Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!
Neiegkeeten

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch a senger Verdeedegungsformatioun um

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie
Neiegkeeten

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie

Gëschter huet déi Europäesch Kommissioun eng europäesch Strategie presentéiert, fir

Eng „anonym an explosiv“ Tribün an der New York Times veriergert den US-President
Neiegkeeten

Eng „anonym an explosiv“ Tribün an der New York Times veriergert den US-President

No der Verëffentlechung duerch d‘New York Times vun enger Tribün,

Ee proppere Planéit fir eis all?

Ee proppere Planéit fir eis all?

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert muer um Ëmweltrot vun der Europäescher Unioun zu Lëtzebuerg deelhuelen. D’Diskussioune wäerten sech ëm déi nächst Konferenz vun de Vereenten Natiounen zum Klimawandel (COP25), déi vum 2. bis den 13. Dezember 2019 am Chile stattfënnt, dréien. Zil ass et Conclusiounen ze treffen an d’Positioun vun der EU festzeleeën.

Op Ufro vun den Éisträicheschen, däitschen a Lëtzebuerger Delegatiounen ass et virgesinn, datt d’Ëmweltministeren een Echange zur Taxonomie zur nohalteger Wirtschaft wäerten hunn, wat mat engem Ecolabel fir finanziell nohalteg Produite verbonnen ass. Déi dänesch Delegatioun gesäit zudeem vir d’Fortschrëtter ze presentéieren, déi bis ewell zur Fërderung vu Gefierer mat 0 Emissiounen ze verzeechne sinn. Finnland wäert beim Rot seng Aarbechten zum relative Reglement zu den Euro 5 an Euro 6 Autoe virstellen.

Generell wäerten d’Gespréicher am ganze Grupp och ëm d’Adaptatioun vun engem 8. Aktiounsplang fir d’Ëmwelt goen. Eng Rei Conclusiounen sollen am Beräich vun der politescher Orientatioun um EU-Niveau fir d’Ëmwelt an de Klimawandel fir d’Period 2021-2030 getraff ginn, sou wéi och Schlussfolgerungen zur Kreeslafwirtschaft an der systematescher Transitioun zu enger nohalteger Gesellschaft festgehale gi mussen.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, COP25, Ëmweltministesch, Ëmweltrot, EU, Klimawandel, Kreeslafwirtschaft, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel