Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten
Neiegkeeten

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Et ass fir d‘éischt an der Geschicht vun der EU-Kommissioun,

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch
Neiegkeeten

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch

Wéi geet et der Lëtzebuerger Sprooch? Dat ass eng vun

Nëmmen duerch komme geet net duer
Neiegkeeten

Nëmmen duerch komme geet net duer

Fir um Riednerpult steet ee Mann mat Kostüm a Krawatte

Elterecongé: Leeft ganz gutt esouwäit

De Familljeministère huet sech eng Etüd beim LISER bestallt an déi kann sech weise loossen

Elterecongé: Leeft ganz gutt esouwäit

Et hat – dat ass esou üblech – am Virfeld vill Kritik a Gejéimers géint d‘Reform vum Elterecongé ginn. D‘Corinne Cahen war standhaft bliwwen, huet sech net vu de Kregéiler impressionéiere gelooss an esou gouf d‘Reform zum 1. Dezember 2016 och a Kraaft gesat. D‘Ministesch hat awer hire Kritiker versprach, datt een am Ministère géif en A drop halen, datt alles seng Uerdnung huet.

Fir esou eng Ëmfangräich a sécherlech ganz gutt gemengte Reform ze begleeden, respektiv eng Analys vum Impakt vun dëser Reform ze maachen, ass de LISER (Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung) einfach predestinéiert. Et dierf een dann och drun erënneren, datt mat der Reform zolidd Ännerunge virgeholl goufen. Et geet dobäi och ëm d‘Pai an d‘Flexibilitéit.

Zil ass et och, béiden Elterendeeler dëse Congé zouzegestoen. Mann a Fra solle gläichermoosse méi Zäit mam Kand verbrénge kënnen an de Kontakt zum Beruff net verléieren. Am Rapport vun der Evaluatioun gi fënnef grouss Themeberäicher berécksiichtegt:

  • d‘Analys vun der Evolutioun vun den Demande fir Elterecongé;
  • ee Kand hunn dat no der Reform vum Elterecongé gebuer ass: Kuerzzäitimpakt op de Recours op den Elterecongé vun de Mammen an de Pappen;
  • d‘Verhalen zum Recours op den Elterecongé vun de Pappen an de fënnef Joer no der Gebuert: Analys vum „vir an nom Dezember 2016“;
  • deskriptiv Analys vun der Verhalensweis vun den Elteren um Aarbechtsmaart nom Elterecongé;
  • qualitativ Enquête bei den Entreprisen am Kontext vum Elterecongé an der Reform vun 2016.

Et gëtt scho ganz zefriddestellend Erkenntnisser

Eng vun den éischte Feststellungen – an dat dierf erfreeën – ass de Fait, datt de Recours op den Elterecongé vun de Mammen an de Pappen, egal op Resident oder Grenzgänger, sech duerchsetzt. Déi männlech Frontaliere leie wuel nach virun de Männer hei am Land, bei den Dammen ass et ëmgekéiert. Dat léisst de Schluss zou, datt d‘Pappen sech dës Reform méi zu Häerze geholl hunn.

Net bedenklech, mee Grond genuch sech Gedanken ze maachen, ass de Constat, datt Pappen déi zu Lëtzebuerg wunnen, fir kleng Betriber schaffen an elo och éischter e klengt Akommes hunn, et méi schwéier ze hu schéngen sech fir den Elterecongé ze entscheeden. Bei de Fraen déi Staatsbeamte sinn, ass et dann de Papp den als éischten den Elterecongé ufreet, d‘Mamm hëlt sech den 2. Deel.

Elterecongé

© Chien Pham / unsplash

Firwat deem esou ass, konnt d‘Etüd nach net erklären. Et ass awer och nach eppes fréi fir schonn zum Allem Conclusioune virzeleeën. D‘Reform ass nach jonk an och wann déi éischt Constate ganz erfreelech sinn, esou muss et elo och eng längerfristeg Begleedung ginn, déi eng Analys vun de Strategien an de Menage selwer erméiglecht. Dat awer brauch nach eppes Zäit a Gedold.

Ganz zefridde sinn se am Rapport wat de Retour vun de Mammen op den Aarbechtsmaart betrëfft. Och bei den Entreprisen ass enquêtéiert ginn, woubäi sech hei geziilt Betriber ausgesicht an deenen d‘Salariée wéineg oder guer keen Elterecongé an Usproch huelen. Hei gëtt festgestallt, datt een sech ee gréisseren Handlungsspillraum am Kontext vun der „Organisatioun vum Elterecongé“ wënscht.

Als Verbesserung sollt iwwert méi Hëllef fir grad déi kleng Entreprisen nogeduecht ginn, an et sollt och deene Leit mat „méi“ Aarbechtsverträg méiglech sinn, den Elterecongé ze beusprochen. Vun der Ministesch heescht et, datt d‘Employeure musse besser informéiert ginn, besonnesch wat hir Rechter a Flichten an dësem Kontext ugeet. Wou et Korrekture brauch, mussen se virgeholl ginn.

Illustratioun: © Chelsea Phipps / unsplash

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Elterecongé, Evaluatioun, Familljeministère, LISER
Nächsten Artikel Virrechten Artikel