Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt mockeleg – Passt op Iech, Är Matmënschen an Hausdéieren op!
Neiegkeeten

Et gëtt mockeleg – Passt op Iech, Är Matmënschen an Hausdéieren op!

Am Laf vun der Woch wäert de Summer nees beweisen,

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…
Neiegkeeten

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…

Am Laf vum Liewe leit, statistesch gesinn, 1 vu 4

surprise
Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison
Neiegkeeten

Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison

Nodeems um virleschte Sonndeg de Match géint den CHEV Dikrech

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

An der Chamber huet d‘CSV d‘Regierung interpelléiert an dobäi ganz vergiess dat si et waren, déi sengerzäit d‘Jalone geluecht haten, déi zu enger Situatioun gefouert huet, déi si elo bekloen

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de Räichtum am Land ënnert sech opgedeelt hunn, ass et sécherlech kee Grond onroueg ze ginn. Wat déi aner méi aarm ginn, wat si méi räich ginn. An dat soll sech méiglechst och net änneren. Politesch ass et ee brisante Sujet, well nach dierfen déi aarm wielen an sech politesch engagéieren. Mee mat politeschem Gebraddels ass hinnen net gehollef…

Mee wann d‘Politik keng Léisung huet an d‘Geld net dohinner siche geet wou et ënnerbruecht ass, da brauch et eng gewiefte Rhetorik. Interessant awer och de Constat, datt d‘Interpellatioun am Bezuch op déi ëmmer gréisser Gefor vun der Aarmut – der bestoender wéi der ze erwaardender – vun der CSV kënnt. Si déi Joerzéngtelaang un der Muecht waren, hunn et schliisslech erméiglecht.

Dat war allerdéngs virun der Zäit vum Paul Galles, e Konservative mat eppes méi sozialem Gefill, an deen huet sech da gëschter um Krautmaart a senger Interpellatioun och op d‘Publikatioun vun Eurostat bezunn, an där et heescht, datt 106.000 Menage vun der Aarmut betraff wieren. Dovunner sinn en Drëttel (32%) Portugisen an bal d‘Hallschent (46%) sinn monoparental Menagen.

Sozial Exklusioun

An hei verweist den CSV-Deputéierten op en interessante Fakt: laut dem Paul Galles wier et Feeler d‘Aarmut eleng um finanziellen a materielle festzemaachen. Déi misst een och aus psychologescher Siicht ugoen, well d‘Aarmut zur sozialer Exklusioun bäidréit. Dat gesot, dierf een awer feststellen, datt d‘Aarmut vun enger ganzer Rei Faktoren ervirgeruff gëtt, déi gesellschaftlech gewollt sinn.

Esou de mëttlerweil onbezuelbaren Accès zu Wunnraum, deels och de Chômage an/oder all déi wou trotz fester Aarbecht „aarm“ sinn… Deem misst een entgéintwierken, esou Paul Galles, deen ee Plaidoyer fir d‘ADEM, d‘Indexéierung vum de Familljenzoulagen, d‘Hausse vum Steierkredit fir elengerzéiend Elteren an d‘Schafe vun ëffentlechem Wunnraum gehalen huet.

Et misst een sech zudeem verflichten, bei de neier Steierreform méi Gerechtegkeet afléissen ze loossen… Vun de Koalitiounsparteie gëtt dem Kolleg aus der Oppositioun entgéint gehalen, datt d‘Regierung scho ganz vill Schrëtt ënnerholl hätt an et a ville Beräicher massiv Verbesserungen ze notéiere gëtt: den RMG (elo de Revis), de Mindestloun an d‘Akommes fir Mënsche mat Handicap.

D‘Zukunft nei orientéieren

Interessant dann awer och d‘Wuertmeldung vum Tess Burton (LSAP). Si ass iwwerzeegt, datt d‘Bildung (Schoul) essentiell ass, fir de Mënschen an Zukunft e séchert a liewenswäert Akommes ze garantéieren. Stëmmt leider nëmmen zu Deel, well et setzt viraus, datt een engersäits eng Aarbecht kritt an dës dann och entspriechend de Fäegkeeten an der Leeschtung bezuelt gëtt.

Zesumme mam Djuna Bernard (déi gréng) stellt si dann och nach fest, datt d‘Politik am Kontext vum Klimawandel, de Mënschen déi engem Aarmutsrisiko ausgesat sinn muss zerguttst kommen. Wéi dat vu Kaviarsozialisten an neoliberalen Ekologiste – vun deenen der elo net wierklech vill riskéieren zu den „Aarmen“ ze gehéieren – wëll ëm- oder duerchgesat ginn, gouf net gesot.

Fir de Jeff Engelen vun der ADR ass déi genannten Aarmut e Resultat vun enger Politik déi eenzeg zugonschten de Bessergestallte bedriwwe gëtt. De Marc Baum (déi lénk) weist drop hin, datt dës Aarmut net vum Himmel gefall ass, mee bewosst duerch eng verfeelte Politik an zwee Joerzéngten erbäigefouert gouf. D‘Liberaliséierung vum Wunnengsmaart fir dat beschte Beispill dofir.

D‘Stater Geschäftsfra kontert

Zu deenen um Krautmaart geäusserte Virwërf huet sech d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) positionéiert, an hei och direkt drop higewisen, datt en Aarbechtsgrupp sech mat engem „Referenz-Budget“ fir déi vulnerabelst beschäftegt. D‘Erkenntnisser vun dëser Reflexioun sollten nach am Laf vum Joer virleien. Wat „Aarmut trotz Aarbecht“ betrëfft, esou ass eng Beschäftegung och weiderhin déi beschte Versécherung géint d‘Ofrutschen an d‘Aarmut, heescht säitens der Familljeministesch.

Si ass net wierklech op déi vum Paul Galles opgeworfen Detailer a Wuertmeldungen agaangen, mee huet nach emol den Deputéierten d‘Strategie vun der jëtzeger Regierung géintiwwer dem globalen Aarmutsproblem aus dem Äermel gezunn. Déi selwecht Chance fir jiddereen an der Bildung, d‘Promotioun vun de Sproochen an d‘Stäerkung (finanziell) vun de monoparentale Menagen…

Wann d‘Corinne Cahen zouversiichtlech ass, datt ee bei dësen Themen um gudde Wee wier, esou weess si, datt d‘Kris am Logement am Kontext vun der Aarmut och en zentraalt Thema ass. Datt deen eigentlech net méi ze léisen ass, et sief et traut sech een politesche Courage ze weisen, dat schéngt och der Ministesch bewosst. Si luet d‘Gemengepäpp an der Sozialer Immobilienagence (AIS) déi eidel Wunnengen an hirem Anzuchsberäich ze mellen. Op et domadder gedoen ass?

Méi Hoffnunge bitt de „Logementspakt 2.0“ vun deem sech d‘Regierung, d‘Chamber an och esou zimmlech all Lokalpolitiker eng Äntwert, op déi jo erwisenermoosse katastrophal Situatioun vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart, erwaarden. Woubäi et eigentlech kee Pakt brauch, mee endlech d‘Gesetzer sollten applizéiert a Steiervirdeeler mussen ofgebaut ginn. Dat wäert net geschéien…

Illustratioun. ArthurYeti / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarmut, Chamber, Interpellatioun, Krautmaart, Lëtzebuerg, Logementskris, Logementspakt 2.0
Nächsten Artikel Virrechten Artikel