https://moien.lu/southern-gentleman-dating/
Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,
Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,
Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu
Et gëtt Wanter an d‘Feierdeeg weisen hir kal Nues, firwat et flott ass, sech um Chrëschtmaart (deen dierf och anescht genannt ginn) mat engem Glühwäin oder enger waarmer Schockelasmëllech (fir eis Butzen) an déi besënnlech Joreszäit entféieren ze loossen.
Um Freideg hu mir eis zu Rëmeleng an zu Munneref ëmgekuckt, an et muss ee dierfe soen, datt war wuel flott. Et géif een se esou gären alleguerten opsichen, mee wou sou een all déi Zäit an d‘Leit hierhuelen? Eenzegaarteg si alleguerten an Ënnerscheeder gëtt et och an der Gréisst. Wou se sech nees gläichen, dat ass bei der gudder Laun, de flotte Saachen déi ugebuede ginn an dee ganze kulturelle „Klimbim“ deen einfach derzou gehéiert.
Mir wënschen eise Lieser a Lieserinne jiddefalls vill gemitterlech a genësserlech Momenter op hirem oder soss engem Chrëschtmaart. Féiert mat Freed a drénkt mat Verstand, da mécht dee ganze Rämmidämmi nach méi Spaass. Wie kann, dee sollt mam ëffentlechen Transport op säi „Maart“ fueren. Da muss ee sech wuel och nach ëmmer behuelen, mee et muss ee beim zweete Glühwäin net scho soen. Dat gesot, amuséiert a passt gutt op iech op…
Foto: © Claude Lenert