Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!
Neiegkeeten

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!

Um vergaangene Freideg huet d’Plattform Meng Landwirtschaft, Sea Shepherd, San

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
Neiegkeeten

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot
Neiegkeeten

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot

Déi meescht Accidenter geschéien Nuets a sinn dem Alkoholkonsum zouzeschreiwen.

En Aktiounsplang dee Liewe rett!

31 Moossname fir méi Sécherheet op eise Stroossen

En Aktiounsplang dee Liewe rett!

Mat 36 Verkéiersdoudeger an 273 schwéier blesséiert Persounen, war de Bilan am Kontext vun der „Sécurité Routière“ 2018 kee gutt Joer. Deem wëll d‘Regierung elo mat engem Aktiounsplang entgéinttrieden, woubäi – wann een éierlech ass – eigentlech haaptsächlech weidergefouert gëtt, wat an der leschter Legislaturperiod scho beschloss an ugepaakt ginn ass. Mee et muss besser ginn.

Natierlech wier och nëmmen een Doudegen am Verkéier een ze vill, an et sollt jidderengem dru geleeë sinn, zu méi Verkéierssécherheet eppes bäizedroen. Den zoustännege Minister, ass dann och mam ausgeschafften Aktiounsplang esouwäit zefridden. „Déi national Strategie ‚Vision Zero‘ also null Doudeger an null Blesséierter, gëtt weidergefouert“, esou de François Bausch gëschter.

Aktiounsplang

Déi meeschten Accidenter passéieren, well een d‘Vitesse net un d‘Ëmstänn ugepasst huet. © Valter Cirillo

Fir déi gesaten Ziler ze erreechen, sinn an den Aktiounsplang 31 Moossnamen agefloss. Zwee Drëttel vun dëse Moossnamen hunn e „preventive Charakter“, de Rescht e „repressive Modus“. Ënner „preventiv“ ass och d‘Installatioun vun de Radaren ze verstoen, woubäi de Minister awer feststellt, datt et där net soll an all Eck vum Land ginn. Et jo och elo d‘Streckenofschnëttradaren…

Am grousse Ganze geet et primär drëms, d‘Vitesse op eise Stroosse generell erofzesetzen. Si ass erwisenermoossen déi éischt Ursaach vun den Accidenter. Esou gëtt och gepréift, a wéi engem Ëmfang eng punktuell Reduzéierung vun der Héchstgeschwindegkeet ausserhalb den Uertschafte méiglech ass, a wei eng weider Mesuren sech ubidden, fir bannent de Stied d‘Vitesse erofzesetzen.

De Standpunkt vun der Sécurité Routière Asbl

Mat agebonnen an dem Verkéiersminister seng Pressekonferenz, d‘Vertrieder vun der Sécurité Routière Asbl. Där hiren (éiwege) President Paul Hammelmann, an d‘Direktesch Isabelle Medinger hunn den Aktiounsplang gelueft, an dësem hir Ënnerstëtzung zougesot, fir dann awer déi eng oder aner „Remark“ bäizefügen, wat um Enn de Gedanke vum „Konsens“ zolidd verwässert huet.

De Paul Hammelmann verweist op d‘Fuerderung vu sengem Veräin, et de Fransouse gläich ze maachen, an d‘Vitesse op de Landstroosse vun elo 90 Km/H op dann 80 Km/H erofzesetzen. Datt et den Ament nach keng Erkenntnisser doriwwer gëtt, ob déi franséisch Decisioun „valabel“ ass, muss net bedeiten, datt een dat net soll iwwerhuelen. D‘Automobilisten dierft d‘Annonce erfreeën…

Aktiounsplang

Eng Mobilitéitsalternativ déi ëmmer méi Unhänger fënnt, awer och esou seng Gefore mat sech bréngt. © Ngo Minh Tuan

Et hätt ee sech dann an dësem Kontext och erwaart, säitens dem Paul Hammelmann oder dem Isabelle Medinger eppes zur „Ëmwandlung vun de Pannespur an eng Fuerspur fir de Covoiturage“ op den Autobunnen ze héieren. Do géif e jo dierfe mat 90 Km/H ënnerwee sinn, wat zwar esou kaum ëmzesetzen ass an sech och net mam éiergäizegen Aktiounsplang an Aklang brénge léisst.

Am allgemengen awer huet den Aktiounsplang gutt Usätz, an eigentlech bréicht et nach just déi noutwenneg Infrastrukturen, fir dem Land nees esou eppes wéi en harmonesche Verkéiersfloss zouzegestoen. Uecht doe muss de Legislateur allerdéngs, datt esouwuel déi „preventiv“ wéi och déi „repressiv“ Moossnamen, net den Androck vermëttelen, et géif drëms goen „Ëmsaz“ ze maachen.

Foto: (v.l.n.r.) Pascal Peters, Police Lëtzebuerg; Paul Meyers, Administratioun vun den techneschen Enquêten; François Bausch, Verkéiersminister; Josiane Pauly, Verkéiersministère; Alain Disiviscour, Verkéiersministère; Yannick Scolastici, Verkéiersministère; Paul Hammelmann, President Sécurité Routière Asbl. © MMTP

Ähnlech Sujeten Aktiounsplang, François Bausch, Radare, Securité Routière
Nächsten Artikel Virrechten Artikel