Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!
International Stories WTF

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Säit September 2018 ass déi Europäesch Biergerinitiativ fir d’Enn vun

E Krimi schreiwen? Kee Problem!
International Stories WTF

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film?

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten
International Stories WTF

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten

Gëschter huet AC/DC, déi legendär Hard-Rock Band, ee vu senge

surprise

En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé

En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé

Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser eng kommerziell Ressource ass, a kee Mënscherecht, huet et grad net liicht am Tempel vum Kapitalismus seng Muecht ëmzesetzen. Eng kleng Gemeng am Norde vun den USA, huet net wëlles zouzeloossen, datt Nestlé „fir klengt Geld“ d‘Waasser aus de lokale Baachen erauspompelt fir et deier ze verkafen.

D‘Maryann Borden, eng Dame vun 73 Joer, hëlt e Panneau ervir op deem d‘Fotoen ze gesi sinn, déi d‘Verännerung vun der Baach „Twin Creek“ weisen, déi nëmmen e puer Meter wäit ewech vu sengem Haus fléisst. „Et ass net méi déi selwecht Bach. Se huet sech verengt, ass net méi esou déif an ass méi waarm ginn“, esou déi fréier Schouljoffer, déi zanter 1953 an der Gemeng wunnt.

Et huet ugefaangen sech alles ze veränneren, wéi Nestlé Ufank 2000 an der Géigend Waasser ze schëffen, dat de Konzern ënnert dem Numm „Ice Mountain“ vermaart huet. Waasser dat de Konzern dem Konsument als „Quellewaasser“ verkeeft, also méi deier wéi „Tafel-Waasser“. Liicht verdéngte Geld, op Käschte vun der Natur an de Bierger aus der Regioun.

Osceola Township, eng kleng landwirtschaftlech Gemeng mat grad emol 900 Awunner – déi all den Donald Trump gewielt hunn – läit 320 Kilometer nërdlech vun Detroit. Dat „spirituellt“ Altersheem Springhill Camp ass hei de gréissten Employeur. Et sinn „einfach“ Leit déi hei wunnen a sech virgeholl hunn hiert Waasser ze verdeedegen.

Si sinn fest entschloss, déi vun Nestlé geplangte Pompelstatioun, net ze Autoriséieren. Dës Pompelstatioun ass d‘Häerzstéck vum Projet, dat virgesäit annerhallef Kubikmeter an der Minutt aus der Baach ze enthuelen. Am Ament sinn et schonn 900 Liter déi vu Nestlé ofgepompelt ginn. D‘Duerf huet Appell géint en Uerteel vun enger Riichterin agereecht, mat der Begrënnung, datt de Projet vun Nestlé desastréis Konsequenzen op de Waasserhaushalt vun der Géigend auswierkt.

200 US-Dollar

„Wann der d‘Waasserleef kuckt, déi Opschloss liwweren iwwert déi historesch Niveaue vum Waasser, muss ee kee Geolog oder Hydrolog sinn, fir ze gesinn, datt déi vill méi niddreg sinn wéi nach virun zwee oder fënnef Joer. Do ass et verständlech, datt d‘Leit aus dem Duerf besuergt sinn“, erkläert den Tim Ladd, Gestionnaire vun der Gemeng.

Nestlé hält dergéint an d‘Arlene Anderson-Vincent, Verantwortlech fir d‘Ressource bei „Nestle Waters North America“ betount: „Et gëtt Waasserspären déi op dëse Baachen erriicht gi sinn, an den Debit beaflosse kënnen. D‘Pompelstatioun huet u sech nëmmen e ganz minimalen Impakt op d‘Ëmwelt an dëser Géigend“.

A well ee sech bei Nestlé op wëssenschaftlech Etüde berifft, déi beweisen, datt de Projet keen Afloss op d‘Ëmwelt huet, hunn se d‘Riichterin och iwwerzeegt kritt. Elo ass et awer erwisen, datt déi Etüden net nëmmen am Optrag vum Liewensmëttelkonzern gemaach, mee integral vun Nestlé finanzéiert gi sinn. Eng „onofhängeg“ Etüd gëtt et schlicht an ergräifend net.

Nestlé

Op eisem Bild ass den David Huff, Chef vun der Kommissioun fir Landesplanung fir Osceola Township. Hien huet Versteesdemech fir d‘Suerge vun de Bierger, déi verhënnere wëllen datt Nestlé hiert Waasser ofpompelt. © Steven M. Herppich/AFP

D‘Roserei vun de Bierger vun Osceola Township ass dann awer och zum Deel vum Gefill geniert, datt ee si „exploitéiert“. Dat ass dem Fakt geschëlt, datt Nestlé dem Staat Michigan ganzer 200 US-Dollar am Joer bezilt, fir 500 Millioune Liter Waasser ofzepompelen. Elo muss ee sech just déi eege Waasserrechnung ukucke fir d‘Leit ze verstoen.

An Amerika ass et dann esou, datt vill Staaten den Entreprisen erlaben esouvill Waasser ze benotze wéi se es brauchen, ënnert der Konditioun, datt si dat Waasser selwer pompelen an och déi benéidegt Infrastrukturen dofir bauen. Dës Entreprisë kënnen och d‘Gemengepëtzer „lounen“, wéi et Coca-Cola (Dasani) a PepsiCo (Aquafina) maachen.

„Nestlé huet d‘Reputatioun an aarm Gemengen an/oder Communautéiten ze goen, wou si wirtschaftlech Avantage virgaukelen déi sech ni realiséier loossen, an esouvill Waasser wéi iergendwéi méiglech ofpompelen, bis d‘Baachen ausgedréchent sinn. Duerno mécht sech Nestlé nees duerch d‘Bascht“, iergert sech d‘Peggy Case, vu „Michigan Citizens for Water Conservation“.

Elo behaapt awer Nestlé, datt de Konzern dem Staat Michigan 18 Milliounen US-Dollar u Recetten abréngt, dovunner 2,4 Milliounen a Form vu Steieren. Vun den 280 Mataarbechter déi Nestlé a senger Fabrick vu Mecosta County beschäftegt, kommen der eng 50 aus der Grofschaft an där d‘Duerf Osceola Township geleeën ass.

Angscht

Geséchert ass d‘Informatioun, datt Nestlé vun der héijer Nofro u Fläsche-Waasser an den USA profitéiere wëll. An dësem Secteur ass den Ëmsaz op 16,42 Milliarden US-Dollar geklommen, an huet 2016 eng éischte Kéier dee mat „Limonad“ gemaachten Ëmsaz (12,46 Milliarden) däitlech iwwerholl, esou d‘Analys vun „Beverage Marketing“.

D‘Waasser dat vun Nestlé an den USA verkaf gëtt (Poland-Spring, Pure Life, Ice Mountain, asw.) huet 55,3% (4,69 Milliarden US-Dollar) vum gesamte Verkaf vum Konzern ausgemaach.

Zu Evart, der Nopeschgemeng vun Osceola Township, wou d‘Duerchschnëttsakommes bei 20.000 US-Dollar am Joer läit (Dat ass esou grad iwwer deem wat als Aarmutsgrenz fir eng Famill vun dräi Leit betruecht gëtt. N.v.d.R.) glënneren dem Zackary Szakacs seng Aen, wa vu Nestlé rieds ass. Hie „lount“ zanter 2007 zwee vun de Pëtzer an der Gemeng.

„Si (Nestlé) droen derzou bäi, datt de Präis vum Waasser fir eis aarm Awunner niddreg bleift“, erkläert de pensionéierte Polizist, deen haut de Gestionnaire vun der Gemeng ass. „Nodeems 2015 an de Pëtzer vun der Gemeng Perchlorat entdeckt gouf, huet Nestlé ugebueden d‘Pëtzer ze botzen“, esou Zackary Szakacs.

Trotzdeem muss een drop hiweisen, datt an enger Regioun, wou d‘Menagen et schwéier hunn hir Waasserrechnung ze bezuelen, an wou de Skandal vum mat Bläi verseuchtem Waasser zu Flint batter Spueren hannerlooss huet, d‘Ambitioune vun Nestlé de Leit Angscht maachen. „Ech hunn Angscht, datt meng Kanner an Enkelkanner keen Zougang zu Drénkwaasser kréien“, erzielt déi 53 järeg Wendy Nystrom.

Aus enger Etüd, déi vun der Fuerscherin Elizabeth Mack (Michigan University) virun engem Joer verëffentlecht ginn ass, geet ervir, datt de Pourcentage vun den amerikanesche Bierger, déi an de nächste fënnef Joer net méi wäerten an der Lag sinn hir Waasserrechnung ze bezuelen, sech verdräifache kéint. Dat sinn 36% vun den amerikanesche Menagen.

mam Luc Olinga/AFP

Ähnlech Sujeten Mënscherechter, Michigan, Nestlé, Osceola Township, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel