Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mord zu Amsterdam!
Kultur Neiegkeeten

Mord zu Amsterdam!

En Attentat? Nee en hannerlëschtege Mord. Den Affekot Derk Wiersum

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence
Kultur Neiegkeeten

Kroatien iwwerhëlt EU-Presidence

De kroateschen Ausseminister Gordan Grlic Radman wäerten zu Lëtzebuerg déi

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz
Kultur Neiegkeeten

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“,

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, Beien, En Dag an der Natur, Franziskuswanderung, Mountainbike, natur&ëmwelt, Plogging, Stauséi, Upcycling, Wild Wild Wiltz Day
Nächsten Artikel Virrechten Artikel