Search

You may also like

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?
Neiegkeeten

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?

Kanner ze kréien ass eng perséinlech Decisioun. Eng granzeg Mamm

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit
Neiegkeeten

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit

Nodeems elo gewosst ass, datt sech un den Aschränkunge bis

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!
Neiegkeeten

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

[onionbuzz quiz-id=126][/onionbuzz] De Kanton Miersch befënnt sech mëtten am Häerz

Minister zitt ëmstriddent Gesetz zeréck

Wann et genuch Krisen an enger Kris gëtt, muss een eng weider net zwéngend erausfuerderen

Minister zitt ëmstriddent Gesetz zeréck

Dem Educatiounsminister Claude Meisch säi Gesetzprojet 7662, deen e Mëttwoch hätt sollen an der Chamber zum Vott gestallt ginn, hat massive Protest ausgeléist a wuel och Koalitiounsintern zu Gespréichsbedarf gefouert. Ma ee Mëttwoch ass dat dann elo keen Thema méi, dëse Punkt gouf vun der Dagesuerdnung gestrach.

Wat war et awer och nees en Zodi, deen dësen Text ausgeléist huet, dobäi huet et de Minister dach nëmme gutt gemengt an et hunn och keng béis Absichten hannert sengem Gesetzprojet gestach. Dat ass déi offiziell Versioun… Richteg ass villméi, datt sech Zivilgesellschaft (Studentevertriedung & Gewerkschaften) an Oppositioun, méiglecherweis och Frënn a Kolleegen aus dem eegene Lager hei géint d‘Gesetz opgestallt hunn.

Wärend déi eng mëttels Communiqué de Fanger an d‘Wonn geluecht hunn, hat d‘CSV-Fraktioun an d‘Chamber agelueden, fir op déi mat esou engem Gesetz erbäiféierend Problemer hinzeweisen. Et wier een sech an der CSV eens, datt et ënnert kengen Ëmstänn dierf zu enger „Braderie“ am ëffentlechen Déngscht kommen, an dëst Gesetz, géif et ugeholl, schlecht Aussiichte fir Schoul a Verwaltung mat sech bruecht hätt.

Gesetz

Ausléiser oder Motivatioun vum Minister dëst Gesetz op den Instanzewee ze bréngen, wier de Manktem u „Kandidaten“ aus dem „natierlechen Ëmfeld“. Betraff waren an dësem éischte Projet, sougenannt spezialiséiert Lycéeë wéi: Infirmièresschoul, IFEN, Hotelschoul an Akerbauschoul. Woubäi ee keen „oppositionelle“ muss sinn, fir ze wëssen, datt dës Koalitioun Schiedleches gären an homeopatheschen Dose verofreecht.

D‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen huet der Press gëschter mat vill Expertise opgewise wouhinner dat alles féiere kann. Si huet zudeem kloer gestallt, datt och esou Institutioune wéi den Athenäum an/oder den ECG, wéi vill Aner Lycéeën, sougenannt „Spezialiste“ sinn, bezunn op hir Bildungstechnesch Schwéierpunkten. Et ass een folgerichteg gutt beroden d‘Schoulen/Lycéeën net géintenaner auszespillen.

Eigentlech onverständlech

Firwat et am Educatiounsministère – schliisslech ass de Claude Meisch jo och vun enger Ekipp aus Experten an Zeenekenner ëmginn – iwwerhaapt zur stänneger Provokatioun vu Personal, Schüler a Gewerkschafte kënnt, léisst sech beim beschte wëllen net empiresch erklären. Anersäits ass et och richteg, datt dës Regierungskoalitioun och mat de Sozialiste staark beméit ass, d‘Privatiséierung vun ëffentleche Servicer virunzedreiwen.

Haut hätt sech dann och d‘CGFP zu dësem an all Artikel mat den Hoer erbäigezunnen Textbausteng solle positionéieren, iert et da muer virum Cercle zu grousser Demo géint d‘Gesetz komm wier. Do awer ass een, wéi et aus dem Communiqué ze enthuelen ass, schonn emol ganz zefridden, datt dëst Gesetz net méi op der Dagesuerdnung vun der Chamber steet. Den Drock deen d‘Fachverbänn vun der CGFP opgebaut hunn, hu Wierkung gewisen.

Gesetz

Elo ass awer d‘Gesetz vläicht vun der Dagesuerdnung gestrach, mee net ad acta geluecht ginn. Aus dem Educatiounsministère heescht et lapidar, datt een den „Debat an aller Rou féiere wëll“. Do gëtt ersiichtlech, datt d‘Privatiséierungsabsiichte selwer weider Bestand hunn an esou d‘Kou och nach net vum Äis geholl gouf. Dat bewierkt, datt d‘Zivilgesellschaft dann awer e Mëttwoch wäert op der Plëss musse Faarf bekennen.

Zudeem sollt een déi liberal Politike vun DP an déi gréng net ënnerschätze, besonnesch wann sech déi sozialistesch Bourgeoisie mam Gedanke „schlanke Staat“ längst offonnt huet. Zudeem ass déi schonn am SCRIPT, dem CTIE an dem Educatiounsobservatoire ëmgesat ginn. Dat awer dat ganzt privatiséiere méi schued wéi hëlleft, beweisen Energieversuergung (Enovos) a Kommunikatioun / Finanzdéngschtleeschtung (POST/BCEE).

Foto: D‘CSV-Fraktiounspresident Martine Hansen huet gëschter nach emol betount, datt déi an dësem (éischte) Gesetzprojet 7662 genannte Lycéeë keng Schoulen zweeter Klass sinn. Et wier zudeem gelunn, datt et net genuch Kandidate gëtt. Mee wann een natierlech net bereet ass sech op den Dialog anzeloossen, kann engem esou eng Informatioun entwutschen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics CGFP, Claude Meisch, CSV-Fraktioun, Educatiounsminister, Gesetzprojet 7662, Gewerkschaften, Maniff, Protest
Next post Previous post