Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg huet a senger laanger Geschicht als Grofschaft, Herzogtum a

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
Neiegkeeten

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Polnesche President Duda leet Veto an
Neiegkeeten

Polnesche President Duda leet Veto an

Um Méindeg huet de polnesche President Andrzej Duda säi Veto

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • Geféierte Bëschspadséiergank
    Donneschdes, den 11. Juli vu 19:00 bis 21:00 Auer bei der Sportshal zu Lëntgen (50, rue de la Gare)
    Iwwert een Naturpad spadséiere mir un der Uelzecht laanscht. Donieft kritt Dir Informatiounen iwwert de Projet vun der extensiver Beweedung, sou wéi iwwert d’Virdeeler vun der Renaturéierung vum Waasser. Je no Interessi wäerte mir och probéieren, Huesen a fräier Natur ze beobachten.
    • Nächsten Arrêt: Lintgen, Gare
    • Organisatioun: Ëmweltkommissioun Gemeng Lëntgen
    • Kontakt: Luc Zank, 26 20 07 67, luc.zwank@gmx.net 
  • FLMP Vollekswanderung
    Samschdes, den 13 Juli vun 7:00 bis 17:00 Auer beim Centre Nossbierg (1A, rue de Rumelange, Esch-Uelzecht)
    Startzäiten: 6 oder 12 km → 7:00 bis 13:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Rue de l’Alzette
    • Organisatioun: GO-RUN vum Centre Nossbierg APEMH Asbl (www.apemh.lu)
    • Kontakt: Edmée Cathrein, 691 377 272, edmee.cathrein@apemh.lu
  • Fleschtertreffen
    Samschdes, den 13. Juli vun 9:00 bis 17:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum, Remerschen
    Een Treffe fir all déijéineg, déi gären a geselleger Ronn Weede flechte wëllen. Zéckt net, dëst aalt Handwierk beschnupperen ze kommen an Iech doriwwer ze informéieren. Ufänger a Fortgeschrattener gi gebieden, sech 3 Wochen am viraus unzemellen, sou datt genuch Weeden ageweecht ginn. De Workshop ass fir Erwuessener a gratis.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 21. Juni
    • Nächsten Arrêt: Rëmerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Gabi Jacqué, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu
  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, den 14. Juli vun 7:00 bis 17:00 Auer am Kulturzentrum Hennesbau (rue de la Fail, Nidderfeelen)
    Startzäiten: 5 oder 12 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen
    • Nächsten Arrêt: Niederfeulen, Mairie
    • Organisatioun: Feelener Sekuristen & Wanderfrënn Asbl
    • Kontakt: Véronique André, 621 185 638, feelenersw@gmail.com 
  • Päiperleke bestëmmen – Citizen Science
    Sonndes, de 14. Juli vun 9:00 bis 16:00 Auer zu Weiler-la-Tour
    Bei dësem Cours gi Fräiwëlleger ausgebilt, fir Daten iwwert d’Verbreedung an d’Heefegkeet vu Päiperleken opzehuelen. De Cours besteet aus zwee Deeler: Um 12. Mee waren et d’Päiperleksfamillen, dës Kéier ass et de Monitoring vu Päiperleksaarten.
    • Sprooch: Englesch
    • Umeldung: bis de 7. Juli
    • Organisatioun: SIAS, LIST A Bee Together (BeeEngaged)
    • Kontakt: John Park, 621 554 515, beetogettherlux@gmail.com
  • Ecopark Wandhaff Mënsch an Natur am Zentrum vum Schafen
    Sonndes, de 14. Juli vun 9:30 bis 12:00 Auer op der Parkplaz Maxpoint um Wandhaff
    Nieft de reng wirtschaftlechen Aktivitéiten, stinn d’Liewensqualitéit vum Mënsch op der Aarbechtsplaz, duerch den Erhalt an d’Fërderung vun natierleche Liewensräim am Mëttelpunkt. Entdeckt d’Chance vun der Gestaltung vun engem naturnoen Park mat Modellcharakter.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 11. Juli
    • Nächsten Arrêt: Wandhaff
    • Organisatioun: Centre Natur et Forêt Mirador
    • Kontakt: Marc Parries, 26 39 34 08, mirador@anf.etat.lu 
  • Wiewen à la carte
    Méindes, de 15. Juli bis Freides, de 26. Juli vun 17:30 bis 20:30 Auer zu Iechternach
    Wann och Dir Loscht hutt dat aalt Handwierk vum Wiewen ze entdecken, da kënnt Dir mat dësem Cours een eegene Projet ëmsetzen. Eis Expertin wäert Iech gären ënnerstëtzen!
    • Präis: 300 €
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 1. Juli
    • Organisatioun: Natur- & Geopark Mëllerdall
    • Kontakt: Claude Thomé, 26 87 82 91, info@naturpark-mellerdall.lu
  • Loscht op Natur: Eruewerung vun der Buerg vun Esch-Sauer
    Dënschdes, de 16. Juli vu 14:30 bis 17:00 Auer am Naturparkzentrum (15, rue de Lultzhausen, Esch/Sauer)
    Geféiert naturkundlech Erfuerschung vun der Buerg Esch-Sauer a weideren Sekundarbiotoper.
    • Nächsten Arrêt: Esch/Sauer, An de Gäert
    • Organisatioun: Naturpark Uewersauer
    • Kontakt: Yves Krippel, 89 93 31 1, ecology@naturpark-sure.lu 
  • Geféiert Nuechtvisit mat Fakelen
    Dënschdes, den 16. Juli um 22:0 Auer um Schlass zu Wolz
    • Umeldung: bis de 15. Juli
    • Nächsten Arrêt: Wiltz, Gare
    • Organisatioun: Syndicat d’Initiative Wolz (www.touristinfowiltz.lu)
    • Kontakt: Aleksandra Kowalska, 95 74 44, info@touristinfowiltz.lu
  • Wëll Kichen
    Mëttwochs, de 17. Juli vun 11:00 bis 13:30 Auer am Haus vun der Natur (5, route de Luxembourg, Kockelscheier)
    Mir heizen de Lehmbakuewen un a bereeden mat Hiefdeeg, Ram an anere Leckereien Fladenbrout zou, dat herno am Uewen knuspreg gebak gëtt. Dozou gëtt et eng Bëschlimonad.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 11. Juli
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Asbl
    • Kontakt: Sonnie Nickels, 29 04 04 1. s.nickels@naturemwelt.lu 
  • Eechen a Buchen am Arboretum Kierchbierg
    Mëttwochs, de 17. Juli vun 18:00 bis 19:30 Auer an der Entrée vum Park Réimerwee a Central (rue Coudenhove-Kalergi)
    Entdeckt am Park Réimerwee d’Sammlung vun europäeschen Eechen a Buchen, a genéisst d’Aussicht vum klenge Kierchbierg am Parc Central. Begleet gitt Dir vum Biolog Thierry Helminger.
    • Nächsten Arrêt: Kirchberg, Coudenhove-Kalergi
    • Organisatioun: Naturmusée
    • Kontakt: Thierry Helminger, 46 22 33 406, arboretum@mnhn.lu
  • Bat Night
    Freides, den 19. Juli um 18:00 Auer bei der Kierch zu Baastenduerf (6, Haaptstrooss)
    Erlieft un dësem Owend Fliedermais, hire Liewensraum, d’Nahrungsquellen an déi sozial Strukturen hautno. Et ass eng Erkundungstour an ee Workshop fir déi ganz Famill!
    • Nächsten Arrêt: Bastendorf, Lann
    • Organisatioun: Naturpark Our
    • Kontakt: Alain Klein, 90 81 88 641, reception@naturpark-our.lu
  • Nuetswanderung zu Esch-Uelzecht
    Freides, den 19. Juli vun 20:00 bis 23:00 Auer bei der Jugendherberg (17, Boulevard John F. Kennedy)
    Geféierten Nuetstour vun ronn 5,7 km ronderëm Esch-Uelzecht. Fir Erwuessener a Kanner ab 9 Joer gëeegent. Um Schluss gëtt et nach ee klenge Snack bei der Jugendherberg.
    • Präis: 9 € (9 bis 12 Joer) an 13 € (ab 13 Joer)
    • Umeldung: bis den 12. Juli
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Gare
    • Organisatioun: Lëtzebuerger Jugendherbergen
    • Kontakt: 26 27 66 200, animatioun@youthhostels.lu 
  • Besuch vum Bio-Héngerhaff Meyers-Weis
    Samschdes, den 20. Juli vun 9:00 bis 17:00 Auer op der Stater Gare
    Faart vu Lëtzebuerg bei de Bio-Haff Meyers-Weis, dee Limousin-Ranner ziicht an Hénger fir d’Eerproduktioun opzitt. Donieft gëtt och dee Supermarché aus Holz besicht. Zu Mëtteg ginn et frësch Eeër vum Haff.
    • Umeldung: bis den 18. Juli
    • Nächsten Arrêt: Luxembourg, Gare
    • Organisatioun: etika Asbl
    • Kontakt: Ekkehart Schmidt, 29 83 53, velotour@etika.lu
  • Yoga an der Natur
    Samschdes, den 20. Juli vun 10:00 bis 12:00 Auer um CR 178 Recken
    Yoga an der Natur ass Yoga am wouerste Sënn vum Wuert. Hei tanke mir am beschten op! Vergiesst also net Är Yogamatt, eng kleng Decken an eventuell ee klengt Këssen matzebréngen.
    • Sprooch: Englesch
    • Umeldung: bis den 18. Juli
    • Nächsten Arrêt: Roedgen, Laangwis
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Leideleng-Recken
    • Kontakt: Liss Hilger, 621 23 45 46, hilgerliss@gmail.com 
  • D’Blummen um Bord vum Wee
    Samschdes, den 20. Juli vu 14:00 bis 17:00 Auer
    Am Kader vun enger Wanderung léiere mir déi typesch Blumme vun den extensive Wise kennen a sammele Som fir d’Wisenrenaturéierung vun der Biologescher Statioun SIAS.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 19. Juli
    • Organisatioun: Biologesch Statioun SIAS
    • Kontakt: Marc Thiel, 34 94 10 26, m.thiel@sias.lu
  • Selwer gebastelt Spillsaachen aus Naturmaterial
    Samschdes, den 20. Juli vun 14:00 bis 17:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn
    Ee kreativen a spillereschen Nomëtteg am Bësch verbréngen an dobäi Spillsaachen aus Naturmaterial selwer hierstellen. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 19. Juli
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Irene Schrouff, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu
  • Geféiert Wäiwanderung
    Samschdes, den 20. Juli um 15:00 Auer beim Wäimusée zu Wuermer (15. Wäistrooss)
    Riesling meets Muschelkal – Vu Geologie fir unzepaken iwwert d’Geschicht vum Wäibau bis hin zum Wäi selwer war et ee laange Wee. Genéisst bei enger super Aussiicht op de Museldall d’Riewen. Fir de Wee vu 5 km gi fest Schong recommandéiert.
    • Präis: 12 €
    • Sprooch: Däitsch
    • Nächsten Arrêt: Ehnen, Puddel
    • Organisatioun: Miselerland (www.museevin.lu)
    • Kontakt: Nathalie Bësch, 75 88 88, info@museevin.lu
  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, den 21. Juli vu 7:00 bis 17:00 Auer am Kulturzentrum „Hanner Bra“ (1 Hanner Bra, Bech)
    Startzäiten: 6 oder 11 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss:17:00 Auer. De Start bedréit 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    • Nächsten Arrêt: Bech, Beim Weiher
    • Organisatioun: Micky Mais Gemeng Bech Asbl
    • Kontakt: Marc Mersch, 621 321 276, mamersch@pt.lu
Ähnlech Sujeten Bësch, Biodiversum, En Dag an der Natur, natur&ëmwelt, Programm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel