Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag a Klimawandel
dating japanese girl in australia Neiegkeeten

https://moien.lu/who-is-floyd-mayweather-dating-now-2017/

Nodeems de Xavier Bettel (DP) e Freideg enttäuscht vum EU-Sommet

melvil poupaud dating
dating japanese girl in australia Neiegkeeten

Bréissel: D‘Police entdeckt 68 Béischten an eng 35M² Appartement

D‘Poliziste vun de der Zon Bréissel-Ost haten de 26. Juli

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?
dating japanese girl in australia Neiegkeeten

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

An engem längeren Entretien mam „Le Point“ huet de fréiere

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vun Ufank August

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vun Ufank August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • Geféierte Vëlostour duerch d’Leidelenger Bëscher
    Samschdes, den 10 August vun 9:00 bis 12:00 Auer um Parking bei der Kierch zu Leideleng
    De Vëlostour geet duerch den Ënneschtebësch an de Leidelengerbësch. De Parcours weist keng technesch Schwiregkeeten op, erfuerdert trotzdem eng gutt kierperlech Ausdauer. Fir MTB, Gravel Bike oder Cyclo-Cross ass de Wee gëeegent. Helmflicht! D’Aktivitéit ass gratis.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch
    Umeldung: bis den 9. August
    Nächsten Arrêt: Leudelange, Gemeng
    Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    Kontakt: Gian-Marco Bartolini, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu

 

  • Summerkichen
    Samschdes, den 10. August vu 15:00 bis 19:00 Auer am TERRA-Gebai, Eecherfeld
    Peffer aus der ganzer Welt – 5 Summergeméismenüer – Tipps an Tricks vum Chefkach – mat Aperitif an Entrée. D’Rezepter ginn iech natierlech zur Verügung gestallt. D’Käschte leie bei 100 € pro Persoun (-10 % fir Memberen a Genosse vun TERRA).
    Sprooch: Franséisch
    Umeldung: bis den 2. August
    Nächsten Arrêt: Eich, Eecher Plaz
    Organisatioun: TERRA S.C. (www.terra-coop.lu)
    Kontakt: Sophie Pixius, 661 303 492, info@terra-coop.lu

 

  • FLMP Vollekswanderuung
    Sonndes, den 11. August vu 7:00 bis 17:00 Auer am Kulturzentrum zu Bungeref
    Startzäiten: 5 oder 10 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 13:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis matgoen.
    Nächsten Arrêt: Bigonville, Kéismaart
    Organisatioun: Ardenner Frënn Bigonville Asbl
    Kontakt: Pierre Pletschette, 621 622 082, yawilmes@pt.lu

 

  • Aktioun: Proppere Bësch
    Sonndes, den 11. August vun 8:30 bis 11:00 Auer op der Parkplaz Keeler Poteau
    Bei enger gemeinsamer Bëschbotzaktioun hale mir d’Naturschutzgebitt propper a kämpfen aktiv géint den Offallproblem a seng Konsequenzen un. Zum Schluss kritt all Participant ee vum Fierschter ënnerschriwwene Certifikat. Dot dem Wieder enstpriechend Kleedung un. D’Aktivitéit ass gratis.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch, franséisch
    Umeldung: bis den 9. August
    Nächsten Arrêt: Esch/Alzette/Nossbierg
    Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    Kontakt: André Rosa, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu

 

  • Millefest
    Sonndes, den 11. August vun 11:00 bis 18:00 Auer bei der Rackésmiller am Burreneck zu Äischer
    Dat traditionellt Millefest gëtt organiséiert, fir de Leit déi lieweg Geschicht vun der Waassermille méi no ze bréngen. D’Mille kann de ganzen Dag iwwer besiichtegt ginn. Dobäi ginn och Workshops ronderëm d’Thema Waasser a Weess organiséiert.
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Nächsten Arrêt: Wilwerwiltz, Gare
    Organisatioun: Tourist Center Clervaux Asbl (www.robbesscheier.lu)
    Kontakt: Jean Zeches, 92 17 45 1, info@touristcenter.lu

 

  • Loscht op Natur: Eruewerung vun der Buerg vun Esch-Sauer
    Dënschdes, den 13. August vu 14:30 bis 17:00 Auer am Naturparkzentrum (15, rue de Lultzhausen, Esch/Sauer)
    Geféiert naturkundlech Erfuerschung vun der Buerg Esch-Sauer a weidere Sekundarbiotoper.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Sauer, An de Gäert
    • Organisatioun: Naturpark Uewersauer
    • Kontakt: Yves Krippel, 89 93 31 1, ecology@naturpark-sure.lu

 

  • Geféiert Nuechtvisit mat Fakelen
    Dënschdes, den 13. August um 21:30 Auer um Schlass zu Wolz
    • Umeldung: bis den 12. August
    • Nächsten Arrêt: Wiltz, Gare
    • Organisatioun: Syndicat d’Initiative Wolz (www.touristinfowiltz.lu)
    • Kontakt: Aleksandra Kowalska, 95 74 44, info@touristinfowiltz.lu

 

  • Léiffrawëschdag – Heelplanzeworkshop
    Mëttwochs, de 14. August vu 15:00 bis 18:00 Auer bei der Ettelbrécker Kierch (rue Abbée Henri Muller)
    Heelplanzen erkennen an zesummestellen. D’Krautwëschen gëtt zesumme gebonne woubäi een an engems méi zum Brauch vun dësem Dag gewuer gëtt. Um Dag duerno ginn d’Straiss an der Kierch vun Ettelbréck nom Seene verdeelt
    Nächsten Arrêt: Ettelbruck, École Primaire
    Organisatioun: natur&ëmwelt Nordstad (www.naturemwelt-nordstad.lu)
    Kontakt: Béatrice Casagranda, 621 650 470, nordstadsektioun@naturemwelt.lu

 

  • De Wësch – eng al Traditioun
    Mëttwochs, de 14. August vun 18:00 bis 20:00 Auer an der Kierch zu Lampesch
    Mir siche verschidde Wisekraider a setzen se zu engem Krautwësch zesummen, woubäi een an engems méi zum Brauch vun dësem Dag gewuer gëtt. Um Dag duerno ginn d’Straiss an der Kierch geseent.
    Sproochen: Lëtzebuergesch
    Nächsten Arrêt: Limpach, Uecht
    Organisatioun: natur&ëmwelt Leideleng-Recken (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Malou Kohn, 691 676 050, kohnmalou@gmail.com

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Donneschdes, de 15. August vu 7:00 bis 17:00 Auer bei der Jugendherberg zu Iechternach
    Startzäiten: 5 oder 10 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 13:00 Auer, 42 oder 50 km → 7:00 bis 9:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis matgoen.
    Nächsten Arrêt: Echternach, Nonnenmillen/Lac
    Organisatioun: Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire Asbl (www.flmp.lu)
    Kontakt: Pia Kintziger, 691 302 687, info@flmp.lu

 

  • Biergwierk a seng Aarbechter
    Donneschdes, de 15. August vu 15:00 bis 17:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn
    Entdeckt de restauréierten Terrain vun der Grouft Kazebierg am Ellergronn. Am Musée „Mine Cockerill“ si Fossilien, al Luuchten, Geschir an aner Artefakten ausgestallt. D’Aktivitéit ass gratis.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch, franséisch
    Umeldung: bis de 14. August
    Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    Kontakt: Henri Clemens, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu

 

  • Wanderschéifer bei Nuecht: Vollmoundwanderung
    Donneschdes, de 15. August um 19:30 Auer
    Eng spontan Vollmoundwanderung mat de Schof steet um Programm. Detailer zum Treffpunkt an d’Dauer ginn no der Umeldung matgedeelt. Bei schlechtem Wierder kann d’Wanderung ofgesot ginn.
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Umeldung: bis den 10. August
    Organisatioun: natur&ëmwelt, Naturpark Our, Schéiferei Weber
    Kontakt: Myriam Zimmer, 26 90 81 27 35, info@schaeferei-weber.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Samschdes, de 17. August vun 12:00 bis 18:00 Auer beim Kulturzentrum Jean Wolff zu Äischen
    Startzäiten: 5 oder 10 km → 12:00 bis 16:00 Auer, Zielschluss: 18:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis matgoen.
    Nächsten Arrêt: Eischen, Denn
    Organisatioun: Äischdall Flitzer Äischen Asbl
    Kontakt: Romain Feiereisen, 621 740 408, feierom@pt.lu

 

  • D’Schlammwiss by night
    Samschdes, de 17. August vun 19:00 bis 21:00 Auer op der Parkplaz beim Fussballfeld zu Mënsbech
    Een Naturschauspill: Schmuewelen bei hirer Schlofplaz! Denkt dru Stiwwelen an un d’Wieder ugepasst Kleedung, sou wéi ee Fernglas matze bréngen. Hënn musse leider doheem bleiwen.
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Umeldung: bis de 16. August
    Nächsten Arrêt: Munsbach, Op der Gare
    Organisatioun: natur&ëmwelt Ieweschte Syrdall (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Jim Schmitz, 621 293 695, j.p.schmitz@naturemwelt.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, den 18. August am Hall Polyvalent zu Schëffleng
    Startzäiten: 5 an 10 km → vun 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → vu 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis matgoen.
    Nächsten Arrêt: Schifflange Gare
    Organisatioun: Schëfflenger Globetrotters Asbl (www.globetrotters.lu)
    Kontakt: Nico Ecker, 691 805 459, eckerni@pt.lu

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, Campagne, En Dag an der Natur, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel