Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Heavy Metal aus der Mongolei – Traditioun trëfft op haart Musek
Kultur Neiegkeeten

register pof dating site

Ënnerhalb vu kuerzer Zäit hu si mat nëmmen zwee Videoen

https://moien.lu/dating-after-divorce-focus-on-the-family/
Kultur Neiegkeeten

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt

Hie kann och schonn emol eppes méi granzeg drakucken. Riets

Virliesung vum Armel Job – franséisch Literatur vum Feinsten!
Kultur Neiegkeeten

Virliesung vum Armel Job – franséisch Literatur vum Feinsten!

Kommenden Dënschdeg gëtt zu Ettelbréck eng Virliesung vum belschen Auteur

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!

Un dësem Weekend komme Musek-Fans aus alle Beräicher nees op hir Käschten. Mat der eemoleger Opmaachung gëtt den e-Lake festival all Joer nees zu engem immense Festivalerliefnis. D’Virfreed op Bosse, Querbeat, Cosmic Gate a Co steigt!

Zënter 1996 lackelt de Festival um Iechternacher Séi musekbegeeschtert Leit aus ganz Lëtzebuerg an der Groussregioun un. Och d’Editioun 2019 vum Open-Air Festival bitt op iwwer 10.000 m² een décke Programm, deen op den 2 Bühne stattfanne wäert. Vum 9. bis den 11. August 2019 ginn esou nees iwwer 20.000 Visiteuren erwaart. An jo, si sinn hirem Prinzip trei bliwwen an den e-Lake festival iwwerzeegt weiderhi mat der gratis Entrée.

De Programm 2019

Wéi schonn an de Jore virdru wiesselt de Musek-Stil vun Dag zu Dag. Wärend Freides national an international Gäscht mat Rock, Pop an Hip Hop d’Fans begeeschteren, leeë Samschdes DJ’s mat hirem Mix aus Party-Musek, Techno an Trance op. Als perfekten Ofschloss gi Sonndes mat Lëtzebuerger Sounds eis Ouere beandrockt.

Wärend den 3 Deeg steet also Folgendes un:

  • Freides, den 9. August 2019: Bosse, Motrip, Querbeat, De Läb, Brett, The Disliked, District7, Heartbeat Parade, Wilczynski, Fusion Bomb, Trappers, Hotrox & Harvey Dentist, Maka MC, Le Vibe, Nicool, Apollon Beatbox
e-lake

BOSSE ab 23:10 Auer op der Main Stage

  • Samschdes, den 10. August 2019: Cosmic Gate, Ben Nicky, Mark Sixma, Gayle San, Jay Deep, Waztoo, Netty Hugo, Danth b2b Youree, AL-x, IQ Talo, Krag, AMFA b2b IH4xx3R, Ronny Muller, Thierry_W b2b Patrice, Annina b2b Lucia, Leon Peiya, Owsley b2b Junoir, Fade, Benjamin Parx
e-lake

COSMIC GATE ab Mëtternuecht op der Main Stage

  • Sonndes, den 11. August 2019: Schëppe Siwen, Toxkäpp, D’Cojellico’s Jangen, Steve R.I.O.T. B2b Dr. Gonzo, Plemm Plemm Soundsystem
e-lake

SCHËPPE SIWEN ab 18:40 Auer op der Main Stage © Paradox 8

De ganze Programm mat allen Auerzäite kënnt Dir HEI eroflueden.

Weider wichteg Informatiounen

  • Parken: De Festival bitt genuch Parkplaze fir all Gefierer. Bei der Afaart an de Parking-Beräich direkt um Site mussen 10 € pro Gefier bezuelt ginn.
  • Shuttlebus: Drénken an Auto-Fueren ass keng ideal Kombinatioun. Gräift dofir op ee vun den 9 Shuttlebusser zeréck. D’Fuerpläng fannt Dir HEI.
  • Campen: Natierlech kann een och bei dëser Editioun nees beim Séi campen. Ab Donneschdes um 14:00 Auer ass de Site fir opzeriichten op. De Präis läit bei 35 € plus 10 € Müllpfand.
  • Offall: Duerch de wuessende Problem mam Offall huenn d’Organisateuren d’Initiative „e-Lake goes green“ an d’Liewe geruff. Mat diverse Recycling Partner ginn d’Visiteuren encouragéiert, hiren Dreck ze reduzéieren, ewech ze geheien an ze trennen. Mat Moossnamen, wéi beispillsweis der Offer vun engem gratis Gedrénks bei 20 gesammelte Bechere soll d’Natur ronderëm de Séi schützen.
  • Verbuet: Wéi op all Open-Air-Festival ass och beim e-Lake festival d’Matbrénge vu Glas-Fläschen, Gedrénksbéchsen, alkoholeschem Gedrénks, Déieren, Miwwelen, Drogen a Waffen net erlaabt. Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer dierfe just a Begleedung vun enger persounesuergeberechtegter Persoun op de Festival kommen.

Weider Detailer, Spillpläng an Informatiounen zur Geschicht vum Festival um Iechternacher Séi fannt Dir ënnert www.e-lake.lu.

Opmaacherfoto © Yannick Schmidt

Ähnlech Sujeten Ben Nicky, Bosse, Cosmic Gate, e-Lake festival, Iechternacher Séi, Motrip, Musék, Open-Air Festival, Querbeat, The Disliked
Nächsten Artikel Virrechten Artikel