Search

You may also like

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“
International Neiegkeeten

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“

D’Stad Lëtzebuerg huet elo annoncéiert, datt vum 29. November bis

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“
International Neiegkeeten

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
International Neiegkeeten

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter

22 Deals – 8 Milliarden US-Dollar – dräi Empfänger

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter

Et ass keng wirtschaftlech mee ganz entscheet e politesch Entscheedung, an den Dissens mam Iran mécht et dem Donald Trump och verhältnesméisseg einfach. Seng Ekipp jiddefalls huet et esou gedréit kritt, datt Waffegeschäfter am Wäert vun 8 Milliarden US-Dollar elo kënne getätegt ginn.

Bedenke vum demokratesch beherrschte Kongress interesséieren d‘Trump-Regierung séier wéineg, an den US-Ausseminister Mike Pompeo stellt kloer: „dës Waffenexporter sinn eng Fro vun der nationaler Sécherheet a géifen aus dësem Grond och geneemegt“. De Verkaf vun dëse Waffe géif den Amerikaner hir Alliéiert ënnerstëtzen an d‘Stabilitéit an der Regioun sécheren…

Waffegeschäfter

Gemengt ass hei: d‘USA liwwere Waffe fir datt d‘Länner am noen Osten sech géint den Iran wiere kënnen. Beim Deal geet ëm Technik fir d‘Geheimdéngschter, Munitioun, Ersatzdeeler an anert mäerderescht Geschir. Alles an allem sinn 22 Handelsverträg am Géigewäert vun 8 Milliarden US-Dollar mat Jordanien, Saudiarabien an de Vereenegten Emirater an dréchen Dicher bruecht ginn.

Den US-Militärkomplex reift sech d‘Fangeren

Getrei dem trumpsche Motto „America First“ sinn et natierlech an éischter Linn d‘Konzerner vum US-Militärkomplex: Raytheon, Lockheed Martin a Boeing déi dat grousst Stéck vum déidleche Kuch fir sech beusprochen. Mee et kéinten sech och europäesch „Player“ vun dësem Geschäft profitéieren. BAE an Airbus kéinten d‘Bommen zu de Kampffliger – déi si verkaf hunn – liwweren.

Waffegeschäfter

An d‘Freed bei de Waffeproduzenten dierft grouss sinn, well dëst Geschäft ass scho bal e Kaddo. Eigentlech ass d‘US-Regierung verflicht Waffegeschäfter am Kongress unzekënnegen an dësen iwwert dem Ëmfang an d‘Grënn fir d‘Transaktioun ze informéieren. Den US-Kongress kann dann den Deal iwwerpréiwen an huet d‘Recht sech ze opposéieren. Dat wier hei och de Fall gewiescht.

Et dierf een drun erënneren, datt an de leschte Méint net nëmmen d‘Demokraten, mee och vill Republikaner, sech Waffegeschäfter entgéint gestallt hunn. Dat virzuchsweis bei Deals mat dem saudesche Kinnekräich an/oder den arabeschen Emirater. Politiker aus béide Lager haten an dësem zesummenhang och ëmmer nees d‘Mënscherechtsverletzungen am Jemen-Konflikt genannt.

mat indymedia/was

Related topics Jordanien, Mike Pompeo, Noen-Osten, Saudiarabien, UAE, USA, Waffegeschäfter
Next post Previous post