Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!

Zesumme mat eise Jonge vu Seed To Tree ass gëschter

dating sites farnborough
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

https://moien.lu/how-to-make-online-dating-successful/

Déi jemenitesch Regierung huet e Freideg domatter gedreet, sollten d‘Houthi-Rebellen

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch

ELO! – Ekologesch Lénk Jugendorganisatioun

Nogereecht: déi jonk lénk hu sech nei gegrënnt a ginn sech e neien Numm

ELO! – Ekologesch Lénk Jugendorganisatioun

Kuerz virun den EU-Wahlen huet d‘Jugendsektioun vun „déi lenk“ sech fir d‘Erneierung entscheet an elo organiséiert sech déi aktiv Jugend innerhalb der déi lénk ënnert der Bezeechnung „ELO! – Ekologesch Lénk Jugendorganisatioun“.

Fir déi jonk Mënsche vun ELO! Ass et ëmmer méi kloer ginn, datt dréngend Moossnamen, ënnert anerem fir den ekologeschen Noutstand an d‘Wunnengskris zu Lëtzebuerg, noutwenneg sinn. Dat mam Ëmweltbewosstsinn ass präsent, virun allem bei de jonke Mënschen. Et sol ee sech näischt virmaachen, mam Bléck op d‘Gefore vum Klimawandel.

Noutwenneg ass awer net nëmmen de Wëllen onsen Alldag fundamental ëmzegestalten, mee och de bestoende Wirtschaftssystem muss nei geduecht ginn. Et sinn dës zwee Grondsteen op déi sech eis Froen als jonk betraffe Bierger bezéien. Deem muss sech ugeholl gi wann engem dru geleeën ass e Wee aus der aktueller Kris ze fannen.

Andeems mir eis zu dësem Kampf fir Soziales an Ëmwelt bereet erkläert hunn, hu mir eis och dozou entschloss de Numm dem Programm unzegläichen. Aus „déi jonk lénk“ gëtt esou „ELO! – Ekologesch Lénk Jugendorganisatioun“

Nodeems sech schonn am Hiecht d‘lescht Joer eng aner Jugendorganisatioun vun „déi lénk“ a Laïka ëmbenannt huet, ass et der Ekipp vun ELO! Wichteg drop hinzeweisen, datt et sech heibäi dann och net ëm déiselwecht Organisatioun handelt. Et géif engem awer um Häerz leie mat alle Jugendorganisatiounen am Land zesummenzeschaffen, déi sech konsequent fir eng sozial an ekologesch Gerechtegkeet asetzen.

ELO! wäert duerch konkret an der Jugend entspriechenden Aktiounen opfalen. Fir dëst Engagement fir eng ekologesch, sozial a solidaresch Gesellschaft net nëmmen de jonke Membere vun déi lénk virzebehalen, wäert ELO! en oppene Raum fir politesch Debatten an Asaz, dee sech „Breakerspace“ nennt, gestalten. Hei kënnen sech jonk Mënschen, ob politesch engagéiert oder ben och net zesummendoe fir politesch Aktiounen ze plangen.

Déi éischt Aktioun huet ELO! Um 25. Mee an der Uelzechtstrooss ënnert dem Slogan #BarbecuesforHousing stattfonnt. Hei goufen Zelter opgeriicht, ausgemooss an no Wunnengsmaartpräisser zum verlounen oder dem Kaf ugebueden. E Grill huet als kollektiv Kichen fir des temporär prekär Wunnenge missen hinhalen.

Verantwortlech an der Ekipp vun ELO! sinn: Spriecher, Mara Martins a Ben Muller; Sekretärin, Jéssika Rodriguez; Adjointe vun der Sekretärin, Ben Muller a Max Garroi; Generalkoordinatioun, Jéssika Rodriguez a Mara Martins, Koordinatioun Breakerspace, Michael Resmussen Bjørn

Matgedeelt vun ELO! – fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Ben Muller, déi lénk, ELO, Ëmwelt, Mara Martins, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel