Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wou ass de béise Jong?
Neiegkeeten

Wou ass de béise Jong?

Zanter enger gewësser Zäit gëtt et nees vill Spekulatiounen iwwert

dislike
Presidentewal am Kenia annuléiert
Neiegkeeten

Presidentewal am Kenia annuléiert

Um Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff am Kenia eng historesch

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
Neiegkeeten

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 30. Juni bis den 12 Juli an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, Ellergronn, En Dag an der Natur, Fliedermaus, Härebësch, Kanutour, natur&ëmwelt, Pandemie, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel