Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel
Auto https://moien.lu/25m-hook-up/

dating fish puns

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Spärung vum Gousseler Tunnel um Donneschdeg Owend
Auto https://moien.lu/25m-hook-up/

Spärung vum Gousseler Tunnel um Donneschdeg Owend

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt de Gousseler Tunnel muer den Owend

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer
Auto https://moien.lu/25m-hook-up/

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer

Et ass een Auto, den mat vill Nostalgie verbonnen ass.

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

No Problemer mat engem Tesla vun der Police, stellen sech eng Rei Froen

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss u seng Fro zum Tesla vun der Police – dee war bekanntlech den 22. Mäerz op der A1 „hänke“ bliwwen – den Transportminister gefrot, wéi et sech da mam aktuelle Code de la Route vereenbare léisst, datt e Gefier stoe bleift well him d‘Energie ausgaangen ass.

Gefierer mat engem Verbrennungsmotor, esou den Artikel 156, ass et ënner Strof verbueden, sech ausser am Fall vun „héijer Gewalt“ op Autobunnen ze parken. An dat gëllt fir den Noutstandsträifen, d‘Opfaarten an d‘Offaarten… also eigentlech iwwerall. Den eidelen Tank (Verbrennungsmotor) oder wéi am Fall vum Tesla, déi eidel Batterie, gëlle laut Gesetz net als héijer Gewalt.

Nodeems de Minister dem Deputéierten dunn och nach erkläert huet, datt den Tëschefall net am Kontext vun enger dréngender Missioun virkomm ass, stellt sech fir de Sven Clement d‘Fro, wéi domatter ëmgaange ginn ass. Laut Code de la Route hätt et hei missen e Protokoll ginn (A156-14 oder A156-18). Ass et iwwerhaapt zum Protokoll komm a falls jo, wien huet an d‘Täsch gegraff?

Sollt et kee Protokoll ginn hunn, esou stellt sech dann natierlech d‘Fro, op d‘Chauffere vun e-Autoe vun der Prozedur „Tank ass eidel“ befreit sinn, oder ob et hei net géif Sënn maachen, déiselwecht Reegele wéi bei all deenen aneren unzewennen? An esou läit et an der Logik, datt een entweder de Code de la Route un d‘Elektromobilitéit upasst oder d‘Elektromobilitéit un de Code de la Route.

Legiferéieren ass ëmmer gutt…

A senger Äntwert huet den Transportminister François Bausch (déi gréng) sech nach emol op seng Äntwert am Bezuch op den Tesla vun der Police bezunn. Dee wier den 22. Mäerz ënnerwee fir an d‘Revisioun vun der Batterie gewiescht. E Virgank deen all 20.000 Kilometer ufält. Dofir soll dann d‘Batterie méiglechst „eidel“ sinn. Deen Deel vun der Missioun ass jo och erfëllt ginn.

Spaass bei Säit, natierlech ass et peinlech, mee nei Technologië verbiergen och Onerwaartes. Et huet och kee vun de Polizisten e Protokoll kritt oder e Punkt um Führerschäi verluer. Mee dem Deputéierten seng Beharrlechkeet huet den Transportminister awer op e berechtegte Problem higewisen. Dee wëll dann elo och eng entspriechend Adaptatioun vum Code de la Route virhuelen.

Bei der Police hunn se aus dësem Virfall och eppes geléiert an hei gouf elo entscheet, datt zukünfteg déi Trajeten déi mussen zréckgeluecht gi fir d‘Batterie „eidel“ ze maachen, am Kontext vun de sougenannten „technesche Fahrten“ an am noen Ëmfeld vun den technesche Servicer gemaach ginn. Esou erpicht drop mat sech den Uz maachen ze loossen, sinn d‘Jongen dann och net.

Foto: Rico Loeb / Pixabay

Ähnlech Sujeten Autonomie, Code de la Route, Elektromobilitéit, François Bausch, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel