Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)
how long dating before a relationship

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

red flags how to know when you're dating a loser
how long dating before a relationship

https://moien.lu/best-dating-apps-thailand/

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!
how long dating before a relationship

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

E Mëttwoch huet den Europäesche Rechnungshaff ee Sonderbericht zum Wuelergoe

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?

E Freideg huet ArcelorMittal annoncéiert, datt et an den Dossieren „Diddeleng“ a „Léck“, déi zwee Sitte vum Stolproduzent déi opgrond den EU-Reegele fir d‘Konkurrenz musse verkaf ginn, zu engem Accord komm ass. Domatter geet de Site vun der ArcelorMittal zu Diddeleng an de Besëtz vun „Liberty House“ iwwer. Dat ass en indesche Finanzfong an keen Acteur vum Stolsecteur.

Mam Verkaf u Liberty House, entsprécht de Lëtzebuerger Grupp den Ufuerderungen, déi am Kader vun der Reglementatioun vun der Konkurrenz, nom Opkaf vum italienesche Grupp „ILVA“, vun der EU-Kommissioun festgeluecht goufen. Zum Präis, dee Liberty House fir béid Standuerter bezuele wëll, ass net mentionnéiert ginn, an d‘Iwwergab bleift mat der Finalisatioun vun der „italienescher Transaktioun“ verknäppt. Och Bréissel muss deem nach zoustëmmen.

Aus dem Communiqué vun ArcelorMittal ass ze enthuelen: „D‘Entreprise huet zolidd Offere fir den Ensembel vun den Aktiva déi zum Verkaf stinn erhalen, esou wéi si sech géintiwwer der EU-Kommissioun engagéiert huet. (…) An deem déi fest Offer, fir all déi concernéiert Aktiva, vu Liberty House ugeholl ginn ass, huet ArcelorMittal de Preferenze vun der Kommissioun fir een eenzege Keefer berécksiichtegt“. Mee et geet hei net eleng ëm de Standuert Diddeleng.

Schonn am Oktober hat ArcelorMittal mat Liberty House, der Filial vun der britescher „Gupta Family Group“ (GFG) en Accord fir d‘Standuerter a Rumänien, an der tschechescher Republik, a Mazedonien an Italien fonnt. Domatter ass de Wee fräi, fir de Konsortium – bestoend aus der Cassa depositi e prestiti (CDP), der Banca Intesa Sanpaolo an ArcelorMittal – déi schwéier verschëlt italienesch ILVA, zum Präis vun 1,8 Milliarden Euro ze iwwerhuelen.

D‘Gewerkschafte sinn alarméiert

Wat op den éischte Bléck als „gutt Nouvelle“ kéint betruecht ginn, bereet de Gewerkschaften zolidd Kappzerbrieches. Esou huet den OGBL schonn an engem Communiqué wësse gedoen, datt si der ArcelorMittal net traut. D‘Gewerkschaft ënnerstellt dem Stolgigant en „Täschespillertrick“ an ass nach ëmmer iwwerzeegt, datt et sech beim Verkaf vun de Standuerter, ëm eng Restrukturatioun, also Stellenofbau, handelt. Et stellt sech déi berechtegt Fro op d‘Aarbechtsplazen erhale bleiwen.

Och beim LCGB stellt ee sech dës Froen. An hirem Communiqué heescht et: „Den LCGB bedauert datt sech d‘Famill Mittal trei bleift: de Ris vun der industrieller Finanz privilegiéiert e Finanzacteur zum Nodeel vun engem industriellen Acteur. Den LCGB muss an der Konsequenz d‘Fro stellen, wéi eng Strategie sech hannert dësem Manöver verstoppt“. Den 30. Oktober hat den LCGB Bedenken zum Ausdrock bruecht, a gesäit sech haut bestätegt.

Den LCGB erënnert drun, datt d‘Salzgitter AG eng Offer fir de Standuert Diddeleng virgeluecht hat. Bis zum 12. Oktober war déi däitsch Entreprise dee valabelste Keefer. Elo stellt den LCGB déi Ënnerlagen a Fro, déi ArcelorMittal un d‘Salzgitter AG weidergeleet huet, wat sécherlech zu enger méi geneeër Analys vun der däitscher Entreprise gefouert huet. E Rapport deen och Liberty House zougespillt ginn ass, wat hinnen et eppes méi liicht gemaach soll hunn, sech „anzemëschen“.

An dësem Dossier ass, esouvill schéngt geséchert, nach net dat lescht Wuert geschwat ginn. Béid Gewerkschaften, den OGBL an den LCGB, hunn sech virgeholl de weidere Verlaf vun dëser Transaktioun am A ze behalen, an noutfalls, am Interessi vun den zu Diddeleng beschäftegte Stolaarbechter, op d‘Barrikaden ze goen. De Standuert Diddeleng muss erhale bleiwen!

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, EU-Kommissioun, Gupta Family Group, Ilva, LCGB, Liberty House, OGBL, Stolindustrie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel