Whaley (Demokrat) déi vun dësem Virfall iwwerrascht ginn ass, war et un der Zäit sech anzegestoen, datt een dëser Gewalt hëlleflos ausgesat ass, an datt näischt vun deem wat ee seet, de Mënschen hëllefe kann. Net den Affer an net deenen hire Famillje, Frënn a Kollegen. Dat dierften ee bei „Gun Violence Archives“ eppes differenzéiert gesinn…

Den übleche Quatsch

Wéi ëmmer wann esou en amerikanesche „Fait Divers“ iwwert den Atlantik schwuppt, sinn déi Virfäll eng wëllkomm Geleeënheet politeschen Aktivismus virzetäuschen. Dat ass dem Asaz vu Gruppe geschëlt, déi wéi „Moms demand action“ no „Heelmëttel géint d‘Waffegewalt“ sichen. Wahlkampf spillt eng Roll an esou spillen déi demokratesch Kandidate mat der Messersschneid.

El PasoSi fuerdere besser Gesetzer fir déi et keng Majoritéit gëtt. Si kritiséieren d‘Verbreedung vun den hallefautomatesche Waffen, déi am Gebrauch an am Look Krichsgewierer ähnlech sinn. Esou Waffen hätten näischt an ziviliséierte Gemenge verluer. De féiere Vizepresident Joe Bidden huet keng Hemmung de Feind mam Numm ze nennen: dat ass „National Rifle Association“ (NRA).

Wann et net verkéiert ass ze behaapten datt dëse Verband ganz vill Muecht huet, esou kann een der NRA net alles ukräide. Si fuerdert keen zu esou Doten op an ënnerstëtzt och net déi Ideologien déi sech hannert dësen Dote verstoppen. Et ass den zweeten Amendement an der Verfassung, deen all Amerikaner d‘Recht op eng Waff garantéiert, dee wéi e Magnéit Täter an Affer zesummeféiert.

mat indymedia/was/hou/col

Ähnlech Sujeten Dayton, Donald Trump, El Paso, NRA, Schéisserei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel