Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?
Meenung Neiegkeeten Stories

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?

Mat engem séieren Tram bis 2035 bis op Belval –

moneysurprise
D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl
Meenung Neiegkeeten Stories

D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl

Fir d‘Fondatioun IDEA, den Think Tank vun der Handelskummer, befënnt

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin
Meenung Neiegkeeten Stories

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin

„Wir Warnen Deutschland“ – Ënnert dësem Motto si gëschter an allen

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun

Net nëmme Politiker sollten zur Zäit vum Confinement zu Wuert kommen. Aus dësem Grond sinn elo och emol eis “normal” Bierger gefrot ginn, ewéi si mat der aktueller Situatioun ëmginn, wéi d’Kanner d’Changementer verschaffen (wat si vun der Schoul doheem halen), wéi d’Situatioun op der Aarbecht ass an ob se allgemeng Gedanken derzou hunn.

Aacht Persounen aus de verschiddenste Beräicher erzielen aus hirer Siicht. Well vill Leit anonym wollte bleiwen, sinn d’Nimm alleguerte geännert. Hei fannt Dir d’Resultat vun der Ëmfro:

D’Claire, Mamm a Bauer

Mir empfannen et als net esou schlëmm. Et muss een ëmdenken a verschidde Saachen aneschters maachen. Mee et ass awer och ëmmer erëm schéi mat der Famill ze sinn. Et sinn just immens vill Leit dobaussen ënnerwee.

D’Kanner gi gutt domat eens, well bei eis ass ëmmer eppes lass an se spillen all gutt mateneen. Se maache Videochat mat de Schoulkomeroden.
Ech fanne Schoul doheem gutt. D’Kanner an d’Famill gi geschützt a mir ginn allgemeng gutt eens, well d’Léierpersonal dat och super mécht. Et muss een sech ëmstellen, well awer ëmmer ee muss mat de Kanner léieren, et kritt ee scho manner selwer gemaach. Heiansdo gëtt gemeckert – mee dat muss och mol sinn.

Et huet am Ufank ee wéineg genervt, dass et ëmmer esou gemaach ginn ass, wei wann een sech elo langweile misst. Dat geet elo besser.

Bei dem Déierendokter schaffen ech am Moment net, well si däerf nëmmen Urgencë maachen, mir schaffen direkt mateneen, mir kéinten déi 2m net anhalen. Um Haff geet déi allgemeng Aarbecht weider, wei ëmmer. Mir mussen just eis Saachen, déi mer kafe, selwer siche goe – soss hunn mer et geliwwert krut. Bis elo hunn ech nach alles krut wat ech gebraucht hunn.

Op de Feldweeër sinn och vill Leit. Mee déi meescht ginn op d’Säit wann ee mam Trakter kënnt. Ech hunn matkrut, dass d’Präisser vun der Mëllech an dem Fleesch erofgaange sinn. Ech hoffen, dass d’Landwirtschaft erëm geschätzt gëtt, well mir musse schaffen egal wat lass ass. Mir kennen dat net zu engem spéideren Zäitpunkt nohuelen. Leit déi soss mol gehollef hunn kennen elo natierlech net méi hëllefe kommen.

Confinement

© Nine Köpfer on Unsplash

De Jeff, Bréifdréier

D‘Beschränkung ass menger Meenung no eng gutt Saach. Well ouni denken ech, wier et nach vill méi schlëmm. Verzichte muss dëst Joer wuel jiddereen. D’Situatioun ob der Aarbecht ass fir mech net vill anescht wei virdrun. Mat puer klengen Ännerungen, ewéi dass mir keng Ënnerschrëften direkt vum Client brauchen oder mir elo moies um Büro musse Masken undinn. Am allgemengen ass souguer vill méi Aarbecht wei virdrun.

Hoffen mer dat Bescht, mee ech fäerten dass eng 2. Well kënnt, déi vill schlëmmer ass.
Päck ausdroen ass extrem an d’Luucht gaangen – méi wei Chrëschtdag. Déi meescht Clienten sinn super fein a verstinn et mam Ofstand halen. Bis ob puer Eelerer. Do ginn et 2 Zorten déi eng, déi net drun denken an sech direkt entschëllegen, wann en seet se missten stoen bleiwen an anerer deenen et einfach nëmmen egal ass. Mee gréisstendeels sinn se all verstänneg.

Confinement

© Diana Akhmetianova / Unsplash

D’ Simone, Mataarbeechterin bei enger Tankstell

Ech sinn 52 Joer al a kann mech just zum Thema Aarbecht äusseren. Mir hunn nach ëmmer déi selwecht Schaffzäiten. Déi meescht Clienten verhalen sech héiflech a mam néidegen Respekt zu eis. Verschiddener soen: Merci, dass Dir do sidd! Esou eppes deet gutt a motivéiert fir weider ze maachen. Natierlech ginn et och vereenzelt Leit, déi vill genervt sinn an dat kritt een ze spieren, zum Beispill doduerch, dass se keen Versteesdemech fir d’Mondschutzflicht weisen.

Confinement

© Juan Fernandez / Unsplash

D’Maria, Joffer

Et ass eng ganz nei Erfarung, sou eng Situatioun hate mer jo nach ni. Am Ufank hunn ech mech ganz komesch gefillt, et war en onséchert Gefill, an ech hunn mer vill Froe gestallt. Mëttlerweil kann ech soen, dass ech mech ‚agelieft‘ hunn. Natierlech vermëssen ech meng Frënn a meng Famill, mee dat ‚komescht‘ Gefill ass awer verschwonnen.

Och fir meng Kanner (4 a 6 Joer) war déi Situatioun fir d’éischt mol nei. Besonnesch schwéier war et ze verstoen, firwat mer dann elo ob emol net méi einfach sou bei de Bopa oder bei d’Boma fueren däerfen. Waren se ufanks nach rosen, sou hunn se awer séier geléiert ze acceptéieren. Aus dem ‚De Corona ass mega blöd‘ ass dunn en ‚Mir däerfen eben néirens hin, et ass jo Corona‘ ginn.

Schoul doheem kann een net einfach mat gutt oder schlecht beäntweren. Et ass eng Reaktioun ob eng Situatioun, déi eben noutwendeg war. Et ass anescht wéi déi Schoul, déi mir bis elo gewinnt sinn, mee d’Schüler si fläisseg an hunn sech séier adaptéiert.

D’Eltere sinn immens gefuerdert, well se vun engem Dag ob deen aneren en zousätzleche Job hunn. Ech sinn awer iwwerzeegt, dass jiddereen säi Bescht méiglecht probéiert, fir dass d’Schoul doheem gutt ka funktionéieren. Ech freeë mech drop, den 1. Schouldag nom Confinement a ganz vill blénkeg Aen ze kucken an d’Kanner laachen ze gesinn, well se endlech nees bei hier Frënn sinn.

Confinement

© Feliphe Schiarolli / Unsplash

De Marco, Apdikter

Am Ufank war et e bësse chaotesch, well keen esou richteg wousst wou d’Rees géif higoen. Mir hunn eis hei direkt organiséiert a Mesure geholl fir souwuel eist Personal wéi och eis Clienten ze schützen (Masken, Händschen, 2m Distanz, max. 4 Cliente mateneen an d’Apdikt, Plexiglas op de Comptoir).

Et gouf, déi éischt 2 Wochen e Rush op verschidde Medikamenter (Schmäerz- a féiwersenkend Mëttel), well d’Leit gefaart hunn se géifen am Noutfall keng méi kréien. D’Délivrance vun deene Medikamenter gouf do op 1 kleng Këscht pro Patient limitéiert fir dass déi Medikamenter net gebunkert ginn. Elo huet d’Situatioun sech entspaant. 95% vun de Leit sinn disziplinéiert an halen sech un d’Mesuren. Mir hunn am Moment grouss Nofro an eisem Online-Shop (mapharmacie.lu) wat de Leit et erlaabt sech net mussen ze deplacéieren an hir Medikamenter bequem vun doheem ze bestellen.

Confinement

© National Cancer Institute / Unsplash

D’Caroline, Mataarbechterin an engem Supermarché

Op der Aarbecht ass et eng komesch Situatioun. Et gesäit een dem Personal un dass een awer Angscht huet – Angscht mengen ech, ass bei jiddwerengem e bëssen dobäi. D‘Mask halen d’Clienten elo un. Déi éischt Deeg waren der nach e puer, déi sech net un Maske gehalen hunn.

Den Ofstand hale vill Clienten net.

Confinement

© Markus Spiske / Unsplash

D’Elisabeth, Schoulmeeschtech

Et ass fir mech perséinlech kee groussen Problem, well ech vu Vireran kee Mënsch sinn, dee vill erausgaangen ass an deen eigentlech ganz gär doheem ass. Dass mir en Haus mat Gaart hunn, mécht d’Saach natierlech méi einfach.

Mir hunn 2 Jongen,  ee vun 1 1/2 Joer, dee kritt dat Ganzt natierlech net mat, an ee Jong vu 5 Joer. Hie weess, dass hien net an d’Schoul an op d’Spillplaz kann, well hie soss krank gëtt, an ech denken och, dass hie seng 2 beschte Frënn vermësst. Hie kann dat awer net gutt ausdrécken, mee e mécht eis kee perturbéierten Androck. Hie genéisst am Moment déi Zäit heiheem. Ech si Léierin a mir fält et dofir net schwéier, mat mengem Jong ze léieren, well ech e puer Tricken kennen, an eben och Saachen anescht erkläre kann.

Mäi Jong ass och keen, deen sech verweigert a gäre léiert, a wann mol eng Aufgab den éischten Dag net geet, da probéiere mer et puer Deeg drop erëm an da klappt et gutt. Och wa mir an enger gudder Situatioun sinn, sou weess ech dass mir eng Ausnam sinn. Well och mir spieren den “Drock”, mir schaffen zu 2 am Homeoffice, mäi Mann huet awer 8h Congéparental an 8h congé pour raisons familiales, fir dass mir dat alles ënnert en Hutt kréien.

Et ass keen do, dee gläichzäiteg schaffen an op d’Kanner oppasse resp. Homeschooling maache muss. An awer hunn ech d’Gefill, manner Zäit ze hunn wéi an normalen Zäiten. A ville Familljen ass dat anescht, oder d’Eltere kenne kee Lëtzebuergesch, keen Däitsch, a kréien dat mat den Aufgaben nëmme schwéier hin.

Och ech als Léierin fäerten, dass vill vu menge Schüler lo net ganz vill doheem maachen, well keen se dozou drängt, well d’Wësse feelt, well technologeschen Uschloss net do ass oder well se einfach net wëssen, wéi se sech uleeë sollen. Och wann ech als Léierin zesumme mat menger Aarbechtskollegin ëmmer fir Froen zur Verfügung stinn, kréie mir awer net vun alle Eltere Réckmeldungen.

Confinement

© Monoar Rahman Rony / Pixabay

De Pierre an d’Sandra, Service Hygiène an Aide-Soignante

De Confinement ass belaaschtend mee mir kënnen eis Gott säi Dank alt bëssen aus dem Wee goen. An punkto Aarbecht huet de Pierre de Moment e Roulement wou hien ëmmer eng Woch schafft an eng Woch doheem ass.

Am Camion däerf nëmmen een eleng sëtzen an zwee hanne fir d‘Poubellen. Bei mir (Sandra) ass et esou, dass mer och mat reduzéiertem Personal schaffen an och de Moment manner Clienten ze maache sinn. Ëmmer mat Mondschutz an Händschen a vill desinfizéieren
(Hänn, Auto bannen, Schlësselen etc). Et as fir eis Clienten immens bedréckend an et sinn der vill depressiv an traureg, well se eleng sinn an hier Famill net gesinn. Domat ass et fir eis och schwéier.

Kleng Kanner hunn ech net am Haus an hunn och näischt mat Homeschooling ze dinn, kann also dozou net vill soen. Ech hunn just vu Léierpersonal héieren, dass et mega ustrengend ass a vill méi Aarbecht wei soss – an dass si sech vill Suerge maachen.

Confinement

© Kelly Sikkema / Unsplash

D’Alice, eng Mamm

Ech empfannen de Confinement ganz schlecht. Ech leide säit menger Jugend un enger Depressioun an doheem ze sinn ouni dierfe schaffen ze goen ass fir mech ganz schlëmm. Mäi Meedchen huet 5 Joer an ass immens traureg net däerfen an d’Schoul ze goen. A bei seng Bomien. Eise Klengen huet 10 Méint, hien ass bestëmmt frou heiheem -obwuel en gär an d’Crèche gaangen ass. Schoul doheem ass fir eis net schwéier.

Mir schwätzen all Sprooch vum Land an eist Meedchen ass souwisou nëmmen an da Spillschoul. Mir maache wat d’Joffer eis iwwert Maile schéckt an et klappt ganz gutt. Am grousse ganzen ass et net schlecht, mir kennen all zesummen Zäit verbréngen, mee fir mech als psychesch krank Persoun ass et immens schwéier well ech mäin Kapp net beschäftegt kréien.

Confinement

© Artur Aldyrkhanov / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aide-soignant, Bréifdréier, Confinement, Gesondheet, Léierpersonal, Mamm, Meenung, Pandemie, Schoulmeeschter, Sécherheet, Service Hygiène, Supermarché, Tankstell
Nächsten Artikel Virrechten Artikel