Search

You may also like

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser
Meenung WTF

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser

Bei eisen Noperen ass op neits e Liewensmëttelskandal opgeflunn. D‘Ausmooss

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg
Meenung WTF

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier op

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!
Meenung WTF

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

Och wa sech de Konsumenteschutz am Groussen a Ganzen mat

surprise

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

Mir mussen den Drock erhéijen. Dat schéngt d’Taktik ze sinn, mat där ee probéiert, Nordkorea an de Grëff ze kréien. Méi Sanktiounen also, méi Drock och op China, endlech eppes ze maachen. Mee d’Situatioun mat Nordkorea weist, wéi wéineg een eigentlech erreeche kann, wann ee vun de Bedeelegten einfach net mat sech schwätze loosse wëll.

Et schéngt dobäi esou eppes wéi e Provokatiounskreeslaf ze ginn: Nordkorea fillt sech duerch Militärmanövere provozéiert, ergo gëtt mat de Muskele gespillt. Da spillt erëm Südkorea mat de Muskelen, andeems e puer Bommen op engem Testgelänner ofgeworf ginn. Et kéint een et eigentlech als Routine bezeechnen, mee dat géif d’Situatioun als manner schlëmm duerstellen, wéi se et ass.

Datt den Donald Trump an de Kim Jong Un allen zwee verbal openeen lass ginn, ass do net dat bescht Zeechen. Dem japanesche Premier Abe spillt dëst och gutt an d’Hänn, wann d’Rakéiten iwwert säi Land fléien. Well mat enger verängschtechter Populatioun ass et méi einfach, den Artikel 9 vun der Japanescher Verfaassung ze änneren. An deem Artikel gëtt et dem japanesche Staat verbueden, e Konflikt militäresch ze léisen. Dëst soll bis 2020 geschéien an deen Ament géif nach emol eng zousätzlech Dynamik an dëse Raum kommen.

D’Rotlosegkeet ass nawell grouss: Bis ewell ass all US-President dorunner gescheitert, d’Situatioun nennenswäert op dauerhaft Manéier ze änneren. Schlëmmer, d’nuklear Kapassitéiten vun Nordkorea si gewuess a wann Rakéite mat Atombommen d’USA erreechen, ass eng nei Balance erreecht, déi nach méi geféierlech ass, wéi déi aktuell Situatioun.

Wa Südkorea a Japan sech net méi op d’USA als hire Beschützer verloosse kënnen, gëtt eng Optioun ëmmer méi attraktiv: Selwer Atomwaffen hunn, fir Nordkorea ofzeschrecken. Dobäi gouf vill Opwand bedriwwen, Atomwaffen net weider ze verbreeden. Et wier e reegelrecht Schreckenszenario fir d’international Communautéit, an e Zeenario, dee leider och ëmmer méi wahrscheinlech gëtt. Wa China an d’USA zesumme schaffe, kéint des Situatioun ofgewannt ginn, mee et gëtt bezweifelt, och well den Trump esou eng oppen aggressiv Attitüd un den Dag leet, déi schlicht net konstruktiv ass.

Foto: AFP PHOTO / Toshifumi KITAMURA

Related topics Asien, Donald Trump, Japan, Kim Jong-Un, Nordkorea, Südkorea
Next post Previous post