Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
International Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung
International Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

Beim ABC vun der Natur treffe mir op de Buschtaf

Mir sinn Europa! Oder awer och net
International Neiegkeeten

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

Elitär, arrogant a verlugen

Dem britesche Premierminister säi „Chef-Conseiller“ Dominic Cummings passt zur Regierung, wéi d‘Fauscht op d‘A

Elitär, arrogant a verlugen

Zanter Deeg geet et an de sozialen Netzwierker, wéi och an de britesche Medien ëm näischt anescht wéi dem Boris Johnson säin als „elitär, arrogant a verlugen“ (an dat sinn nach déi guttgemengten Attributer) bezeechente Chef-Conseiller Dominic Cummings, dee sech matten am Lockdown eppes méi „Rechter“ zougestanen huet, wéi dat fir de gewéinleche Pöbel de Fall war.

Gëschter Owend huet dësen sech oppen de Virwërf gestallt a seng „aussergewéinlech Situatioun“ de Medien erkläert. Hie war Enn Mäerz, zu engem Ament wou datt ganzt Land opgefuerdert war sech doheem opzehalen, mat senger Fra an dem véierjärege Bouf eng Kéier queesch duerch d‘Land gefuer, fir de Krappert bei de Grousselteren ofzesetzen. An dofir hätt et ee gudde Grond ginn.

Ech bereien näischt“, esou den Dominic Cummings, deen den Eescht vun der Situatioun nach net schéngt erkannt ze hunn. „Et ass net anescht gaangen, wa meng Fra an ech eis Infizéiert hätten, wier keen zu London do gewiescht fir sech ëm d‘Kand ze këmmeren“. Hien hätt missen eng Decisioun huelen an behaapt sech drop, dat d‘Reegele vum Lockdown, dat esou och zougelooss hätten.

DominicDominicHien argumentéiert: „D‘Reegele maache kloer, datt Risike fir d‘Liewe vun engem klenge Kand ee besonneschen Ëmstand sinn. Ech sinn domadder esou ëmgaangen, datt et de Risk fir anerer miniméiert huet“. Blöd just, datt d‘Reegel kengem Bierger, jo net emol den Experten, am genannten Ëmfang bekannt war. War déi „Stay@Home“ Reegel vun der Regierung mëssverständlech?

Fir den Dominic Cummings, deen nach ervirgehuewen huet, datt hie bei sech doheem (Staddeel Ilsington) stänneg drangsaléiert gi wier, missten d‘Leit verstoen, datt seng Decisioun fir alleguerten déi mam klengste Risiko war. „Et ka sinn, datt gescheit Leit dat anescht gesinn. Ech mengen datt ech mech den Ëmstänn enstpriechend Verantwortungsvoll beholl hunn“. Dat zur Erklärung.

Vu Récktrëttsfuerderungen a Bäistand

Datt dem Cummings säin Trip op Durham (Nordoste vun England) soll legitim gewiescht sinn, während et Bierger ginn huet déi hir Léifst net emol um Stierfbett hunn dierfe besichen, oder aus bekannte Grënn hir Butzen net de Grousselteren opgelueden hunn, sief dohinner gestallt. Vläicht war et „juristesch“ an der Rei, mee an dësem Fall geet et jo awer och ëm Moral an Anstand.

DominicEng ganz Rëtsch un Deputéierten – och aus de Reie vun der Majoritéit – hu dem Mann seng Demissioun gefuerdert, mee fir den Ament schéngt dat net op der richteger Plaz unzekommen. Eigentlech misst hei de Boris „King of the World“ Johnson tranchéieren, mee dee gesäit un a fir sech net wou do de Problem ass. Eng Rondrees vun 800 Kilometer? Wou ass do de Widdersproch?

Esou wéi et de Premier duerstellt, wier et esou, datt all déi Reegelen, déi fir d‘Bierger ugewannt ginn, net fir héich Regierungsbeamte gëllen. Zudeem huet den Dominic Cummings un eben dëse Reegele matgeschafft, him ass den Detail – ergo och d‘Ausnamen – beschtens bekannt. Hie wäert jo dann am beschte wëssen, op hie mat sengem Gest dergéint verstouss sollt hunn oder eben net.

DominicDe Boris Johnson huet Versteesdemech, datt säi Chef-Conseiller, nodeems seng Fra um Covid19 erkrankt ass, de Krappert wollt a Sécherheet bréngen. Deen hätt also nëmmen op säi gesonde Mënscheverstand gelauschtert. Dat ass zwar rhetoresche Brach, mee de Premierminister brauch den Dominic Cummings u senger Säit, war dësen dach den Architekt vun der Brexit-Campagne…

DominicHien ass et deen hannert dem Slogan „Take Back Control“ steet, a ganz vill Energie an déi vill Lige gestach huet, déi schlussendlech zum Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun gefouert hunn. Och wann een dësem Mann elo net ze vill Kredit fir de Brexit dierf ginn, ëmmerhin haten d‘Briten et selwer beim Referendum an der Hand, an Dommheet gehéiert jo och bestrooft.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Covid19, Dominic Cummings, Groussbritannien, Lockdown
Nächsten Artikel Virrechten Artikel