Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?
Kultur Neiegkeeten

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?

D’Diskussiounen zur eventueller Fusioun tëscht Groussbus a Wal sinn den

What the Fakt – E bëssi Metall am Kierper gefälleg?
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – E bëssi Metall am Kierper gefälleg?

Et geet weider mat de kuriéise Feierdeeg. Haut steet de

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Et steet schlëmm ëm eis Geschäftsleit. Nach ëmmer ginn et

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

Vum 1. Abrëll bis den 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt Asbl an Zesummenaarbecht mat der Fondatioun Hëllef fir d’Natur, Gaart an Heem, der Naturverwaltung, sou wéi diverse weidere Partner, ënner Schiermherrschaft vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung eng weider Campagne vun En Dag an der Natur, an dat schonn an der 22. Editioun.

Ziel vun der Campagne ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft-, Déieren a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis kennenzeléieren an der Natur méi no ze kommen. All Joer maachen iwwert 50.000 Persoune bei den Aktivitéite mat, bei deenen een d’Ëmwelt als wäertvollt a schützenswäert Element kenneléiert.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe gi sinn. Déi villsäiteg Aktivitéite gi vu Wanderungen, Vëlotouren, guidéiert Excursiounen, iwwert Workshops bis hin zu Mäert a Fester. Jiddwereen, deen un der Natur interesséiert ass, ass häerzlech invitéiert beim ofwiesslungsräiche Programm deelzehuelen. Natierlech gouf heibäi drop opgepasst, den ökologesche Foussofdrock esou kleng, wéi méiglech ze halen.

Um 29. Mäerz 2019 ass d’Broschür vun En Dag an der Natur gratis erauskomm, an dat op Däitsch, sou wéi Franséisch. Am Haus vun der Natur bei der Kockelscheier kann een d’Informatiounsmaterial bestellen (Tel. 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu). Natierlech – an dat ass dann och méi ëmweltschounend – kann een alles um Site www.naturemwelt.lu oder HEI ofruffen. Donieft ginn d’Aktivitéiten am digitalen Agenda vum Ëmweltportal (www.emwelt.lu) agedroen.

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, En Dag an der Natur, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Gaart an Heem, natur & ëmwelt, natur&ëmwelt, Naturverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel