Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

enovos setzt op erneierbar Energien
best dating cities in the world singapore mature academic singles dating

most popular dating site in ireland

Bis Enn 2019, esou de Communiqué vun enovos, solle Solaranlage

cami dating site
best dating cities in the world singapore mature academic singles dating

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

Et huet een d’Leit bis eraus laachen héieren. A wien

Am Déngscht vum Bierger
best dating cities in the world singapore mature academic singles dating

Am Déngscht vum Bierger

Um Donneschdegowend war op der Gemeng zu Schëffleng eppes méi

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • D’Millen un der Sauer entdecken
    Samschdes, de 6. Abrëll vun 9:00 bis 12:00 Auer zu Houfels (Bauschelt)Wëllt och Dir déi vu Mënsche gepräägte Landschaft vun den Ardennen un der Uewersauer entdecken? Sidd Dir interesséiert un der Geschicht vun dëser Regioun? Majo dann dot är Wanderschong un an huelt Deel un dëser interessanter Entdeckungsrees vun ongeféier 6 Kilometer op enken a steile Paden (fir Kannerkutschen ongëeegent). Familljen mat Kanner ab 7 Joer sinn häerzlech wëllkomm.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldunge ware bis zum 29. Mäerz
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Burfelt
    • Kontakt: Federspiel Michèle, 691 721 211, burfelt@anf.etat.lu 
  • Geféiert Vëlostour an de Bëscher vum Minett
    Samschdes, de 6. Abrëll vun 9:00 bis 12:00 Auer um Parking vun der Bierchemer Gare (Réiser)Mam Vëlo duerch onerfuerschte Bëscher, an dat op enger Streck ouni technesch Schwieregkeeten. Trotzdeem gëtt eng gutt kierperlech Ausdauer verlaangt fir dëse spannenden Tour, dee vir MTB, Gravel Bike oder Cyclo-Cross Vëloe gëeegent ass, matzemaachen. Helm ass Flicht! D’Participatioun ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
    • Umeldung: bis zum 5. Abrëll
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Gian-Marco Bartolini, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • Bauerenhaff an der Stad
    Samschdes, de 6. Abrëll ab 10:00 Auer a Sonndes den 7. Abrëll bis 18:00 Auer bei der Gëlle Fra um Boulevard-Roosevelt (Lëtzebuerg)Un dësen Deeg fënnt een matten an der Stad ee Bauerenhaff, wou Konsumenten a Baueren openeen treffen, woubäi och de Kontakt zur Déierewelt an dem Produzentemaart hiergestallt gëtt.
    • Noosten Arrêt: Centre, Cathèdrale
    • Organisatioun: Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
    • Kontakt: Marc Roeder, 621 303 904, secretariat@jongbaueren.lu
  • De Fréijoer eemol anescht
    Samschdes, de 6. Abrëll vu 14:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu RëmerschenNaturgeschichtlech Erzielungen aus engem anere Joerhonnert: Lauschtert d’Geschicht vu ganz besonneschen Naturbeobachteren. Dës Wanderung ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis zum 5. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Muriel Nossem, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu 
  • Hondsausbildung Schnuppercours
    Sonndes, de 7. Abrëll vun 9:30 bis 11:00 Auer bei GEDECA FolkendingenHei kritt een den Abléck an d’Ausbildung vu qualifizéierte Juegdhënn.
    • Umeldung: bis zum 5. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Kolmer-Bierg, Gare
    • Organisatioun: Centrale du Chien de Chasse
    • Kontakt: Manon Wersant-Stockreiser, 621 705 246, ccc@jagdhunde.lu 
  • Wäin- an Naturpad Palmberg
    Sonndes, de 7. Abrëll vun 9:30 bis 12:00 Auer am Naturschutzzentrum A Wiewesch, ManternachDe Wäin- an Naturpad fänkt zu Ahn un a féiert eis un de steile Muschelkalkfielsen duerch d’Wäinbierger vum Palmenberg. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis zum 5. Abrëll
    • Organisatioun: Centre Natur et Forêt A Wiewesch
    • Kontakt: Max Gregorius, 29 71 67, awiewesch@anf.etat.lu 
  • Musellandschaft beim Haff Réimech
    Sonndes, de 7. Abrëll vun 9:30 bis 12:00 Auer um Parking vum Kierfecht WëntrengWärend 2,5 Stonnen entdecke mir d’Weiherlandschaft vum Haff Réimech mat senger Vullewelt an Entstehungsgeschicht. Dobäi maache mir och ee klenge Sträifzoch duerch d’Duerf vu Wëntreng, wou d’Siddlungs- an d’-Wäibaugeschicht vum Museldall ugeschwat gëtt. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Organisatioun: Centre Natur et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Tom Loschetter, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu 
  • Uechtsamkeetspraxis a wëll Kraider zu Jonglënster
    Sonndes, de 7. Abrëll vun 10:0 bis 13:00 Auer um Parking vun der Sporthal „Op der Fréinen“ zu JonglënsteDëst Erliefnis beréiert déi mënschlech Séil! Zesumme mat der Natur si mir vir een Ablack an der Géigewaart an dauchen a vergiesse gerode Kraiderkenntnisser an. D’Käschte belafen sech op 20€/Persoun. Donieft sollt een eng Sëtzënnerlag matbréngen.
    • Sprooch: Däitsch
    • Umeldung war bis den 31. Mäerz
    • Noosten Arrêt: Jonglënster, Op der Fréinen
    • Organisatioun: Wellbeing at work
    • Kontakt: Marianna Reimann, 621 192 156, marianne.reimann@go-mindful.lu 
  • De klenge Gäertner
    Dënschdes, den 9 Abrëll vun 9:00 bis 12:00 Auer am Escher Geméisguart zu Esch-UelzechtWärend der Vakanz ginn hei lëschteg Gardenaarbechte fir Kanner ab 5 Joer ugebueden. D’Käschte belafen sech op 8€/Kand (inklusiv Iessen).
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis zum 8. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Esch/Alzette, rue du X Septembre
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Amélie Brenner & David S’Jongers, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • Wëllplanzewanderung mat Iessen
    Samschdes, den 13. Abrëll vun 9:30 bis 13:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergonn zu Esch-UelzechHei léiert een déi iessbar Wëllplanzen an hir Standuerter kennen. Een Deel vum fréijoersfrësche Gesammelte gëtt zoubereet a geschmaacht. Dofir soll een ee Brietchen, ee Knäip, ee Becher, een Teller, Läffelsgeschir an e puer Glieser, déi een mat engem Deckel zoumaache kann, matbréngen. De Cours kascht 5€ fir Erwuessener an 3 € fir Kanner.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 12. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Irene Schrouff, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • Den Déierepark vun Esch erliewen
    Samschdes, den 13. Abrëll vun 10:00 bis 12:00 Auer am Déierepark zu Esch-UelzechtDen Escher Déierepark huet sech an de leschte Joren zu engem vun de schéinsten Ausfluchziler fir Familljen aus der Regioun entwéckelt. D’Féierung bitt déi immens Geleeënheet d’Déierewelt besser kennenzeléieren. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 12. Abrëll
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Jean Morettoni & Mike Duarte, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, den 14. Abrëll vu 7:30 bis 17:00 Auer am Centre Sociétaire zu Lénger (20, rue de la Libération)Strecken: 6 oder 11 km, Startzäit 7:30 bis 14:00 Auer, Zilschluss 17:00 Auer, Käschte leie bei 1,50 €, Kanner bis 14 Joer huele gratis deel
    • Noosten Arrêt: Lénger, Schoul
    • Organisatioun: Lénger Trapper Linger Asbl
    • Kontakt: Pierrette Linden, 50 67 60, lul@pt.lu
  • Aktioun Proppere Bësch
    Sonndes, de 14. Abrëll vun 8:30 bis 11:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn zu Esch-UelzechtBei enger gemeinsamer Bëschbotzaktioun hale mir d’Naturschutzgebitt propper a kämpfen aktiv géint den Offallproblem a seng Konsequenzen un. Zum Schluss kritt all Participant vum Fierschter een ënnerschriwwene Zertifikat. Bitte dem wieder ugepasste Kleedung undoen. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 12. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: André Rosa, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu
  • Ouschtereeër filzen
    Sonndes, de 14. Abrëll vun 10:00 bis 12:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu RëmerschenAus mëller Schofswoll ginn an engem Workshop faarweg Ouschtereeër gefilzt, déi een net nëmmen am Gaart verstoppen, mee och selwer als Plaz, fir sou munches ze verstoppen, notze kann. No Loscht a Laun kann een zousätzlech och ee klenge, frechen Ouschterhues oder och ee léift Jippelchen entwéckelen. D’Aktivitéit ass gëeegent fir Kanner ab 6 Joer a kascht 15 €.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 12. Abrëll
    • Noosten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Fabienne Meiers, 23 60 990 61, biodiversum@anf.etat.lu
Ähnlech Sujeten Biodiversum, Ëmwelt, En Dag an der Natur, Natur, natur&ëmwelt, Programm Abrëll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel