Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien
Neiegkeeten Stories

Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien

Solidaritéit mat Katalounien, dat ass keen Dossier fir d’Regierung. Et

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Neiegkeeten Stories

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!
Neiegkeeten Stories

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!

Nodeems den italieneschen Architekt Stefano Boeri zuelräich beplanzt Gebaier op

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?

Geféierlech, Verschwendung vu Ressourcen a keng juristesch Sécherheet

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?

Den Hype ronderëm déi elektresch Trottinett impaktéiert scho gewalteg eis Noperen. D‘Accidenter mat Doudesfolleg si längst Alldag an och den Ëmgang mat eben dësen Trottinettë léisst zolidd ze wënschen iwwreg. Däitschland a Frankräich hunn oder sinn am Begrëff ze legiferéieren. Wéi ass et zu Lëtzebuerg gesetzlech geregelt?

Esou wéi et sech presentéiert, géifen d‘Trottinetten deene selwechte gesetzleche Bestëmmunge wéi déi elektresch Vëloen ënnerleien. Dat festgestallt, dierf hir Vitesse 25 Stonnekilometer net iwwerschreiden, den Asaz ass streng op d‘Vëlospiste begrenzt (an d‘Strooss wann et keng Vëlospist gëtt). Ass esou ee Gefier méi séier wéi déi virgeschriwwe 25 Km/H, dann dierf et nëmmen um Privatterrain genotzt ginn. Esouwäit den Text, deen natierlech och vu jidderengem behäerzegt gëtt.

Am Mobilitéitsministère hu se dann elo och en Aarbechtsgrupp op d‘Bee gestallt, dee sech mat dëser „Mobilitéitsalternativ“ ze beschäftegen huet. Hei dierf een drun erënneren, datt am Mee de Minister fir Verkéiersonsécherheet ganzer 33 Moossnamen am Kader vum Aktiounsplang „Sécurité Routière“ (2019-2023) virgestallt hat, déi zum Zweck hunn, all déi nei Mobilitéitsalternativen – zu deene gehéieren dës elektresch Trottinetten – ze reglementéieren. Ob dat méi Sécherheet bréngt?

Hale mir dann och fest, datt et net een Aarbechtsgrupp ass, dee sech mat den 33 Mesurë befaasst, mee verschidden Equippen sech dat opdeelen. Wat d‘Trottinett betrëfft, esou ass de Ministère entschloss, ee kohärente legale Kader unzebidden. Där een, deen d‘Notzung an aller Sécherheet op den ëffentleche Verkéiersweeër garantéiert. Fir den Ament muss ee sech domadder zefridde ginn, datt dëst Gefier am Code de la Route wéi en Elektrovëlo (pedelec25) behandelt gëtt.

Et ass keng Spillsaach

Interessant bei der e-Trottinett: si gëtt vum Ministère net als „Spillsaach“ betruecht, firwat eng Notzung streng op d‘Vëlospist an/oder d‘Strooss begrenzt ass. Si musse Luuchten hunn an eng Brems ass och virgeschriwwen. Eng technesch Kontroll ass den Ament net virgesinn an – et geet schliisslech ëm d‘Sécherheet – et besteet keng Helmflicht, also géigewäerteg nach net…

Um Ministère ass een deemno der Usiicht, datt wann ee mat engem Gefier „op der Strooss“ mat bis zu 25 Stonnekilometer ënnerwee ass – woubäi d‘Silhouette vum Cyclist schonn zimlech „kleng“ ass – den Helm op der Trottinett manner sécherheetsrelevant ass wéi Luuchten. Zudeem ginn de Kanner hir e-Trottinetten och weiderhin als Spillsaach betruecht, wouduerch déi da schonn dierfen um Trottoir genotzt ginn. Wa si mat Erwuessenen ënnerwee sinn, mussen awer och si op d‘Strooss.

E weideren Aspekt, deen éischter net berécksiichtegt gëtt, ass déi sougenannt Plus-value. Dëst awer eppes drolegt Gefier gëtt als „déi Alternativ“ fir de „leschte Kilometer“ bezeechent. Dat heescht, et soll de Wee vum Busarrêt, der Gare oder esouguer dem P&R verkierzen. Datt et wiesentlech méi gesond – a méi ëmweltfrëndlech – wier dëse Wee ze Fouss ze maachen, kënnt kengem an de Sënn.

Mee et ass mat den Trottinettë wéi mat villem: et geet hei net ëm de Notzen u sech, mee an éischter Linn ëm de Business. A beim Geld geet et seelen ëm Naturschutz an/oder Sécherheet, mee strikt ëm de Profit. Déi negativ Auswierkunge gi vun der Allgemengheet gedroen, wat heescht: de Profit ass individualiséiert, de Schued gëtt vun der Allgemengheet iwwerholl. Zudeem sinn dës Gefierer alles anescht wéi ekologesch. An dat weder an der Produktioun an Entsuergung, nach am Gebrauch.

D‘Assurancë spille mat

Datt de Marché vun der e-Trottinett och vun den Assurancen als potentiell „profitabel“ betruecht gëtt, huet an éischter Linn eppes mat de Konditiounen ze dinn. De Client besuergt an der Regel och de Vendeur deen engem esou e Gefier undréint, dat Klenggedréckt am Text kritt souwisou kee mat a wien dann ouni Helm, Händschen a wat soss verlaangt ënnerwee ass, sollt besser net domadder op d‘Schnëss goen. A méi generell: wien ze blöd ass Vëlo ze fueren, brauch och keng Trottinett.

Fir et ze verdäitlechen: sech mat der e-Trottinett bei 20 Stonnekilometer op d‘Panz leeën ass alles anescht wéi e Spaass. Déi méiglech Verletzungen déi ee sech – och bei ugepasster Kleedung wéi Helm an zumindest Händschen – hei zouzéie kann, ënnerscheeden sech zudeem vun deenen, déi ee sech bei selwechter Vitess mam Vëlo zouzéie kann. A mat der e-Trottinett ass wéi mat allem aneren och: alleguerte ginn se un där Minoritéit bemooss déi sech entspriechend de Batti stellt. Denk drun.

A well et grad esou flott ass: och bei der Asbl Sécurité Routière huet ee wéineg iwwreg fir dës Mobilitéitsalternativ. De Paul Hammelmann – dee Mann, dee scho gefuerdert huet, datt am Auto och eng Fräispriechanlag misst verbuede sinn well se een oflenkt – gesäit de politeschen Ëmgang mam Sujet net mat engem gudden Aen. Hien ëmschreift d‘Situatioun als „staatlechen a legale Chaos“ an als eng reell Gefor, besonnesch fir d‘Foussgänger. De Minimum wier zudeem d‘Helmflicht.

Foto: Et kléngt praktesch a gesäit aus wéi eng Spillsaach. Ekologesch sinn se net emol am Usaz, e Gefor fir Leif a Séil besteet och a wie mengt et wier „cool“, deen denkt wahrscheinlech och, datt Fëmme gesond ass. Alternativ Mobilitéit an allen Éieren, mee wa schonn, da muss et dofir kloer Reegele ginn an och eng technesch Kontroll muss et fir dës Gefierer – déi am Stroosseverkéier dierfen agesat ginn – ginn. (Thomas Wolter / Pixabay)

Ähnlech Sujeten Code de la Route, Douce Mobilitéit, e-Trottinett, Legislatioun, Mobilitéitsalternativ, Mobilitéitsministère, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel