Search

You may also like

Idles um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Idles um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

De Minister Meisch zitt d’Noutbrems
Neiegkeeten

De Minister Meisch zitt d’Noutbrems

Duerch déi massiv Kritik vum Léierpersonal op de soziale Medien,

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir
Neiegkeeten

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift

Vun enger lieweger Stad, enger gelongener Rentrée, der Digitaliséierung a politeschem Courage

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift

Et war den éischte Rendez-vous zu fréier Stonn mam Stater Schäfferot, mee Rentrée ass Rentrée, an dat net nëmme fir eis Butzen. Mee de Kaffi-Croissant um Knuedler ass ee wichtegen Termäin, bei deem ee vill Interessantes zougedroe kritt. An et ass jo och en drolegt Joer, eent dat vill Traditioune wéi och Gewinntes op d‘Kopp gestallt huet.

An awer huet de Stater Schäfferot sech de vun der Covid19-Pandemie gestallten Erausfuerderungen ugeholl, an dat bescht aus enger reegelrecht beschassener Situatioun gemaach. D‘Fouer – et sollt déi 680 Editioun sinn – ass wuel ausgefall, a fir vill Schausteller a Kiermes-Restaurateuren huet dat onweigerlech Konsequenzen. Fir de Schued méiglechst ass grenzen ze halen, gouf da gehandelt.

Sécher, déi an de ville Quartieren organiséiert lokal Kiermessen dierften, streng finanziell betruecht, net vill méi wéi eng Plooschter sinn, mee zumindest gouf eppes gemaach, fir d‘Forainen net ganz op sech eleng gestallt ze loossen. Zil war et hei och an éischter Linn, de Krapperten a Knetzelen de Summer esou schéi wéi méiglech ze maachen, firwat d‘Manege fir déi meescht gratis waren.

Stad

Zu den „Dysfonctionnementer“ beim Service Vel’OH huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer statuéiert, datt de Gestionnaire Decaux ugewise ginn ass, d‘Situatioun entspriechend ze reguléieren. Déi hunn och scho Stellung bezunn, an nieft dem Verspriechen der Saach op de Fong ze goen, huet Decaux och missen drop hiweisen, datt ee sech aktuell schwéier mam Vandalismus deet. An dësem Dossier wäert et wuel nach Gespréichsbedarf ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

De Kino um Glacis war, esou d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) richteg erfollegräich, an déi 27 ugebuede „Lounges“ wieren ëmmer séier vergraff gewiescht. Alles an allem hunn 6.525 Leit hei Entrée bezuelt. Dem Motto „D‘Stad Lieft“ gouf jiddefalls – bezunn op d‘Ëmstänn – Rechnung gedroen, an d‘Residente wéi d‘Touristen, hunn vun allem wat gebuede gouf extensiv profitéiert.

Alles mat der Rou

Natierlech war gëschter Moien och de Chrëschtmaart e Thema. Heizou dann emol dat wat sécher ass: et wäerte wéi all Joers Chrëschtbeem opgeriicht an och eng der Joreszäit ugepasste Beliichtung opgehaange ginn. Manner sécher ass ee sech wéi een ënnert Pandemie-Konditiounen ee Maart op d‘Bee stelle soll, zudeem et jo och hei da keen Alkohol also kee Glühwäin op de Stänn soll ginn.

De Schäfferot huet an dësem Kontext nach eng Entrevue mat de Forainen, muss awer och kucken, wat an der Chamber decidéiert gëtt, wou jo dat sanitäert Gesetz op de Leescht muss geholl ginn. Et ass iwwerhaapt den Evenementiel deen am Covid19-Kontext gelidden huet. An dat war bis zur lescht eng Aufgab déi vum LCTO an Zesummenaarbecht mat de Stater Servicer iwwerholl gouf.

Hei huet de Serge Wilme (CSV), dee fir d‘Gemeng als Vertrieder am LCTO-Verwaltungsrot siegéiert, informéiert, datt d‘Organisatioun vu kulturellen Events (Rock Um Knuedler; Blues & Jazz Rally, oder Plëss am Concert) elo nees integral vun der Stater Gemenge iwwerholl gëtt. Déi zwee LCTO-Mataarbechter, déi dat ënnert sech hunn, ginn einfach agegliddert a maache weider.

Glécklech wien ee Bong huet

Dat sinn erfreelech Nouvellen an och bezunn op d‘Geschäftswelt, konnt de Schäffe Serge Wilmes nach noleeën. Fir de Konsum am Stater Eenzelhandel nees ze beliewen, hat de Schäfferot ugebuede vun allen déi matmaache wollten, Akafsbongen ënnert d‘Vollek ze bréngen. Eng Iddi déi 1.086 Geschäfter iwwerzeegt an zu 21.720 Bongen am wäert vu jee 50 Euro gefouert huet. Ee Succès

Stad

Datt den LCTO zanter den 80er Joeren den „Event-Organisateur“ vun der Stad Lëtzebuerg ass, sech awer ëmmer op vill Gemengeservicer gestäipt huet, fir alles ëmmer esou erfollegräich wéi mir et an Erënnerung hunn duerchzeféieren, féiert elo derzou, datt dës Mataarbechter elo an de Service Ëffentleche Raum, Fester a Mäert vun der Stad Lëtzebuerg agegliddert ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Un de Gewënnspiller hunn eng 40.000 Leit deelgeholl, an eng 10.000 Bongen hunn esou „Preneur“ fonnt. Iwwregens: et ginn nach ëmmer Bonge verspillt an déi kann een um Knuedler am Infobus (vun 10 bis 18 Auer) nach bis den 30. Oktober ofhuelen. 5.320 vun de Bonge sinn un d‘Direktioun fir sozial Ugeleeënheeten ausgehänndegt ginn. Et sollen all d‘Awunner et eppes gutt gunn.

D‘Braderie, dëst Joer op dräi Deeg verdeelt a mat leider ville Oplagen, war och net esou wéi een et gewinnt ass. Entgéint villen Aussoe vum Public, verweist de Serge Wilmes op d‘Geschäftsleit – wou sécher deen een oder anere besser ewech komm ass – déi am allgemengen zefridde sinn. Et wier hinnen och wichteg gewiescht, datt d‘Braderie iwwerhaapt stattfonnt huet. Alles gutt also?

Digital ass scho flott

Well et wéinst dem därege Virus nach ëmmer Aschränkungen an Oplage gëtt, ass et zäitweis net ganz esou einfach a virun allem net bequem, de Biergerzenter um Knuedler ze notzen. Hei huet elo d‘Lydie Polfer nach emol insistéiert, datt dach all déi Leit, déi esouwuel mam Wëssen, wéi och dem Ëmgang mat den neien Technologie begléckt sinn, hir Demande via Internet ze maachen.

Am Zesummenhang mat enger denoncéierter Ausweisung vu Locataire op 55. Glesener Strooss huet d‘Buergermeeschtesch dann och nach e puer Präzisioune ginn. Zum enge kann een nëmmen dann op d‘Strooss gesat ginn, wat et dofir en entspriechend Uerteel gëtt, an d‘Gemeng gëtt an esou Fäll och ëmmer informéiert. Dat mécht Sënn, huet si dach och eng Rei Obligatiounen anzehalen.

Et sollt een de Phenomen net iwwerbewäerten: 2019 goufe 74 „Deguerpissementer“ annoncéiert, dovunner goufen der 43 duerchgesat, 31 Dossiere sinn annuléiert ginn. Fir 2020 sinn der bis ewell 56 annoncéiert ginn, 32 dovunner goufen exekutéiert. Am Kontext vu rezent genannte Fall, gëtt et zur Stonn keen Urteel, mee et ass richteg datt d‘Leit sollen auszéien. D‘Servicer wieren um Ball.

Verkéiersschäffe veriergert

De Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt (DP) ass wuel e liberalen, fiert awer mat Ofstand méi Vëlo wéi all seng Virgänger zesummegeholl. Esou huet déi douce Mobilitéit a méi Sécherheet fir d‘Foussgänger an d‘Cyclisten, bei dësem och ee ganz héije Stellewäert. Hie engagéiert sech fir Vëlospisten, jo esouguer fir Vëlosbrécken, mee verlaangt vun allen Acteuren eppes méi Entente.

Stad

Fir de Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, kann hien nach esou konzentréiert nokucken, et léisst sech kee Beispill bei senge Virgänger fannen, dat approximativ mat de Leeschtungen aus de leschte Jore kéint uknäppen. An de leschten dräi Joer ass méi fir déi douce Mobilitéit gemaach ginn, wéi ënnert der grénger Verantwortung. Do ee Mangel u politeschem Courage zur Sprooch ze bréngen, ass vläicht awer eppes iwwerzunn. © martine de Lagardère / moien.lu

Elo huet de gréngen Transportminister awer grad dem Patrick Goldschmidt ee gewësse Mangel u politeschem Courage ënnerstallt. Dat de François Bausch selwer als Verkéiersschäffen net esou wierklech vill Vëlospisten opgeriicht an datt d‘Brécken an d‘Kompetenz vum Staat falen, gouf hei net extra betount. Mee deen huet jo och all Interessi dorunner déi vun der grénger Oppositioun gestallte Fuerderungen ze stäipen. Dat ass héijer Politik, an d‘Roserei esou och verständlech.

Wéi och ëmmer… A punkto „Vëlo“ ass scho villes ëmgesat, aneres ass am Begrëff ëmgesat ze ginn an och d‘Bréck zum Cents schéngt beschlosse Saach ze sinn. Et ass folgerichteg net esou, datt de Patrick Goldschmidt an de leschten dräi Joer d‘Hänn an de Schouss geluecht hätt. Et wier wuel net alles Perfekt, mee muss och beduecht ginn, datt et mat de Chantieren den Ament net einfach ass.

Illustratioun: © Basil Samuel Lade / unsplash

Related topics Akafsbongen, Braderie, Kaffi-Croissant, LCTO, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Quartiers Kiermes, Schoulrentree, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Vëlospisten
Next post Previous post