Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
wer hat erfahrung mit dating cafe https://moien.lu/dating-fame-reddit/

https://moien.lu/dating-someone-with-glasses/

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

dating site profile headline examples
wer hat erfahrung mit dating cafe https://moien.lu/dating-fame-reddit/

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
wer hat erfahrung mit dating cafe https://moien.lu/dating-fame-reddit/

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?

14 EU-Länner ënnerstëtzen de Prinzip vum däitsch-franséische Kompromëss

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?

Et schéngt sech endlech eppes ze doen an der europäescher Flüchtlingspolitik. Beim Meeting vun de Representanten aus den EU-Länner zu Paräis, soll et zu engem prinzipiellen Averständnes komm sinn, wéi ee mat der Ëmverdeelung vun den, am Mëttelmier aus „Séinout“ gerette Migranten, an Zukunft kann a soll ëmgoen. 14 Länner hunn dem däitsch-franséische Kompromëss zougesprach.

Aacht vun dëse Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hätten eng „aktiv Bedeelegung“ zougeséchert, esou den Emmanuel Macron gëschter. Schued, well si eigentlech de gréisseren Notze vun dësem „Programm“ hätten, dat Italien sech mat zwee Féiss géint dës Léisung stäipt. Woubäi een Italien muss zerguttst halen, datt si an der éischter Linn Stinn an hinne laang ze vill zougemutt gouf.

En éischte Schratt wier gemaach…

No der Entrevue tëscht dem Franséische President, dem Chef vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR, Filippo Grandi an dem Chef vun Organisatioun fir Migratioun (OIM), Antonio Vitorino, koum déi grouss Annonce. Si haten der EU geroden: „Statt iwwert d‘Verdeelung vun de Migranten ze streiden a Schëffer mat Migranten Deeglaang d‘Afaart an en Hafen ze verweigeren, sollten si sech nees besënnen an déi staatlech Rettungsmissiounen nees ophuelen“.

MigranteDen Emmanuel Macron huet uschléissend bestätegt, datt et eng „Koalitioun“ vu 14 Länner gëtt, déi enger aktiver Bedeelegung um däitsch-franséische „Verdeelungsprogramm“ zougestëmmt hunn. Aacht vun de Länner goufen ernimmt: Däitschland, Finnland, Frankräich, Irland, Kroatien, Litauen, Lëtzebuerg a Portugal. Wien déi aner sechs Länner sinn, dat huet de franséische President leider net verroden. Et wier awer net vu Muttwëll gewiescht dat ze begrënnen…

…elo sollt een net ënnerwee hänke bleiwen

Et gesäit fir déi weider „Schrëtt“ esou schlecht net aus, och wann dem Emmanuel Macron sech gewënscht hätt, méiglechst alleguerten d‘Memberlänner fir de gemaachte Virschlag ze gewannen. En Optimismus deen den däitschen Ausseminister Heiko Maas ze deele schéngt. Deen ass ugesiichts dem erziilte Fortschrëtt zouversiichtlech, datt eng Léisung zum gräifen no ass.

Migrante

Informell Aarbechtssëtzung zur Migratioun am Mëttelmier © J. Sarago – MEAE

Aus dem Elysée dann nach de Statement: „Et ass méiglech bis September en Accord mat 12 bis 15 Länner ze fannen, an esou méi Effizienz an Humanitéit bei der Opnam vu Migranten un de Küste vum Mëttelmier sécherzestellen“. Däitschland a Frankräich hunn sech fir eng „Koalitioun vun den Hëllefsbereeten“ staark gemaacht. Dofir gouf et Zousproch an Ofleenung gläichermoossen

Um gudde Wee, mee wou ass d‘Zil?

Wann et dann awer heescht: „mir sinn nach net um Zil, mee scho vill méi wäit wéi dat bis dato de Fall war“, muss een uecht doen. Politesch Rhetorik ass net geduecht fir sech op eppes festzeleeën, an esou wéi hei, dréit net emol de Kontext derzou bäi, dat als eng „gutt Nouvelle“ festzemaachen. Och d‘Géigner vum „Virschlag“ wäerten hire Standpunkt gewënnbréngend ze vermaarte wëssen.

MigranteMee et soll ee positiv bleiwen, well mat dëser Koalitioun vun de „Wëllegen“ kéint endlech Schluss domadder sinn, datt Schëffer keen Zougang zu engem sécheren Hafe kréien an d‘Besatzunge vun de Schëffer, déi Rettungsmissiounen am Mëttelmier duerchféieren, kriminaliséiert ginn. Déi maache jo schliisslech näischt anescht wéi d‘Schierbele vun enger verfeelter EU-Aussepolitik opzesammelen.

Dozou Italien: „Neanche per Sogno!“

Ee vun den Haaptproblemer fir d‘Koalitioun vun de Wëllege bleiwen Italien a Malta. De Matteo Salvini, President vun der faschistescher Lega Nord an aktuelle (nach) Inneminister vun Italien, stäipt sech géint de solidaresche Mechanissem an schreift op Twitter: „Italien ass net weiderhin d‘Flüchtlingslager fir Bréissel, Berlin oder Paräis“. Eng Ausso déi an Italien vill Zousproch huet.

Woubäi et traureg ass musse festzestellen, datt sech den Italiener ze schued war, fir un dësem jo awer wichtegen Treffen deelzehuelen. Keen hätt sech erwaart, datt de Matteo Salvini seng Siicht géif änneren, mee et gehéiert sech unzehéiere wat den europäesche Partner ze soen huet. Manéiere sinn awer an der politescher „New World Order“ net ubruecht, randaléieren ass mëttlerweil tromp.

Alles kann… näischt muss

Déi italienesch Regierung – déi tatsächlech laang am Stach gelooss gouf, wat politesch fir Populisten a Faschiste gläichermoossen e Kaddo war – refuséiert de Rettungsschëffer all Zougang zu hiren Häfe mam Argument, datt et keng „gedeelte Verantwortung fir Opnam vun de Migranten, déi iwwert d‘Mëttelmier no Europa kommen, géif ginn. An net nëmmen Italien betount dat.

MigranteEn ähnlecht Argument huet och Malta virbruecht, wat derzou gefouert huet datt beim informellen Treffe vun den Inneminister zu Helsinki (18. Juli) béid Länner, ënnerstëtzt vun Ungarn a Polen, de Kompromëssvirschlag fir eng Iwwergangsléisung zréckgewisen haten. Déi hat doranner bestanen, datt béid Länner hir Häfen opmaachen an d‘Migranten zäitlech befrist an der EU verdeelt ginn.

En diplomatesche Summer

Wann den ëmstriddenen Italiener keng „Uerder entgéint hëlt“ esou ass et a gewësser Mooss awer och en Diplomat. Wuel ee vun de schwieregen, mee och hie brauch déi europäesch Famill, fir säi politesche Programm an Italien ëm- an duerchzesetzen. Dat géif zumindest erklären, firwat hien, deem Paräis „ze wäit“ war, den Emmanuel Macron zu Gespréicher op Roum agelueden huet.

Bei dëser Entrevue, déi de franséische President net refuséiere kann, et ass schliisslech a wäiten Deeler säi Projet, soll nach emol iwwert de gemeinsamen, vun Italien a Malta virgeluechte Propos diskutéiert ginn. An hirem Pabeier hunn dës Länner virgeschloen, statt dem Mechanissem fir d‘Verdeelung, Ariichtungen an den Nopeschlänner solle geschafe ginn. Do soll dann d‘Identitéit vun de Migranten iwwerpréift ginn, iert se weider Richtung a Europa dierfen…

A während sech d‘Politik op e laangen diplomatesche Summer astellt, verléieren d‘ONGen an Hëllefsorganisatioune keng Zäit. Si kënnen dem Gestreits – dee mat eppes Solidaritéit guer net bestoe géif – näischt ofgewannen. Am Mëttelmier stierwe Mënschen, an dat ass net zoulässeg. Si bleiwen aktiv, a wéi mir gëschter beriicht hunn, ass och nees en „neit Schëff“ ënnerwee.

mat indymedia/par/bru

Foto: Informell Aarbechtssëtzung zur Migratioun am Mëttelmier © J. Sarago – MEAE

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Jean Asselborn, Matteo Salvini, Mëttelmier, Migranten, OIM, UNHCR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel