Konditiounen Gewënnspill Béier-Adventskalenner
Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.
Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.
Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun
Ab dem 1. Mee 2020 ass den Accueil vun Déieren
D‘Spezialekippe vum CGDIS waren um Sonndegmueren zu Ëlwen op en Asaz geruff ginn, nodeem um Samschdeg „Verschmotzunge“ festgestallt goufen. Laut dem Schäffe Guy Henckes – dee selwer bei de Pompjeeën ass – wier de CGDIS géint 10 Auer um Sonndegmueren alertéiert ginn. D‘Police war schonn e Samschdeg op der Plaz (Industriezon Schleed).
Déi geet dovunner aus, datt déi insgesamt 18 Container déi opfonnt goufen, vun engem Camion do „ofgestallt“ goufen. Laut der Beschrëftung sollten dës Container Isoléiermaterial enthalen hunn, mee si schéngen zu engem aneren Zweck verwennt gi sinn. Laut den Erkenntnisser, hätten d‘Täter d‘Deckele vun de Container mat enger See opgeschnidden an uschléissend dës nees op de Behälter mat enger Aart Schaum nees verschloss.
Eng deraart schlecht gemaachten Aarbecht, déi derzou gefouert huet, datt den Inhalt aus eben dëse Container nees ausgelaf ass. Säitens der Police heescht et, datt zur Stonn Ënnersicht gëtt, ëm wéi eng Substanzen et sech heibäi handelt. Et ass wuel Ueleg derbäi, mee och eng nach net identifizéiert „haart“ Substanz. D‘Police geet an dësem Fall och vun enger krimineller Handlung aus. Ëm dëse fir Lëtzebuerg éischter seelene Fall muss sech elo d‘Justiz këmmeren.
D‘Police huet dann och nach drop higewisen, datt et rengen Zoufall ass, datt eng wäitreechend Verschmotzung konnt verhënnert ginn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt d‘Ofwaasserkanäl op dëser Plaz méi héich geleeë sinn. Aus dësem Grond an den Dreck „just“ op d‘Wiss gelaf. Säitens der Staatsanwaltschaft heescht et, datt nieft dem kriminaltechneschen Déngscht vun der Police, och d‘Ëmweltverwaltung mat der Enquête beoptraagt gouf.
Foto: D‘Corpse vun Ëlwen, Wëntger a Klierf hunn an der Industriezon „Schleed“ – hei gouf virun engem Mount den Asphalt geluecht – sech mat nach onbekannte Substanze misse ploen. D‘Police geet an dësem Fall vun enger Strofdot aus. © CGDIS