Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft
dating lehigh valley pa

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich

https://moien.lu/100-questions-dating/
dating lehigh valley pa

jamaica dating site

Um Dënschdegowend, nodeems de Fluchhafe vun Hong Kong schonn den

Hei komme Bikeren op hier Käschten!
dating lehigh valley pa

Hei komme Bikeren op hier Käschten!

Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • Loscht op Natur: Eruewerung vun der Buerg vun Esch-Sauer
    Dënschdes, den 23. Juli vu 14:30 bis 17:00 Auer am Naturparkzentrum (15, rue de Lultzhausen, Esch/Sauer)
    Geféiert naturkundlech Erfuerschung vun der Buerg Esch-Sauer a weidere Sekundarbiotoper.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Sauer, An de Gäert
    • Organisatioun: Naturpark Uewersauer
    • Kontakt: Yves Krippel, 89 93 31 1, ecology@naturpark-sure.lu

 

  • Geféiert Nuechtvisit mat Fakelen
    Dënschdes, den 23. Juli um 22:00 Auer um Schlass zu Wolz
    • Umeldung: bis den 22. Juli
    • Nächsten Arrêt: Wiltz, Gare
    • Organisatioun: Syndicat d’Initiative Wolz (www.touristinfowiltz.lu)
    • Kontakt: Aleksandra Kowalska, 95 74 44, info@touristinfowiltz.lu

 

  • Als Naturpark-Entdecker op Fuerschertour
    Mëttwochs, den 24. Juli vun 10:00 bis 12:00 Auer an der Grondmillen (C.R. 314, Eschduerf/Lëlz)
    Beschtens equipéiert mat Entdecker-Weste sinn d’Kanner bereet fir eng Aventure an der Natur. D’Exkursiounsmaterialien hëllefen hinne bei hire selbststännege Fuerschungen an Entdeckungen an der Natur.
    • Umeldung: bis den 21. Juli
    • Nächsten Arrêt: Lultzhausen, Bif. Lultzhausen
    • Organisatioun: Naturpark Öewersauer (www.naturpark-sure.lu)
    • Kontakt: Anne Scheer, 89 93 31 1, info@naturpark-sure.lu

 

  • Kanutour um Uewerstauséi
    Mëttwochs, de 24. Juli vu 17:00 bis 20:00 Auer an der Jugendherberg Lëlz /20, an der Driicht)
    Eng naturkundlech Exkursioun emol anescht! Bei enger entspaanter Kanutour wëlle mir eis déi verschidde Liewensraim am an um Uewerstauséi, mat all senge Bewunner ukucken an eis mat der Geschicht vum Stauséi beschäftegen.
    • Umeldung: bis den 26. Juni
    • Nächsten Arrêt: Lultzhausen, Driicht
    • Organisatioun:Naturpark Öewersauer / Jugendherberg Lëlz (www.naturpark-sure.lu)
    • Kontakt: Yves Krippel, 89 93 31 1, ecology@naturpark-sure.lu

 

  • Muschelzuchtstatioun Kaalbermillen
    Samschdes, de 27. Juli vun 9:30 bis 14:00 Auer un der Kaalbermillen zu Kaalber
    Fir d’Baachmuschel ze erhalen muss de Gruef, an dem d’Muschele grouss ginn, reegelméisseg propper gemaach ginn. Uschléissendgëtt eng Féierung duerch d’Statioun vun der Kaalbermillen organiséiert. Bréngt also Är Gummisstiwwelen mat.
    • Umeldung: bis den 22. Juli
    • Nächsten Arrêt: Kalborn, Am Eck
    • Organisatioun: natur&ëmwelt – Fondatioun Hëllef fir d’Natur
    • Kontakt: Manou Schirtz, 26 90 81 27 1, antenne.nord@naturemwelt.lu

 

  • 2000 m² – Summerkichen am Fräien
    Samschdes, de 27. Juli vun 10:00 bis 14:00 Auer am Haus vun der Natur (5, route de Luxembourg, Kockelscheier)
    Hei gitt Dir méi iwwert de Projet 2000 m² gewuer. Dës Kéier gëtt dat zeidegt Summergeméis gepléckt an an der Kichen verschafft.
    • Sprooch: Däitsch
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    • Organisatioun: natur&ëmwelt, IBLA, Co-Labor (www.naturemwelt.lu)
    • Kontakt: Elisabeth Kirsch, 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu

 

  • Manternacher Fiels
    Samschdes, den 27. Juli vun 10:00 bis 13:00 Auer am Naturschutzzentrum A Wiewesch, Manternach
    Mat Fielsformatiounen a kulturhistoresche Beräicher huet d’Naturschutzgebitt vill ze bidden. De Wee féiert duerch de Bësch vum Syrdall, al Wäibiergstroossen an Uebstwisen. Niewebäi schmaache mir Wäin aus der Manternacher Fiels. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 25. Juli
    • Nächsten Arrêt: Manternach, Gare
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt A Wiewesch
    • Kontakt: A Wiewesch, 26 71 67, awiewesch@anf.etat.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, den 28. Juli vu 7:00 bis 17:00 Auer am Centre d’Accueil, Ellergronn
    Startzäiten: 5 oder 10 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Po
    • Organisatioun: Entente Fräizäit „Roude Léiw“ Asbl
    • Kontakt: Pia Jost-Künsch, 621 726 401, piajost59@gmail.com

 

  • IVV Wanderung am Ellergronn
    Sonndes, den 28. Juli vun 7:00 bis 14:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn
    Wanderung vu 5, 10 an 20 km duerch d’Natur vum Minett-Bassin an Zesummenaarbecht mat der Entente Roude Léiw Esch-Uelzecht. Startzäiten: 5 an 10 km vu 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km vu 7:00 bis 12:00 Auer. De Start kascht 1,50 €.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt, Ellergronn
    • Kontakt: Entente Fräizäit Roude Léiw, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu

 

  • Internationale Jugend-Workshop
    Méindes, den 29. Juli um 8:30 Auer a Freides, den 9. August um 16:00 Auer am Biodiversum Rëmerschen (5 Breicherwee)
    De Workshop erméiglecht et Jugendlechen tëscht 18 an 30 Joer d’Reegele vun der Dréchemauerbaukonscht an der Praxis ze léieren.
    • Umeldung: bis den 15. Juli
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Nei Schoul
    • Organisatioun: natur&ëmwelt – Fondatioun Hëllef fir d’Natur (www.naturemwelt.lu)
    • Kontakt: Pascal Armborst, 29 04 04 323, p.armborst@naturemwelt.lu

 

  • Offall – Wéi léisst e sech vermeiden?
    Dënschdes, den 30. Juli vu 14:00 bis 16:00 Auer bei der SuperDrecksKëscht zu Colmar-Bierg
    Am Workshop ginn d’Vermeidungsméiglechkeeten vum Offall, sou wéi Alternative virgestallt. De Logistikzenter vun der SuperDrecksKëscht gëtt besicht an d’Recyclingméiglechkeeten vun de gesammelten Offäll gi presentéiert.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 26. Juli
    • Nächsten Arrêt: Colmar, Faubourg
    • Organisatioun: SuperDrecksKëscht (www.sdk.lu)
    • Kontakt: Malou Origer, 48 82 26 228, training@sdk.lu

 

  • Loscht op Natur: Eruewerung vun der Buerg vun Esch-Sauer
    Dënschdes, den 30. Juli vu 14:30 bis 17:00 Auer am Naturparkzentrum (15, rue de Lultzhausen, Esch/Sauer)
    Geféiert naturkundlech Erfuerschung vun der Buerg Esch-Sauer a weidere Sekundarbiotoper.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Sauer, An de Gäert
    • Organisatioun: Naturpark Uewersauer
    • Kontakt: Yves Krippel, 89 93 31 1, ecology@naturpark-sure.lu 

 

  • Geféiert Nuechtvisit mat Fakelen
    Dënschdes, den 30. Juli um 22:00 Auer um Schlass zu Wolz
    • Umeldung: bis den 22. Juli
    • Nächsten Arrêt: Wiltz, Gare
    • Organisatioun: Syndicat d’Initiative Wolz (www.touristinfowiltz.lu)
    • Kontakt: Aleksandra Kowalska, 95 74 44, info@touristinfowiltz.lu

 

  • Als Naturpark-Entdecker op Fuerschertour
    Mëttwochs, den 31. Juli vun 10:00 bis 12:00 Auer an der Grondmillen (C.R. 314, Eschduerf/Lëlz)
    Beschtens equipéiert mat Entdecker-Weste sinn d’Kanner bereet fir eng Aventure an der Natur. D’Exkursiounsmaterialien hëllefen hinne bei hire selbststännege Fuerschungen an Entdeckungen an der Natur.
    • Umeldung: bis den 29. Juli
    • Nächsten Arrêt: Lultzhausen, Bif. Lultzhausen
    • Organisatioun: Naturpark Öewersauer (www.naturpark-sure.lu)
    • Kontakt: Anne Scheer, 89 93 31 1, info@naturpark-sure.lu

 

  • Franziskuswanderung
    Donneschdes, den 1. August um 18:00 Auer bei der Kierch zu Ëlwen
    Wanderung vu 5 km, individuell oder am Grupp. Duerno besteet d’Méiglechkeet zesumme Spaghetti ze iessen.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 25. Juli
    • Nächsten Arrêt: Troisvierges, Bënzelterstrooss
    • Organisatioun: Kulturkommissioun Ëlwen, Por Ëlwen-Wäiswampech (www.visittroisvierges.lu)
    • Kontakt: Marco van Miltenburg, 24 51 48 81, info@visittroisvierges.lu

 

  • Schmieden am Ellergronn (Basiscours)
    Freides, den 2. August vun 9:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn
    Am Basiscours léiert dir wéi een dëst Handwierk léiert. Wéi eng Technike ginn et? Zum Schluss kënnt Dir een eegenen Objet ufärdegen. Denkt u Kleedung aus Bamwoll, anstänneg Schong an Händschen fir d’Schmatt.
    • Alter: ab 18 Joer
    • Präis: 50 €
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 1. August
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Yves Thiltgen, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu

 

  • Berduerfer Mäertchen
    Samschdes, den 3. August vun 10:00 bis 18:00 Auer am Zentrum vu Berduerf
    Lokal Produzenten an Handwierker stellen um Mäertchen hir Produite vir. Vu Liewensmëttel bis Kannerkleedung, vu Bijoue bis zu anerem Konschthandwierk ass alles dobäi!
    • Nächsten Arrêt: Berdorf, Duerfplatz
    • Organisatioun: SIT Berduerf (visitberdorf.lu)
    • Kontakt: Elise van Bosveld Heinsius, 79 05 45, elise@visitberdorf.lu

 

  • Päiperlekswanderung
    Samschdes, den 3. August vu 14:00 bis 17:00 Auer um Schlass zu Uespelt (37, Péiter vun Uespelt-Strooss)
    Mat Netzer fänke mir d’Päiperleke, bestëmmen se a loossen se nees fräi. Dobäi gitt Dir vill zur Entwécklung, der Ernierung an dem Verhale vun den Insekte gewuer. Denkt drun ee Fernglas, Bestëmmungsbicher (fakultativ), sou wéi fest Schong anzepaken.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 2. August
    • Nächsten Arrêt: Aspelt, Gare
    • Organisatioun: Biologesch Statioun SIAS
    • Kontakt: Michelle Clemens, 34 94 10 28, m.clemens@sias.lu

 

  • Wanderung fir naturbegeeschtert Persounen
    Samschdes, den 3. August vu 14:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen
    Sonn, Mound a Stären, de Reebou a vill weider Naturphenomener faszinéieren eis. Doriwwer ginn et natierlech och eng Rëtsch Märercher a Mysterien.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Muriel Nossem, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung a Yuppi Walk
    Sonndes, de 4. August vu 7:00 bis 17:00 Auer bei der Hall Omnisports Frankie Hansen zu Ettelbréck
    Startzäiten: 5 an 10 km → 7:00 bis 13:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    • Nächsten Arrêt: Ettelbruck, Hall Omnisports
    • Organisatioun: Wanderfrënn Ettelbruck Asbl
    • Kontakt: Roger Thewes, 691 819 579, rthewes@pt.lu

 

  • Biodiversitéit um Haff Réimech
    Sonndes, de 4. August vun 9:30 bis 12:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum Rëmerschen
    Wärend ongeféier 3 Stonnen gesi mir déi verschidden Déieren (an der Loft, um Waasser, ënner Waasser, iwwerierdesch, ënnerierdesch). Mat Beispiller probéiere mir dat natierlecht Gläichgewiicht ze verstoen.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Natur et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Marie-Claude Hatz, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu

 

  • D’Planzen op der Koll
    Sonndes, de 4. August vun 11:00 bis 13:00 Auer beim Schiefermusée zu Uewermateleng
    Beim Tour duerch d’Schiefergrouft erkläert eng Biologin d’Aartevillfalt vun der Planzewelt op dëser steeneger Plaz. Mat engem Gedrénks op Basis vun de Kraider aus der Leekoll am Bopebistrot geet d’Visitt op een Enn.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Nächsten Arrêt: Martelange, Leekoll
    • Organisatioun: Frënn vun der Lee Asbl (www.ardoise.lu)
    • Kontakt: Musée de l’Ardoise, 23 640 141, info@ardoise.lu

 

  • Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng
    Sonndes, de 4. August um 15:00 Auer am Mediterrane Gaart (89, route du Vin)
    Visit vum Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng mam Themeschwéierpunkt op de Joreszäiten
    • Nächsten Arrêt: Schwebsingen, Op der Hoh
    • Organisatioun: natur&ëmwelt – Fondatioun Hëllef fir d’Natur (www.mediterraner-garten.lu)
    • Kontakt: Georges Moes, 26 66 55 37, g.moes@naturemwelt.lu
Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, August, En Dag an der Natur, Juli, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel