De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki
Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn
Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn
Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung
Här Premierminister, Et war mat groussem Interessi wou mir den
Franséisch Regierung zitt en ëmstriddent Gesetz zréck, dat d‘Filmen/Fotograféiere vu Policeasätz aschränkt. De LREM-Fraktiounschef a fréieren Inneminister, Christophe Castaner, huet erkläert, et hätt d‘Onverständnis vun de Medien an der Ëffentlechkeet zur Kenntnis geholl. Elo soll de ganzen Text nach emol op de Leescht geholl an iwwerschafft ginn.
Dobäi gëtt net dat gesamt „globaalt Sécherheetsgesetz“ a Fro gestallt. De Sträit deen sech elo säit ee puer Wochen entwéckelt, bezitt sech op den Artikel 24, mat deem d‘Integritéit an d‘Sécherheet vun de Poliziste soll verbessert ginn. Wier dëst Gesetz esou ugeholl ginn – a wäit dovunner ewech war een dës Kéier net – kéint d‘Verëffentlechung vu Biller mat Polizisten am Asaz eng ganz deier ginn.
Woubäi de grondsätzleche Gedanken derbäi, also ze verhënneren datt Biller am Internet publizéiert ginn, dat mam eenzegen Zweck d‘Beamte kierperlech wéi séilesch ze verletzen, u sech net a Fro gestallt gëtt. An esou hat d‘Nationalversammlung déi lescht Woch dësem Text, wou de Verstouss bis zu engem Joer Prisong an/oder 45.000 Euro Geldstrof abruecht hätt, dann och zougestëmmt.
Et wier elo um Senat gewiescht, dat globaalt Sécherheetsgesetz ze bestätegen. Allerdéngs huet de Protest vum Weekend, bei deem am ganze Land eng 135.000 Mënschen (dovunner eleng zu Paräis 45.000) op d‘Strooss gaange waren, seng Wierkung entfaalt. Et dierft awer och eng Roll gespillt hunn, wéi sech d‘Polizisten am Hexagon an de leschte Woche beholl hunn: éischter Grenzwäerteg.
De „leschten Nol“ dierft den Iwwergrëff vu Policebeamten, géint de Paräisser Museksproduzent Michel Zecler, ageschloen hunn. Schonn déi eppes rabiat Opléisung vum Migrantelager op der Place de la République an eng helle Wull u schlechten Ugewunnechten, wéi beispillsweis den SDF d‘Schlofsäck ze zerschneiden, fir se ze verdreiwen… Et sinn natierlech alles nëmmen Eenzelfäll.
mat indymedia/par
Foto: Och esou Opname sollte mëttels dem Artikel 24 am globale Sécherheetsgesetz onméiglech gemaach ginn. Also zumindest d‘Verëffentlechung. D‘Medien an d‘Zivilgesellschaft hunn sech dergéint verwiert, ouni groussen Erfolleg. De Weekend gouf demonstréiert an et ass natierlech zu Geklapps a Vandalismus komm. Elo huet den Emmanuel Macron d‘Handbrems gezunn. © EV / unsplash