Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!
Kultur Neiegkeeten

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!

2018 fänkt jo gutt un: et soll e grondleeënde Feeler

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung
Kultur Neiegkeeten

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank

money
Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA
Kultur Neiegkeeten

Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA

De Super-Held „Black Panther“ huet all Pronostic iwwertraff, a gräift

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn

Schmadd-Workshop am Ellergronn

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
Zu zwee geet déi Saach schonn e gutt Stéck besser: den Yves Thiltgen (lénks) hëlleft dem Dan Menghi (riets). © Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
Am September soll een dann an engem méi anavcéierte Cours säin eegent Messer schmidden. Den Dan Menghi wäert mat dobäi sinn. © Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
"Klack! Klack! Klack! Klack!" huet ee scho vu wäitem héieren. Am Ellergronn ass e Freideg de Moie scho fläisseg geschafft ginn. © Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
Och heiraus léisst sech eppes schmidden. © Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
Et brennt am Ellergronn - ma glécklecherweis nëmmen am Schmadd-Atelier. © Melvin Hatto/moien.lu
Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
© Melvin Hatto/moien.lu

“De Schmadd, de Schmadd, dee mécht beim Workshop mat!” Esou ähnlech hätt een et e Freideg, den 3. Mee sange kënnen. Am Naturschutzzentrum Ellergronn zu Esch-Uelzecht ass nämlech e Workshop ugebuede ginn, an deem ee schmidde konnt. Vun 9 bis 16 Auer konnten Interesséiert selwer Hand uleeën a sech hiert “Meeschterstéck” schmidden.

Et huet ee se scho vu wäitem héieren op d’Eise klappen – e klenge Grupp huet sech dësen Dag scho moies getraff, fir sech mol als Schmadd auszeginn. Am Naturschutzzentrum Ellergronn ginn eng Rei esou Basiscoursen am Laf vum Joer ugebueden. Wéi léiert ee schmidden a wat sinn déi verschidden Techniken? No enger kuerzer theoretescher Aféierung konnt sech ganz nom Prinzip “Learning by doing” um Eise probéiert ginn.

Schmadd

Schéi brav gëlt et, just een Eisen am Feier ze hunn. © Melvin Hatto/moien.lu

Vum Bësch bei den Amboss

De Leeder vun dëser Zort Formatioun, den Yves Thiltgen, kënnt am Fong aus dem Bësch. Also net wierklech aus dem Bësch, mee hien ass geléierte Bëschaarbechter. Duerch de groussen Interessi um Mëttelalter ass den Här Thiltgen op d’Schinn vum Schmadd komm, a gëtt doranner Coursen. Aus Sécherheetsgrënn hëlt hien awer net méi wéi véier Leit matenee fir ee vu senge Workshoppen un. Sou kann hie sech och méi Zäit fir seng “Nowuess-Schmatten” huelen.

Ee vun de Participanten an en duerchaus sympatheschen Zäitgenoss war den Dan Menghi. Wéi hie Wand vun dësem Schnuppercours am Ellergronn kritt huet, huet hien net weider laang gezéckt a sech direkt ugemellt gehat. Den Dan Menghi huet sech schonn ëmmer fir d’Schmidden interesséiert, leider bis dohin nach net wierklech d’Geleeënheet gehat, fir selwer mol Hand unzeleeën. Géigestänn aus dësem Handwierk géifen iwwer Generatiounen halen, dobäi wier dat guer net esou einfach, wéi een dat aus der Tëlee oder dem Internet kennt.

Esou iwwerrascht et wéineg, datt den Här Menghi sech och schonns fir deen nächsten, méi avancéierten, Cours am September ageschriwwen huet. Do géif een dann zum Schluss e Messer fäerdegstellen. Fir den haitege Cours wollt hien eng Aart Schëppche fir säi Kamäin schmidden, mat där een dann d’Kuelen dréie kann.

Schmadd

Et gloust… Och zur Mëttegstonn gëtt fläisseg geklappt. Den Dan Menghi (riets) gëtt hei tatkräfteg vum Coursleeder Yves Thiltgen (lénks) ënnerstëtzt. © Melvin Hatto/moien.lu

Ob Reech oder Motorseesketten: fir de Schmadd kee Problem

Wéi bei allen handwierklechen Aktivitéiten ass hei selbstverständlech d’Sécherheet am wichtegsten. D’Kandidaten hu sech also passend misste kleeden: Schaffschong, Kleedung aus Kotteng an natierlech Schaffhändschen – idealerweis feierfest. Et muss een och volljäreg sinn, fir heibäi dierfe matzemaachen.

Gezwafft gouf iwwregens mat normalem Baustol. Dësen ass méi einfach ze beaarbechten an eegent sech soumat ideal fir dëse Schnuppercours. Dat heescht awer elo net, datt een elo spilles en Objet schmidde kann, esou huet den Dan Menghi zur Mëttegstonn missten zouginn, datt d’Äerm lues a lues méi schwéier ginn.

De Schmadd schafft awer nach mat enger helle Wull un anere Metaller an huet gefillt onbegrenzte Méiglechkeeten. Ob elo mat Fiederstol, engem Reech oder mat enger Motorseesketten (woubäi een dës am beschten an eng Petrol-Borax Léisung leet fir de Knascht erauszekréien), och fir de Schmadd ginn et ëmmer nees nei Saachen ze entdecken. Dozou gehéiert och d’Schmidde vun neiem Schaffmaterial, wat zu neien a kreativen Objete féiere kann.

Schmadd

Esou oder esou ähnlech wollt den Dan Menghi, datt säi Meeschterwierk zum Schluss soll ausgesinn. © Melvin Hatto/moien.lu

Den Yves Thiltgen bedauert allerdéngs, datt am Nowuessberäich d’Zuelen biergof ginn. Et géif ee sech beispillsweis doriwwer erfreet weisen, wann eleng 3 vun 10 Leit hire Cours ofschléissen, dee mat him a Schoule gehale gëtt. Den Interessi un dësem Workshop wier awer relativ grouss an et hätt ee reegelméisseg genuch Leit do. Zefridde mat dëser Tätegkeet weist sech dann och den Dan Menghi – well wéi heescht et esou schéin: “Jeder ist seines Glückes Schmied.”

Wie sech iwwert de weidere Programm vum Naturschutzzentrum wëll schlau maachen, kann dësen hei nokucken.

Ähnlech Sujeten Ellergronn, Naturschutzzentrum, Schmadd, schmidden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel