Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!
https://moien.lu/radiocarbon-dating-oldest-age/ free online dating sites in virginia

https://moien.lu/dating-with-ibs-reddit/

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

generic dating profile
https://moien.lu/radiocarbon-dating-oldest-age/ free online dating sites in virginia

Erkenns du dës Kierchtierm?

Et ginn honnerte vu Kierchen zu Lëtzebuerg. Do kann et

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
https://moien.lu/radiocarbon-dating-oldest-age/ free online dating sites in virginia

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou

Den 1. November soll déi nei Kommissioun hir Aarbecht ophuelen, mee et gëtt nach Problemer

Ëmstridden EU-Kommissäre suerge fir Onrou

Esou eppes wéi bei dëser EU-Kommissioun hat een nach net erlieft, och wann, nodeems d‘Ursula von der Leyen – déi bis no den EU-Wahlen net zur Debatt gestanen hat – zur Nofolgerin vum Jott-zé-Jott bestëmmt ginn ass, d‘Virzeechen net méi konnten iwwersi ginn.

Dobäi soll déi fréier däitsch Verdeedegungsministesch a Mamm vu 7 Kanner den 1. November mat hire 26 Kommissären d‘Aarbecht ophuelen. Bei enger gudder hallwer Dosen ass nach net gewosst, ob se iwwerhaapt zum Kommissär daachen, villes jiddefalls déit den Ament drop hin, dat déi virun allem déi eegen Interessen (an déi vun de Frënn) wäit virun déi vun der Allgemengheet setzen.

EU-KommissäreHei ass rieds vun Interessekonflikter, alen Affären, lafenden Ermëttlungen a soss Gedeessems dat eppes kriminell Energie verlaangt. Wie kee Bandit ass, muss sech gefale loossen als „onfäeg“ gefeiert ze ginn, wat zumindest nach ëmmer besser ass, wéi dat engem déi politesch „Ausriichtung“ zum Virworf gemaach gëtt. Bei esouvill „Enthusiasmus“ sinn negativ Schlagzeile ganz normal.

Wollten si d‘EU net nees Attraktiv maachen?

Elo ass et hei awer net fir dem Ursula von der Leyen alles an d‘Schong ze drécken. Ernannt ginn d‘Kommissären nach ëmmer vun de Länner, an et dierf och all Land een zu Bréissel entsuergen. Déi nei Cheffin kann do beschtefalls versichen „Afloss“ ze huelen, woubäi och dat nees heescht, datt et ganz kloer zu „Gemauschels“ kënnt, ee regelrechte Kouhandel hannert zouen Diere stattfënnt.

EU-KommissäreDat hätt, esou en Insider, virun allem domatter ze dinn, datt déi meescht Länner hire politeschen Offall zu Bréissel oftippen. E bëssi esou, wéi Elteren déi hire Nowuess an de Veräiner parken. Dat féiert dozou, datt et net wierklech Leit sinn, deenen een esou eppes wéi Kompetenz an Éierlechkeet kéint ënnerstellen. Am EU-Parlament, datt déi „bestätege“ muss, gesäit et zuweilen net besser aus.

Virwërf statt konstruktiver Kritik…

Interessant an dësem Kontext, datt sech d‘EU-Kommissiounspresidentin elo muss de Virworf gefale loossen, sech net genuch abruecht an esou kee Beitrag geleescht ze hunn e Spëtzenteam opzestellen. Halen sech dës Virwërf, kéint et passéieren, datt déi éischt Presidentin vun der EU-Komissioun net wéi geplangt den 1. November hiert Mandat untriede kann. Kléngt komplizéiert? Ass et jo och.

EU-KommissäreZanter e Méindeg ginn déi vun de Länner „virgeschloe“ Kandidaten an den Ausschëss vum EU-Parlament op hir „Tauglechkeet“ gepréift. E Prozess dee schwiereg ass, well et ganz vill Vertrieder gëtt, déi de Projet „Europa“ vu bannen eraus sabotéiere wëllen. Dobäi ass jo awer gewosst, datt d‘Parlament an enger Schlussofstëmmung d‘Ekipp vum Ursula von der Leyen muss unhuelen.

Dommheet oder Absicht

De Projet Europa ass ee gudden a jidderee wier gutt beroden dat net op d‘Spill ze setzen. Firwat een awer ëmmer nees den Androck bestätegt kritt, d‘Kommissioun an d‘Parlament hätten sech fest virgeholl d‘Institutioun ze ridiculiséieren an Bierger aus der Unioun ze veraarschen, léisst sech hei nëmme spekulativ beäntwerten. Europa ass dann och méi wéi d‘EU vun de Lobbyisten, oder net?

EU-KommissäreAn hei fänken d‘Problemer un: d‘Länner schécke fir gewéinlech déi Politiker op Bréissel déi si bei sech net méi gebrauche kënnen, stellen ëmmer déi national Interessen an de Mëttelpunkt an sinn och nëmmen da kompromëssbereet, wa si en däitleche Virdeel fir sech gesinn. An da ginn och nach Leit „nominéiert“ déi am Kontext vun de Walen iwwerhaapt net zur Wiel gestanen hunn.

mat indymedia/bru

Foto: De Karl-Heinz Lambertz (President vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch an dem „europäeschen Ausschoss vun de Regiounen“) ass iwwerzeegt datt een eng nohalteg an inklusiv europäesch Unioun opriichte kann. Dat geet net ouni pro-europäesch EU-Kommissären, an do schéngt et erwisenermoosse krass Defiziter ze ginn. Dat kënnt dovunner wann een de Lobbyiste vun Industrie a Wirtschaft d‘Hausschlësselen iwwerléisst a si d‘Gesetzer maachen dierfen. © Europeean Commitee of the Regions

Ähnlech Sujeten EU-Kommissär, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, EU-Parlament, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel