Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

Dossier Traversini: Elo iwwerhëlt de Misch!
Neiegkeeten

Dossier Traversini: Elo iwwerhëlt de Misch!

Am leidegen Dossier Traversini, huet d‘CSV hire Kampfgeescht nach laang

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert
Neiegkeeten

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert

Am UN-Sécherheetsrot hu se sech gëschter nees mam Venezuela beschäftegt,

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se

Zënter dem 1. August 2019 kann een eng Primm fir säin Elektroauto, Hybrid a Co ufroen. Dës finanziell Hëllef geet op eng Initiativ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung zeréck. Wéi de ganze Virgank soll viru sech goen, hu mir hei zesumme gefaasst.

Mat der Moossnam soll d’Bevëlkerung virun allem dozou encouragéiert ginn, sech fir d’Elektromobilitéit ze entscheeden, woumat déi nohalteg Mobilitéit ëmsou méi propper soll ginn. Beim Kaf vun engem zu 100 % elektresche Gefier (Auto, Camionnette, Quadricycle), dee mat Waasserstoff leeft, sou wéi engem Hybrid, deem seng CO2-Emissioune bei 50 g/kg leien, soll dës finanziell Hëllef méiglech sinn.

D’Primm kann dobäi all Proprietär oder Besëtzer vun engem zu Lëtzebuerg immatrikuléierte „proppere“ Gefier accordéiert ginn, egal ob et sech ëm eng physesch oder juristesch Persoun, ee Resident oder een Non-Resident handelt. Am Fall vu Leasing oder Locatioun ass et d’Persoun, déi um Certificat d’Immatriculation steet, déi vun der Hëllef profitéiere kann. Just wa si op hiert Recht verzicht an den Auto zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ginn ass kann d’Persoun, déi um Kontrakt steet, d’Primm kréien.

Natierlech steet och dës Moossnam ënnert verschiddene Konditiounen. Esou muss d’Gefier tëscht dem 1. Januar an dem 31. Dezember 2019 inclus eng éischt Kéier op Lëtzebuerger Stroossen gefuer an nach net virdrun am Ausland immatrikuléiert gi sinn. Dobäi muss d’Gefier spéitstens 6 Méint no der éischter Verkéiers-Zouloossung op den Numm vun der Persoun, déi d’Primm ufreet, ugemellt gi sinn.

Primm

Zu de Beträg

Folgend Primme kënnen accordéiert ginn:

  • 5.000 € fir Autoen a Camionnetten, déi zu 100 % elektresch sinn
  • 2.500 € fir Hybrid-Autoen an Hybrid-Camionnetten, deenen hir CO2-Emissiounen ënnert oder gläich 50 g/km sinn
  • bis zu 500 € fir folgend zu 100 % elektresch Gefierer: Quadricycle, Motorrad, Motocycle (125 cm³) a Cyclomotor (Scooter a Pedelec45). De Montant vun der Primm bedréit 25 % vum Präis (oTVA) vum Gefier, ouni dobäi 500 € ze iwwersteigen

Wie vun der finanzieller Hëllef profitéiere well, dee muss seng Demande bei der Ëmweltverwaltung erareechen an uschléissend ee Formulaire ausfëllen. Hei muss souwuel de Certificat d’Immatriculation mam Conformitéitscertificat (COC) dobäi geluecht ginn, wéi och eng Kopie vum Dokument, wat vum Elektrizitéitsfournisseur ausgestallt gëtt a beweist, datt spéitstens 6 Méint virun der Demande ee Kontrakt zur grénger Energie (zu 100 % erneierbar) ënnerschriwwe ginn ass. Dëst Dokument muss just vu juristesche Persounen ageschéckt ginn, déi een zu 100 % elektrescht Gefier oder een opluedbaren Hybrid hunn.

Bei Leasing oder Locatioun muss eng Kopie vum Kontrakt bäigeluecht ginn, sou datt een d’Intentifikatiounsnummer vum Gefier gesäit. Sollt Dir een elektresche Quadricycle, Motorrad, Motocycle (125 cm³) oder Cyclomotor hunn, muss déi acquittéiert Rechnung mat der Nummer an dem Datum vun der Rechnung, dem Virnumm an dem Numm vum Bewerber, dem Typ vum Gefier an dem Präis ouni TVA bäigeluecht ginn.

D’Primme sinn net kumuléierbar mat de Steiervergënschtegunge fir déi nohalteg Mobilitéit. Um Enn vum Joer wäert d’Regierung den Impakt vun dëser Moossnam analyséieren an eventuell Adaptatiounen duerchféieren.

Primm

Vläicht dach net esou gréng, wéi geduecht

Am Kampf géint d’Automobil-Verknaschtung an d’Äerderwiermung sinn Elektro-Gefier déi absolut Léisung! Esou gëtt et op alle Fall vun der Industrie duergestallt. Dobäi erzilt een elektreschen Zwee- oder Véierrieder eréischt ab ongeféier 150.000 km ee positive Klimabilan.

Kuckt een elo d’Hierstellung vun de Batterien, esou kommen déi verschidden Etüden op ganz ënnerschiddlech Resultater. Gewosst ass awer, datt de Stroum, mat deem d’Gefierer opgeluede ginn, nach ëmmer zum Groussdeel aus Kuele- a Gaskraftwierker kommen. Knapp 30 % komme vun erneierbaren Energien.

Donieft kloen d’Besëtzer vun engem E-Gefier och oft iwwert dat dënnt Statiounsnetz a laang Opluetzäiten. Dobäi kënnt, datt d’Lithium-Ionen-Batterien, laut den Notzer, just eng begrenzt Reechwäit hunn, an esou net mat dem Bensinner mathale kënnen. Wien sech kee BMWi3 oder een Tesla Model S leeschte kann, dee muss sech also op kleng Strecke beschränken.

Natierlech ass déi gréng Revolutioun, wat eis Fortbeweegungsmëttel ugeet, nach immens jonk. Verbesserungspotential besteet an natierlech schafft d’Industrie op dat bescht méiglecht Resultat hin.

Ähnlech Sujeten Elektromobilitéit, finanziell Hëllef, Hybrid, Leasing, Ministère fir Ëmwelt, Primm, Tesla, Waasserstoff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel