Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online
Meenung Neiegkeeten

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online

Déi national Agence fir Informatioune fir Jugendlecher ANIJ huet elo

money
EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee
Meenung Neiegkeeten

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel,

Chantier um CR226 op der Itzegerstee bis Enn Juni
Meenung Neiegkeeten

Chantier um CR226 op der Itzegerstee bis Enn Juni

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt um Méindeg den 18. Mee de Chantier

An elo Här Premierminister?

Gemeinsam Stellungnam vun de Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL zum Pandemie-Gesetz

An elo Här Premierminister?

Déi dräi um nationale Plang representativ Gewerkschaften, d‘CGFP, de LCGB an den OGBL sinn am Begrëff hir Gedold ze verléieren: zanter Wochen, ginn op schänterlech Aart a Weis d‘Vetrieder vum Salariat systematesch ignoréiert.

D‘Gewerkschafte bedaueren, datt hire Courrier un d‘Adress vun der Regierung am grousse Ganzen ouni Äntwert bleiwen. Déi berechtegt Demande méiglechst zäitno eng Sëtzung vun der Tripartite anzeberuffen ass esou komplett ignoréiert ginn. Doriwwer eraus huet et d‘Regierung net fir noutwenneg fonnt, d‘Exitstrategie mat de Sozialpartner ze beroden.

Vill ze oft ginn déi vun der Regierung getraffen Decisiounen zréckbehalen, bis se dann an enger Pressekonferenz, respektiv mat der Publikatioun vun engem groussherzogleche Reglement public gemaach ginn. De sozialen Dialog, deen esou oft vun de politeschen Acteuren héich gelueft gëtt, ass zum Kollateralschued vun der aktueller Kris ginn.

Dat gewosst bleift de Constat, dat dëse geféierleche Beholl säitens der Regierung keen Enn ze fanne schéngt. De Géigendeel schéngt de Fall ze sinn: Déi rezent Manöver erwächen de Verdacht, datt d‘Regierung sech de Noutstand zu notze mécht, fir Situatiounen ze schafen, déi d‘Bierger an d‘Salariat gläichermoosse benodeelegen.

Eng Serie vu Moossnamen déi am „État de Crise“ geholl goufen, sinn um beschte Wee elo an ee Gesetz anzefléissen- D‘Regierung kënnt dobäi mat engem remarkabele Rhythmus virun. Esou soll dëse Gesetzprojet schonn de Membere vun der Chamber e Freideg virgestallt ginn, dat ouni dëse vill Zäit ze loossen sech mam Inhalt ze beschäftegen. Wéi et heescht hunn déi Deputéiert vun der Regierung 48 Stonnen Zäit fir sech mam Text ze beschäftegen, dee schonn op der Dagesuerdnung vun der Sëtzung vum Regierungsrot, Ufank de nächster Woch ageschriwwen ass.

Och an dësem presente Fall huet d‘Regierung et net fir noutwenneg gehalen, sech mat de genannte Gewerkschaften ze beroden. Dobäi ass et evident datt dat sougenannt Pandemie-Gesetz, gréisser Repercussiounen op d‘Grondrechter vun alle Bierger wäert hunn. An dësem Sënn wier et awer onerlässlech gewiescht d‘Salariatsvertrieder aktiv ze implizéieren.

D‘Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL weigeren sech längerfristeg Aschränkunge vun de gewerkschaftleche Rechter a Fräiheeten hinzehuelen. Si wäerten et net zouloossen, datt déi sozial an demokratesch Errongenschaften zum Affer vum Pandemie-Gesetz ginn.

Bezunn op dat ganz klengt Zäitfënster, revendiquéieren dës dräi Gewerkschaften eng urgent Entrevue mam Premierminister, onofhängeg vun all Tripartite-Sëtzung. Dës Reunioun muss stattfannen, iert déi éischt Versioun vum Pandemie-Gesetz an der Chamber virgeluecht gëtt.

CGFP, LCGB an OGBL wëllen dem Premierminister hir Reflexiounen zur Offierderung vun der Wirtschaftskris duerleeën, fir efficace op déi schlëmmst Auswierkunge vun der Kris fir d‘Salariat reagéieren ze kënnen an esouvill Aarbechtsplaze wéi iergend méiglech ze erhalen. D‘Vertrieder vum Salariat wëllen sech zudeem mat eegenen Aen iwwerzeegen, datt déi exzeptionell Mesuren, déi am Kontext vun der Kris geholl goufen, net ze vill a laangwiereg Aschneidungen um Niveau vum Schutz vum Privatliewen an de Grondrechter vun de Bierger mat sech bréngen.

Vun Ufank un hat d‘Regierung déi sougenannt „Forces Vives“ stänneg opgeruff hire solidaresche Beitrag zur Iwwerwannung a Léisung vun dëser Kris ze leeschten. En Appell dee vun der CGFP, dem LCGB an dem OGBL ganz eescht geholl ginn ass. Si si bereet sech den zukünftegen Erausfuerderungen ze stellen a Verantwortung ze iwwerhuelen.

De 7. Mee, huet de Premierminister an der Chamber ugekënnegt, datt de sozialen Dialog eng vun de wichtegste Valeuren am Land ass. „Här Premierminister, loosst dëse Wierder Dote follegen! Wann d‘Regierung weiderhin eleng handelt, wäert et mat de Ressentimenter vun der gewerkschaftlecher Front net gedoe sinn: vun engem Ament op deen anere wäert de Bierger feststellen, datt den Appell no Solidaritéit zu gudder Lescht nëmmen en Instrument war fir den eegenen Image opzepoléieren“.

Illustratioun: © Fred Moon / unsplash

Matgedeelt vun de Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL; fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Patrick Kleeblatt

Ähnlech Sujeten CGFP, LCGB, OGBL, Pandemie-Gesetz, Regierung, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel