Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump an d‘Mënscherechter
dating someone with down syndrome Neiegkeeten

what if your best friend is dating your crush

Et kritiséiert ee seng Alliéiert net! Wéi keng aner US-Regierung

grind dating app
speed dating vector
dating someone with down syndrome Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

Am Wunnengsbau geet et virun ouni duer ze goen
dating someone with down syndrome Neiegkeeten

Am Wunnengsbau geet et virun ouni duer ze goen

Aus dem liberale Logementsministère waren et um Dënschdeg gutt Nouvellen

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun

Well Polen op en neits géint d‘Reegele verstouss huet, huet d‘EU-Kommissioun e weidert Verfahre missen aleeden. Och heibäi geet et nees ëm déi ëmstridde Justizreform vun der PiS-Partei, mat där eng onofhängeg Rechtsspriechung esou net séchergestallt wier.

D‘Entscheedung zur Reform war am Summer 2017 gefall, dat trotz dem heftege Protest am eegene Land, an massiver Kritik innerhalb der europäescher Famill. Beim neien Dissens tëscht Bréissel a Warschau geet et ëm de Fait, datt Riichter a Polen opgrond de Uerteeler déi si gesprach hunn, solle kënne bestrooft ginn, respektiv wéinst den Uerteeler géint si kann ermëttelt ginn.

Eng „onofhängeg“ Justiz geséich anescht aus, heescht et do aus Bréissel. An dat ass nach laang net alles. Den disziplinaresche Conseil vum ieweschte Geriicht géif net onofhängeg entscheeden, esou d‘EU-Kommissioun, déi dësem Gremium zudeem virwërft, d‘Riichter systematesch der politescher Kontroll auszesetzen. Polen huet elo zwee Méint Zäit sech dozou ze äusseren.

Hei brauch et Nerven

Dat ganzt „Gepiddels“ mat der ultranationalkonservativer polnescher Regierung (eigentlech méi bezunn op d‘PiS-Partei), huet säin Ursprong ëm Enn 2016, wou Bréissel eng éischte Kéier mat der Fauscht op den Dësch huet misse schloen. Et gouf sech informell, du formell beschwéiert, wat awer déi polnesch Regierung häerzlech wéineg, bis guer net interesséiert huet.

Justizreform

Mee och d‘Gedold vun er EU-Kommissioun ass net onendlech, an esou ass schliisslech zur Opnam vun der Infraktiounsprozedur komm, well se zu Bréissel iwwerzeegt waren, datt sech Polen hei net un d‘Vertragsregelen hält. Eng Klo ass beim europäesche Geriichtshaff (EuGH) agereecht ginn, an dat huet derzou gefouert, datt zu gudder Lescht den Artikel 7 vum Traité aktivéiert ginn ass.

Verstoppten Hannerdieren

Am Mëttelpunkt vun der Kritik: d‘Erofsetze vum Pensiounsalter fir Riichter. Hei gëtt ganz däitlech der PiS-Partei an esou der Regierung virgeworf, dës Moossnam gewielt ze hunn, fir esou séier wéi nëmme méiglech, eegen, sougenannt „Regierungstrei Riichter“, an de Geriichter ze etabléieren. Dat ass zumindest d‘Opfaassung vun der EU-Kommissioun.

Wéinst der „Zwangspensionéierung“ hat d‘EU-Kommissioun am August 2018 beim EuGH eng Klo agereecht, déi am November ugeholl a verëffentlecht ginn ass. Elo dann eng nei „Affär“ déi sollt se sech duerchsetzen, Polen héije Strofen aussetze géif. Et wier esouguer denkbar, datt Polen säi Stëmmrecht kéint entzu kréien. Dat ass awer wierklech nëmmen eng Hypothees…

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Artikel 7 EU-Traité, EU-Kommissioun, EUGH, Justizreform, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel