Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Endlech och eng Eenegung zum Teletravail mat Däitschland
Fail Meenung

OGBL: Endlech och eng Eenegung zum Teletravail mat Däitschland

Laut Pressematdeelung huet de saarlännesche Finanzministère virgëschter matgedeelt, datt eng

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel
Fail Meenung

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel

Wéi sech d‘Theresa May an de Jean-Claude Juncker e Méindegowend

Zefridde Wënzer an eng räichhalteg Wäilies – De Bilan vun dësem Joer
Fail Meenung

Zefridde Wënzer an eng räichhalteg Wäilies – De Bilan vun dësem Joer

D’Lëtzebuerger Biowënzer freeën sech iwwert hir héich qualitativ Lies. No

dislike

EmoXien: Kee braucht se, an awer sinn se do

E Kommentar

EmoXien: Kee braucht se, an awer sinn se do

Lëtzebuerg wëll sech selwer als weltoppen, innovativ a kompetitiv presentéieren. Dat ass och d’Zil vun der Nation Branding Kampagn, déi zënter e puer Joer leeft. Ënnert deem Mantel si scho verschidden Initiative gelaf, fir Lëtzebuerg dobausse méi bekannt ze maachen. Ma während d’Mini-Natioun Island grad op der WM fir méi Bekanntheet vum eegene Land suergt, bréngt Lëtzebuerg seng eegen, héich penibel Emojien eraus. E Musterbeispill.

Ech war gëschter net grad eleng a menger Usiicht, datt d’Emoxien zimlech peinlech fir eis Natioun sinn. Net nëmmen hënnert den iwwerméissege Branding dës Initiativ, mee eleng d‘Virstellung, Lëtzebuerg bräicht seng eegen, separat Emojien, ass richteg lächerlech.

Krampfhaft ze probéieren, hip a cool ze sinn ass wahrscheinlech och „typesch Lëtzebuerg“?

Elo kéint een iwwert de Choix vun de Symboler streiden, mee dat lount net, d’Initiativ selwer kënnt net gutt eriwwer. Et ass simplistesch an ze vill drop versat, fir „cool” ze sinn. Tram, Eco-Innovatioun, Kreeslafwirtschaft – dat kléngt manner no enger Emoji-Sammlung fir Lëtzebuerg, a méi no engem Flyer fir de Rifkin-Prozess a fir de Gambia-Koalitiounsprogramm.

Op Knéie kënnt ee quasi ugerutscht a biedelt drëms, wann ech gelift mat dëse positiven Elementer a Verbindung gesat ze ginn. Et wier jo och eng Schan, wa mer Emojien fir d’Bréifkëschte-Firmen hätte, fir Luxleaks oder fir d’Wunnraumkris. Mee op mannst hu mer en Emoji – Pardon, EmoXi – fir de Wuesstem. Well wie wiisst net gären, virun allem iwwert sech eraus? Apropos iwwert sech eraus wuessen: Et kann een och säin eegenen Design erareechen. Op en ugeholl gëtt, steet zwar an de Stären, mee op mannst si mer partizipativ!

Ech maache villäicht aus enger Méck en Elefant, mee et si grad esou Aktiounen, déi mer weisen, wat fir eng aarmséileg Show den Nation Branding ka sinn. Kee Mënsch huet no deenen Emojie gefrot, kee Mënsch braucht se. Mir hunn all d‘Emojien, déi een sech nëmme virstelle kann, an e puer méi. An dach si mer ëm d‘EmoXie beräichert ginn, a si wäerte, mat grousser Wahrscheinlechkeet nees schnell a Vergiessenheet geroden.

Ähnlech Sujeten emoxies, Lëtzebuerg, Nation Branding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel