Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn
https://moien.lu/pegasus-dating/ drag queen dating site

leuke dating apps 2018

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff

skateboarding dating site
https://moien.lu/pegasus-dating/ drag queen dating site

Chamberwahlen: d‘ADR stéiert sech um Wahlsystem

Wann et dem Robert Mehlen vun der ADR nogeet: „Jo!“

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
https://moien.lu/pegasus-dating/ drag queen dating site

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

money

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft am „Codesharing“ anzegoen. Den Accord deen d‘Partnerschaft regelt, ass zu Dubai vum Nabil Sultan, Emirates Senior Vice President an dem Richard Forson, President vun der Cargolux, a Presenz vum Infrastrukturminister François Bausch ënnerschriwwe ginn.

Schonn am Ufank vum Joer hate béid Frachtfluchgesellschaften hir strategesch operationell Partnerschaft ausgebaut. D‘Zesummenaarbecht op der Basis vu „block space“ an „interline“ Accorden, mee och am Beräich „Charter“ oder d‘Konnektivitéit tëscht Dubai a Lëtzebuerg waren deemools déi wichteg Punkten déi et ze kläre gegollt huet.

En Partnerschaft déi dann och schnell Friichte gedroen huet. Emirates SkyCargo huet seng éischt Wocheverbindung Dubai-Lëtzebuerg-Dubai am Juni absolvéiert. D‘Cargolux sengersäits huet den „Handling“ vu senge Fliger zu Dubai am September un d‘Dubai World Central (DWC) iwwerginn. Zudeem hunn d‘Emirates och am Juli eng 747 vun der Cargolux gechartert.

Net op hallwem Wee stoe bleiwen

Mat der neier Partnerschaft beim „Codesharing“ gëtt e grousse Schratt no vir gemaach, besonnesch beim operationelle Part

Mat der neier Partnerschaft beim „Codesharing“ gëtt e grousse Schratt no vir gemaach, besonnesch beim operationelle Part. Mat dëser Mesure kënne béid Entreprisë Frachtkapassitéit ënnert sech verdeelen an hire Clienten ubidden. Dat mat eegene Frachtbréiwer a Fluchnummeren. De grousse Virdeel vum „Codesharing“ ass dann awer, dat sech deen sech gläichermoossen op d‘Fracht an de Passagéiertransport bezitt.

„An de leschte fënnef Méint vun eiser Partnerschaft mat der Cargolux, huet sech villes zum bessere verännert. Mir hunn eng ganz Rei vun de gesaten Objektiver zesummen erreecht“, esou de Nabil Sultan. „Mir sinn elo bereet dës Partnerschaft ze verdéiwen, wat hei mam ‚codeshare partnership‘ besigelt ass. Et sollt erlaben eng gréisser Produktpalette un eis Cliente erunzebréngen“.

„Ech sinn drop gespaant wéi sech eis Partnerschaft entwéckelt“, seet de Richard Forson. „Mam ‚codeshare partnership‘ vollzéie mir eng natierlech Entwécklung vun eiser Partnerschaft a stellen d‘Complementaritéit vu béide Gesellschaften ënner Beweis. Et sinn dann haaptsächlech eis Clienten déi vun dësem Accord am meeschte profitéieren. Mir bidden nach ëmmer déi héchste Qualitéit am Transport un, just d‘Destinatioune sinn der méi“.

E gléckleche Minister an de „Codesharing“ erkläert

Den Infrastrukturminister François Bausch an eng Delegatioun vun der Cargolux hunn sech um Méindeg dann och en eegent Bild vun Emirates SkyCargo zu Dubai gemaach. Hie schéngt erfreet iwwert de gudde Versteesdemech tëscht béide Gesellschaften. Déi sinn dann och schonn erëm op der Sich no weideren Opportunitéite fir déi operationell Zesummenaarbecht ze stäerken an auszebauen.

Als gréisste Virdeel ze gesinn, ass de Fait datt sech d‘Streckennetz enorm vergréissert an och d‘Auslaaschtung vun de Fliger wesentlech besser koordinéiert ka ginn.

De „Codesharing“ also de gedeelte Code ass eng Method am Loftverkéier, bei där sech zwou oder méi Fluchgesellschaften en Liniefluch deelen. All bedeelegt Gesellschaft féiert dëse Fluch ënnert enger eegener Fluchnummer, dem eigentleche Code. „Codesharing“ ass also eng besonnesch form vun der Zesummenaarbecht tëscht Fluchgesellschaften. Et erméiglecht de Fluchgesellschaften esou Verbindungen unzebidden déi se selwer guer net duerchféieren.

Als gréisste Virdeel ze gesinn, ass de Fait datt sech d‘Streckennetz enorm vergréissert an och d‘Auslaaschtung vun de Fliger wesentlech besser koordinéiert ka ginn. Fir de Client huet esou eng Partnerschaft och vill Avantagen. Säin Uspriechpartner ännert net an de Service bleift héichwäerteg, bei gläichzäiteg enger gréisserer Offer.

Foto: (v.l.n.r.) Henrik Ambak (Emirates); Nabil Sultan (Emirates SkyCargo); François Bausch (Infrastrukturminister); Tom Weisgerber (Ministère); Richard Forson (Cargolux); Paul Helminger (Cargolux). © Cargolux Airlines Intl.

Ähnlech Sujeten Cargolux, Emirates SkyCargo, François Bausch, Loftfracht, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel