Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?
kanye fans dating site

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?

An eisen Uertschaften si fir Autosfuerer nëmme 50 Km/h erlaabt.

https://moien.lu/intj-woman-single/
kanye fans dating site

european hookup

Den US-President Donald Trump, aktuell op Asien-Tour, huet um Freideg

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé
kanye fans dating site

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den

En Amerikaner zu Jerusalem

En Amerikaner zu Jerusalem

No Saudi-Arabien ass den Trump um Méindeg zu Jerusalem op Visite beim Benjamin Netanyahu gewiescht. Och hei huet den amerikanesche President mat aller Vehemenz den Iran beschëllegt d’Regioun ze destabiliséieren. Hien huet awer och den Dag genotzt fir sech bei der Klagemauer ze besënnen, eng Premiere fir en amerikanesche President

Den Donald Trump, deen dervun dreemt ee Friddensaccord am Noen-Osten hinzekréien, do wou all seng Virgänger versot hunn, huet eng seelen Opportunitéit an de Konvergenze vun Interessen tëscht den arabesche Länner an Israel géintiwwer dem Extremismus an Teheran gesinn. „Mee mir kënnen dat nëmmen erreeche wa mer zesumme schaffen. Et gëtt keng aner Méiglechkeet“, huet hie gewarnt.

Ee neie Friddensaccord tëscht Israelien a Palestinenser evoquéierend, huet den amerikanesche President säi Vertrauen zum Ausdrock bruecht, ouni awer een Hiweis ze gi wéi hie gedenkt dat ze erreechen. „Et ass net einfach. Ech hunn héieren, datt et ee vun de schwieregsten Accorde wier, deen ee kéint hikréien“, sot hien nieft dem Benjamin Netanyahu. Positiv Signaler sinn dann och éischter keng ze gesinn, de Fridde schéngt esou wäit ewech wéi schonns laang net méi. Déi lescht Verhandlungen ënnert amerikanescher Leedung waren am Abrëll 2014 d’Bach erofgaangen.

Den Iran och an Israel zum Thema gemaach

Ganz an der Rhetorik vu Riyadh, wou den Donald Trump de Weekend verbruecht hat, ass den Donald Trump nees mat Wuertgewantheet op den Iran lass gaangen. Hien hätt gären, datt déi islamesch Republik mam „Finanzement, der Ausbildung an dem mäerdereschen ausrëschte vun Terroristen a Milizen ophält.

Zudeem sollt „den Iran ni eng Atomwaff besëtzen, ni.“ Den Trump denoncéiert dann op ee neits den nuklearen Accord dee säi Virgänger, de Barack Obama, op de Wee bruecht huet. „Amplaz Amerika dankbar ze sinn, fillen se sech elo ermontert“ huet hie bedauert. Hie gesäit dann och an Israel ee Land, dat sech duerch den Afloss vum Iran an der Regioun bedréit gesäit. Dat engersäits duerch d’Menace déi vun der libanesescher Hezbollah ausgeet an déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, anersäits duerch déi iranesch nuklear Aktivitéiten, déi Israel ëmmer scho kritiséiert huet.

Fir kënnen ze dreemen, musse mir sécher sinn, datt den Iran, wäit, wäit ewech vun eise Grenzen, wäit vu Syrien, wäit vum Libanon ass“, sot den israelesche President Reuven Rivlin. Do war et da berouegend, datt den Trump direkt bei nodeems hie gelant war, déi „onwidderruflech Verbonnenheet“ tëscht Israel an Amerika zum Ausdrock bruecht hat.

Besënnlechesbei der Klagemauer

De Locataire vum Wäissen Haus huet um Méindeg dann och an Abléck an déi israelesch-palestinensesch Komplexitéit kritt, wéi hien dat hellegt Grav, déi hellegst Plaz vum Chrëschtentum an dunn d’Klagemauer, de reliéisen Hellegtum fir d’Jude besicht huet. Mat enger schwaarzer Kippa gerëscht, ass den Donald Trump laang, déi riets Hand opgeluecht, vrun der Mauer gestanen, iert en der Traditioun entspriechend, ee Stéck Pabeier an eng Spléck gestach huet. Dës Pabeier enthale fir gewéinlech ee Gebiet oder ee Wonsch.

Seng Fra Melania a säi Meedchen Ivanka, dat jo och seng Beroderin am Wäissen Haus ass, waren am fir Frae reservéierten Deel. Nodeems d’Ivanka, datt zum Judaismus konvertéiert huet, gebiet hat, huet et sech ee puer Tréinen aus dem Gesiicht gewëscht. Ze bemierken ass, datt den amerikanesche President sech bei d’Klagemauer beginn hat ouni vun engem israelesche Regierungsmember begleet ze sinn, ee Punkt deen och fir liicht Polemik viru senger Visite gesuergt hat.

Tatsächlech kéint dee Geste als israelesch Souveränitéit iwwert d’Plaz, säitens den USA, ugesi ginn. Allerdéngs betruecht d’amerikanesch Administratioun den diplomatesche Statut vu Jerusalem nach ëmmer als Verhandelbar. Am Iwwerhang vun der Mauer erstreckt sech d’Esplanade vun de Moscheeën (den Tempelbierg fir d’Jude) déi drëtt vun den hellegen islamesche Plazen.

D’Siten, déi den Trump Besicht huet befannen sech an Ost-Jerusalem, eigentlech op palestinenseschem Buedem, datt sech Israel awer 1967 averleift an 1980 annexéiert huet. Israel betruecht dann och Jerusalem als seng ganzheetlech Haaptstad, während d’Palestinenser Ost-Jerusalem als d’Haaptstad vun hirem gewënschte Land gesinn.

Haut soll dann den Donald Trump an d’Westbank reesen, ee säit fofzeg Joer vun Israel besate palestinenseschen Territoire, wou hie vum palestinensesche President Mahmoud Abbas empfaange gëtt. Den amerikanesche President wëll d’Reprise vun de Friddensverhandlungen erliichteren a vu béid Säiten Engagementer a Vertrauensmesure kréien. Op Ufro vum Donald Trump huet déi israelesch Regierung um Sonndegowend Mesuren ugeholl, déi d’Liewe vun de Palestinenser soll erliichteren an och ekonomesch Verbesserunge erlabe soll. Auslandsreese sollte méi liicht zougänglech sinn an d’Aarbechter déi all Dag aus Palestina komme fir an Israel ze schaffen, sollen ee besseren Zougang erméiglecht kréien.

Do war dach nach eppes

Déi „Story“ vun der Entrevue mat de Russen, wou den Trump soll geheim Informatioune getraatscht hunn, ass wéi ze erwaarde war och beim Entretien mam Benjamin Netanyahu op d’Tapéit komm. Den amerikanesche President huet awer verséchert Israel ni ernimmt ze hunn. „Ech hunn ni d’Wuert oder de Numm Israel während dëse Gespréicher an de Mond geholl“, sot den Trump bei der Pressekonferenz mam israelesche Premier. „D’ganz Welt seet ech hätt dat gemaach, also sti mer mat enger weiderer falscher Geschicht do“, esou den Trump.

Richteg ass awer, datt d’Revelatioune vum Washington Post eng däischter Wollek iwwert d’Visite an Israel geluecht hat. Israelesch Kommentatoren hunn sech dann och gefrot wat fir een Impakt dëse Fehltrëtt op d’Vertrauen tëscht béide Länner, hisiichtlech der Zesummenaarbecht vun de Geheimdéngschter kéint hunn. Och ass de Risk vun den israelesche Quelle betruecht ginn. Säitens den israelesche Verantwortlechen ass de Ball flaach gehale ginn an den Netanyahu sot dozou: „Eis Zesummenaarbecht am Beräich vum Renseignement ass fantastesch a war ni besser.

Mat Jérôme CARTILLIER/Laurent LOZANO (AFP)

Foto: AFP PHOTO / MANDEL NGAN

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Israel, Palestina, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel