Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
International Neiegkeeten

Garage Losch: Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht

Dës Woch war an der Garage Losch, am Showroom vun der

Russesche President erëffent ëmstridde Krim-Bréck

Russesche President erëffent ëmstridde Krim-Bréck

De Vladimir Putin huet sech gëschter kuerzfristeg an d‘Roll vum Lokomotivféierer versat an déi 19 Kilometer laang Krim-Bréck mat enger Zuchfaart ageweit. Géint dës Bréck haten d‘Europäer mat den USA heftegst protestéiert. Si gouf awer festgestallt a gëtt elo och genotzt…

Bei der Zuchfaart iwwert déi längste Bréck vun de russescher Federatioun, hat sech de President Vladimir Putin vum Staatsfernseh begleeden a filme gelooss. Den Houfert war him ofzegesinn, wéi hien an der Steierkabinn den Uerder zum Depart ginn huet. Hien huet sech et och net huele gelooss uschléissend mat den Aarbechter an engem Waggon Téi ze drénken. E coolen Optrëtt fir eng Bréck.

Woubäi d‘Bréck schonn 2018 fir den Autosverkéier opgemaach gouf. An awer kann ee verstoen, datt se zu Moskau d‘Ouverture fir den Eisebunnsverkéier als dat Ereegnes vum Joer bezeechnen. D‘Bréck mécht et méiglech, datt d‘Krim nees vum russesche Festland erreechbar ass, virdrun huet ee missen duerch d‘Ukrain fueren. A während sech de Vladimir Putin an d‘Fauscht laacht…

Vollendet Tatsaachen

Elo ass dës Bréck awer net nëmmen e Prestigeprojet, et ass de leschten Nol mat deem d‘Krim der russescher Federatioun ugeschloss gëtt. An natierlech hunn d‘Ukrain, d‘Europäer an d‘USA massiv protestéiert, well si sech nach ëmmer drop behaapten, datt d‘Krim zur Ukrain gehéiert. Dat awer éischter rhetoresch, well zanter Jore wëssen dës Acteuren, datt Zukunft vun der Krim russesch ass.

Krim-Bréck

De Vladimir Putin virun der Zuchfaart. Virun der Erëffnung vun der Eisebunnslinn, huet sech de russesche President nach emol eng Rei Detailer zum Projet erläutere gelooss. © pressTV

Freeë kënnen sech awer d‘Acteure vun der Tourismusbranche. Mat dëser Verbindung kënnen d‘Touristen nees zimlech kamoud d‘Hallefinsel erreechen. Bis zum Konflikt 2014 hunn hei Millioune leit all Joer un de Stränn Vakanz gemaach. Bis d‘Bréck fäerdeggestallt gouf, war et nëmme méiglech mam Fliger via Simferopol, dës beléifte Vakanzendestinatioun ze erreechen.

Mat der Bréck a besonnesch der Eisebunnsverbindung, dierft et nees eppes méi einfach a virun allem och méi bëlleg ginn, op der Krim Vakanz ze maachen. Mee och wirtschaftlech ass et ee grousse Worf. Ab Januar soll de Wuereverkéier mat der Eisebunn och derzou bäidroen, datt villes nees accessibel gëtt. Datt ënnert dësen Ëmstänn d‘Krim nach emol ukrainesch gëtt, ausgeschloss.

Aus Lëtzebuerger Siicht

Interessant an dësem Kontext och d‘Remark vum Stater KPL-Sektiounspresident Jean-Marie Jacoby. Nieft dem Hiweis, datt déi 19 Kilometer laang Bréck iwwert d‘Strooss vu Kertch wiesentlech méi séier fäerdeggestallt konnt ginn, wéi dat bei engem Tunnel vun der Nordstrooss gaangen ass, berifft och hien nach emol op déi soi-disant „Annexioun“ vun der Krim.

Krim-Bréck

De russesche President am Fuerstand vun der Lokomotiv © pressTV

„Anstatt de Russen zu dëser Ingenieursleeschtung ze gratuléieren, falen de Pleitegeier aus USA an EU nëmmen déi al Litaneien zur vëlkerrechtswiddreger Annexioun vun der Krim duerch déi russesch Federatioun an. Esou gëtt datt garantéiert näischt mat der Vëlkerverstännegung“, esou de Jean-Marie Jacoby, deen och d‘Grënn fir den Ierger vun den Europäer an den Amerikaner kennt.

Et géif dem militär-industrielle Komplex d‘Geschäftsgrondlag entzéien, firwat et och noutwenneg ass, sech weiderhi konsequent dem Fakt ze verwieren, datt d‘Mënsche vun der Krim nom Putsch zu Kiew an engem Referendum beschloss hunn sech der russescher Federatioun unzeschléissen. Si hunn deemools d‘Vëlkerrecht op Selbstbestëmmung genotzt, wat den „Atlantiker“ friem ass…

mat indymedia/mov/ffn

Ähnlech Sujeten Annexioun, Krim, Krim-Bréck, Russland, Ukrain, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel