CGFP-Exekutive op eng éischt Entrevue mam Marc Hansen
D‘Exekutive vun der „Confédération Générale de la Fonction Publique“ (CGFP)
D‘Exekutive vun der „Confédération Générale de la Fonction Publique“ (CGFP)
Zënter dem 11. Mee 2020 si méi wéi 90.000 Këschte
Bei dësem ganz agreabele Wieder, erënnert den ACL dorunner, datt et am Auto bei héijen Temperature schnell kann ongemittlech ginn, net nëmme fir de Chauffeur, mee wuel och fir d’Passagéier. „Wann ee weess, datt et an engem Auto deen an der Praller Sonn steet bis zu 60 Grad waarm ka ginn, da bedeit dat eng schwéier Laascht a gereizten Nerven“, esou den ACL.
Fir deem mat Intelligenz ze begéinen, hei dann ee puer Rotschléi vum Automobilsclub iert een d’Steier an de Grapp hëlt.
Den ACL weist dann nach dorobber hin, datt d’Temperatur déi sech an engem Auto kann entwéckelen, och vun der Faarf vun der Karosserie ofhängeg ass. Tester hunn erginn, datt op engem Auto mat wäisser Faarf d’Baussentemperatur um Dach bannent 20 Minutte vu 25 op 55 Grad geklommen ass. Bei engem Schwaarzen Auto huet d’Temperatur am gläichen Zäitraum 70 Grad erreecht.