Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus
International Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus

De STATEC: „Am Kontext vum global wirtschaftleche Wuesstemsréckgang huet Lëtzebuerg

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
International Neiegkeeten

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

Keng Covid-19-Hotline méi – Äntwerten op Froe ginn et awer nach!
International Neiegkeeten

Keng Covid-19-Hotline méi – Äntwerten op Froe ginn et awer nach!

Déi am Kader vun der sanitärer Kris opgebaut Covid-19-Hotline gëtt

Elektro-Mobilitéit: Wann d‘Welt op Lëtzebuerg bléckt

Elektro-Mobilitéit: Wann d‘Welt op Lëtzebuerg bléckt

Am Kontext vu senger Aarbechtsvisite an den USA, hat de Minister vir Verkéierschaos an Elektro-Mobilitéit Enn leschter Woch un der Konferenz „Transforming Transportation“ deelgeholl, déi all Joer vun der Weltbank an dem World Resources Institute zu Washington organiséiert gëtt.

Der Welt geet et schlecht, de Klima ass bei der Däiwel an op de siwe Kontinenter schéissen d‘Leit sech géigesäiteg dout. Just deene Räiche geet et (nach) gutt an elo soll d‘Ëmstellung vu fossille Brennstoffer op elektresch Energie am Transportwiesen, d‘Welt retten. Datt et net déi eenzeg, mee nëmmen eng vu Léisunge ka sinn, ass awer nees net esou ganz am Interessi vun der Wirtschaft.

Mee d‘Elektromobilitéit war natierlech och bei dësem „informelle“ Meeting e wichtege Sujet. De Vizepremier François Bausch (déi gréng) war ageluede ginn, fir eppes zur Inzidenz vum Transport op de Klimawandel ze soen. Et heescht, datt eleng dëse Secteur, fir 14% vun den Zäregaser verantwortlech wier, firwat et en onëmgänglech ass, och dëse Secteur séier ze dekarboniséieren.

Vum World Resources Institute (WRI) heescht et dozou, datt d‘Welt ee méi proppere System fir de Frachttransport (Fliger, Schëff a Camion) brauch, den urbane Raum sech méi op d‘Foussgänger an déi douce Mobilitéit (Vëlo / Trottinett) muss ausriichten, a generell méi elektrifizéiert muss ginn.

Erneierbar Energië ginn ëmmer méi bëlleg

Wann et richteg ass, datt déi elektresch Mobilitéit duerchaus méi a besonnesch am urbane Raum muss Uwennung fannen, esou kann et net déi eenzeg energetesch Ressource sinn, déi dierf agesat ginn. Dat och dann, wann déi erneierbar Energien an d‘Batterie ëmmer méi bëlleg ginn.

Fir de Minister war et zu Washington allerdéngs wichteg senge Gespréichspartner an Erënnerung ze ruffen, datt de Problem ee globalen ass an dësen aus méi Richtunge muss bezwonge ginn. Hien huet drop higewisen, datt et eben net géif duer goen sech drop ze konzentréieren, déi thermesch Energien duerch d‘Elektrizitéit ze ersetzen. Dat ass zudeem weder méiglech nach wierklech klimafrëndlech.

De François Bausch, huet erkannt, datt et esouwuel e Systemwiessel wéi och de gesellschaftleche Changement brauch. Laut dem Tram-Minister bedeit Auswäitung vun de Stroosseninfrastrukturen och d‘Ausbreedung vum Verkéier, also och dem Stau. Eenzeg d‘Multimodalitéit kann den Transport an d‘Mobilitéit generell nach retten, also bei der Kombinatioun vun allen Transportmëttel.

Elo op de Gedanken ze kommen, generell Gefierer mat „exzessivem“ Verbrauch (och elektresch) vun der Strooss ze huelen, méi Alternativen (Flësseggas, Waasserstoff, Hybridundriw etc) bei der Propulsioun ze berécksiichtegen, muss der Politik awer vun der Wirtschaft operzwonge ginn…

Foto: De Vizepremier zu Washington: „By simply replacing thermic by electric mobility, we electrify congestion“. © MMTP

Ähnlech Sujeten François Bausch, Konferenz, Transforming Transportation, Washington, Weltbank, World Resources Institute
Nächsten Artikel Virrechten Artikel