Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!
Kultur Neiegkeeten

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!

Bei aller Euroskepsis, déi een online héiert, schloen dës Zuelen

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • Kraiderféierung
    Donneschdes, den 2. Mee vun 18:00 bis 22:00 Auer am Naturschutzzentrum A Wiewesch zu Manternach
    Mir erkennen an iernten wëll Planzen op heemesche Wisen a ginn des iessbar Plazen zesummen an der Kiche weider verschaffen an uschléissend schmaachen. De Präis läit bei 12 € pro Persoun
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldunge ware bis den 30. Abrëll
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt A Wiewesch
    • Kontakt: Christina Kuhn, 26 71 67,
    awiewesch@anf.etat.lu 
  • Rouh am Bësch
    Donneschdes, den 2. Mee vun 19:00 bis 21:00 Auer am Naturschutzzentrum A Wiewesch zu Manternach
    Bei dësem Spadséiergank kucke mir hannert d’Kulissen vu verschiddene Beem, fir esou Onentdecktes an a ronderëm eis ze gesinn. Uschléissend besteet d’Méiglechkeet vun enger Bëschmeditatioun. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldunge ware bis den 30. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Manternach, Gare
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt A Wiewesch
    • Kontakt: Ingor Meuleman, 26 71 67, awiewesch@anf.etat.lu
  • 1 Stonn Natur…op der Kockelscheier
    Donneschdes, den 2. Mee vun 12:00 bis 13:00 Auer um Parking Haus vun der Natur /5, rue de Luxembourg, Kockelscheier)
    1 Stonn Natur kucken, lauschteren, anootmen an dobäi vläicht eppes Neies gewuer ginn, iwwer Déieren, Planzen, Landschaft, Naturschutz, Ëmwelt. Follow naturemwelthaard op Facebook fir ze wësse, wéini mer déi nächste Kéier an d’Natur ginn a komm 1 Stonn mat!
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheier, Patinoire
    •Organisatioun: natur&ëmwelt
    • Kontakt: Claudine Felten, 29 04 04 304, c.felten@naturemwelt.lu 
  • Schmidden am Ellergronn (Basiscours)
    Freides, den 3. Mee vun 9:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergonn zu Esch-Uelzecht
    Wéi léiert een schmidden? Wéi eng Technike ginn et? Um Enn vum Cours ass d’Kreatioun vun engem eegenen Objet an der Schmëdd virgesinn. Esou soll ee Kleedung aus Bamwoll, adaptéiert Schong an Schmëdd-Händschen matbréngen. De Cours ass ab 18 Joer a kascht 50 €
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 2. Mee
    •Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Placce Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Yves Thiltgen, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • 2.Bee-Day – Mam Béievolleg op den Du!
    Samschdes, de 4. Mee vun 9:30 bis 16:00 Auer am Lycée Ermesinde (45, rue de la Gare, Miersch)
    Agelueden ass de Martin Dettli, Imker a Buchauteur vu „Bienen verstehen“, säit 20 Joer ass hien an der Beiefuerschung aktiv a betreit 50 Volleker. Mam Beievollek op den Du heescht, datt een d’Beie wouer an eescht hëlt. D’Käschte fir d’Verfleegung leie bei 18 €
    • Sproochen: Däitsch
    • Umeldunge ware bis den 29. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Miersch, Lycée Ermesinde
    • Organisatioun: Bio-Lëtzebuerg Asbl
    • Kontakt: Julie Mousel, 26 15 23 74, mousel@bio-letzebuerg.lu 
  • En Dag am Bësch
    Samschdes, de 4. Mee vun 10:00 bis 17:00 Auer beim Ditchesweier zu Beetebuerg
    De ganzen Dag ginn Atelieren a Workshoppen zum Thema Bësch ugebueden. Ee gratis Shuttle fiert ab 9:30 Auer d’Gare vum CFL un.
    • D’Umeldung war bis de 26. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Beetebuerg, Gare
    • Organisatioun: Gemeng Beetebuerg zesumme mat ANF
    • Kontakt: Service écologique, 51 80 80 248, ecologie@bettembourg.lu 
  • Entdeckungswanderung „Riedergrënn“
    Samschdes, de 4. Mee vun 10:00 bis 16:00 Auer beim Waasserreservoir Rued/Ell
    Geféiert Wanderung am Natura 2000 Gebitt „Riedergrënn“ bei Rued/Ell, laanscht Koulbich. Bei engem Rondwee vun ongeféier 10 Kilometer entdeckt een d’Villfalt vun der aarteräicher Vegetatioun an den naturnoe Bëscher. De Schwieregkeetsgrad ass mëttel, awer net fir Kannerkutsche geduecht. Famillje mat Kanner ab 7 Joer si wëllkomm. D’Wanderung fënnt ab enger minimaler Unzuel vu Participante vu 5 Persoune statt an ass op 15 Persoune begrenzt.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • D’Umeldunge ware bis de 26. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Roodt/Redange, Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Buerfelt
    • Kontakt: Fischbach Jessica, 621 570 507, jessicafischbach@yahoo.de 
  • Mir bauen een Insektenhotel
    Samschdes, de 4. Mee vun 10:30 bis 17:00 Auer an der Loupescht (3, rue du Village, Jonglënster)
    Mat virgefäerdegte Stécker ginn Insektenhoteler zesummegebaut, déi een uschléissend mat Heem huelen dierf
    • Umeldung: bis den 2. Mee
    • Nächsten Arrêt: Jonglënster, Op der Gare
    • Organisatioun: Ëmweltkommissioun Jonglënster
    • Kontakt: Frank Theisen, 691 264 600, frank@tux.lu 
  • Eng Wanderung fir Naturverléifter
    Samschdes, de 4. Mee vu 14:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen
    Am Fréijoer komme vill Déieren aus hirem Wanterlager eraus. Haut trieden déi kleng Déieren an de Virdergrond, wëll och grouss Helden brauchen d’Ënnerstëtzung vun Ameisen a Beien.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Muriel Nossem, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu 
  • Fréijoerskichen
    Samschdes, de 4. Mee vun 15:00 bis 19:00 Auer am Terra Gebai, Eicherfeld Lëtzebuerg
    Theoreteschen Deel: Éischt Geméis a wëll Planzen – 5 Fréijoersplaten ginn zesumme gekacht – Tipps an Tricks ginn et vum Chefkach. D’Verkaschtung gëtt kommentéiert an d’Rezepter vinn zur Verfügung gestallt. D’Käschte belafe sech op 100 € pro Persoun (-10% fir TERRA-Memberen a Genossen).
    • Sprooch: Franséisch
    • Umeldung: bis de 4. Mee
    • Nächsten Arrêt: Eich, Eecher Plaz
    • Organisatioun: TERRA S.C. (www.terra-coop.lu)
    • Kontakt: Sophie Pixius, 661 303 492, info@terra-coop.lu 
  • Konscht am Gaart 2019
    Samschdes, de 4. Mee um 19:00 Auer a Sonndes, de 5. Mee um 18:00 Auer am Gemengegaart (29, rue de Binsfeld, Ëlwen)
    Samschdes Owes gëtt den Live Musek-Programm vun 3 Stonne begleet vun enger fantastescher Feiershow. Sonndes ass d’Bühn vun 11:00 bis 18:00 Auer fir Hobbykënschtler aller Aart aus verschiddene Länner fräi. Natierlech gëtt d’Evenement vu Musek a Jongleure begleet. Alles spillt sech am Europäesche Gaart zu Ëlwen statt.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Troisvierges, Bënzelterstrooss
    • Organisatioun: Kulturkommissioun Ëlwen
    • Kontakt: Max Hahn, 691 948 585, hahnmax8@gmail.com 
  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, de 5. Mee vu 7:00 bis 17:00 Auer am Kulturzentrum Uewerdonwen (2, rue de Meechtem)
    Startzäit: 5 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, Startzäit 20 km: 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer, Präis: 1,50 € (Kanner bis 14 Joer si gratis)
    • Umeldung: bis de 5. Mee
    •Nächsten Arrêt: Ahn, Op der Bréck
    • Organisatioun: Muselfrënn, Uewerdonwen Asbl
    • Kontakt: Hilde van Beusekom, 621 503 076, hildevbb@gmail.com 
  • Vullestëmmen am Haff Réimech
    Sonndes, de 5. Mee vu 7:00 bis 9:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiverseum, Rëmerschen
    Am Fréijoer sinn d’Villercher besonnesch aktiv. Hiert Gezwitscher héiert een dobäi an allen Ecken an Hecken. Wisou awer sangen si eigentlech a wéi eng Zorte kënne mir um Rondgang bestëmmen? All dëst erkläert eis de Vullestëmmenexpert Marc Schweitzer. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Marc Schweitzer, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu 
  • Op de Spueren vum Minettstram
    Sonndes, de 5. Mee vun 8:30 bis 11:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn zu Esch-Uelzecht
    Op engem geféierten Tour entdeckt Dir d’Iwwerbleibsel vum Eisenäerzofbau, wéi beispillsweis d’Pompstatioun, de Killtuerm oder och d’Polverhaus, wou de Sprengstoff gelagert ginn ass fir de Stollen. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséich
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: André Rosa, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu 
  • Laf fir d’Natur
    Sonndes, de 5. Mee vun 9:30 bis 12:30 Auer am Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, route de Luxembourg)
    5 oder 10 km fir Erwuessener um 10:45 Auer, 5 km Walking um 10:25 Auer, Yuppi Mini-Naturlaf (1 km) um 10:00 Auer a Liichtathletik-Atelieren fir Kanner bis 12:30 Auer. Den Erléis geet un d’Naturprojeten vun natur&ëmwelt.
    • Nächsten Arrêt: P&R Kockelscheuer
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Asbl
    • Kontakt: Sonnie Nickels, 29 04 04 1, s.nickels@naturemwelt.lu 
  • Wuechtsamkeetspraxis a wëll Kraider
    Sonndes, de 5. Mee vun 10:00 bis 13:00 Auer um Parking bei der Sportshal „Op der Fréinen“ zu Jonglënster
    Dëst Erliefnis beréiert déi mënschlech Séil. Fir een Ablack si mir mat der Natur am Hei an Elo verbonnen an dauchen an dat vergiessent Kraiderwëssen an. D’Käschte leie bei 20 € pro Persoun. Et soll een eng Sëtzënnerlag matbréngen.
    • Sprooch: Däitsch
    • Umeldung war bis den 28. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Junglinster, Op der Fréinen
    • Organisatioun: Wellbeing at work
    • Kontakt: Marianne Reimann, 621 192 156, marianne.reimann@go-mindful.lu 
  • Ee mediterrane Gaart zu Schwéidsbengen
    Sonndes, de 5. Mee um 15:00 Auer am Mediterrane Gaart (89, route du Vin, Schwéidsbengen)
    Féierung duerch de Mediterrane Gaart mat Themenschwéierpunkter no de Joreszäiten.
    • Nächsten Arrêt: Schwebsingen, Op der Hoh
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur
    • Kontakt: Georges Moes, 26 66 55 37, g.moes@naturemwelt.lu 
  • Aféierung an d’Dréchemauertechnik
    Méindes, de 6. Mee um 8:00 Auer a Freides, den 10. Mee um 8:00 Auer bei der Schoul zu Greiweldeng
    Am Kader vum europäeschen Interreg VA Projet „Dréchemaueren“ bitt dëse Workshop Ufänger a Fortgeschrattenen d’Méiglechkeet ënner fachlecher Leedung d’Reegele vun dëser Baukonscht an der Praxis ze léieren.
    • Sprooch: Franséisch
    • Umeldunge bis den 3. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Greiveldange, Kiirch
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur
    • Kontakt: Pascal Armborst, 29 04 04 323, p.amborst@naturemwelt.lu 
  • Bei dir piept et wuel – oder net?
    Méindes, de 6. Mee vun 19:00 bis 20:30 Auer am Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, route de Luxembourg)
    Léiert d’Villercher ronderëm d’Haus an de Gaart kennen a léiert méi doriwwer, wéi ee säi Grondstéck vullefrëndlech gestalte kann.
    • Sprooch: Däitsch
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Asbl
    • Kontakt: Elisabeth Kirsch, 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu 
  • natur&ëmwelt kenne léieren
    Méindes, de 6. Mee vun 18:30 bis 19:00 Auer am Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, route de Luxembourg)
    Dir wëllt natur&ëmwelt méi no kenne léieren, Iech abréngen a méi iwwert d’Projeten gewuer ginn? Da kommt laanscht! Uschléissend kann een de Virtrag „Bei dir piept et wuel – oder net?“ besichen.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch. Franséisch, Englesch
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Asbl
    • Kontakt: Valérie Klein, 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu 
  • 1 Stonn Natur zu Diddeleng
    Dënschdes, de 7. Mee vun 14:00 bis 15:00 Auer zu Diddeleng
    1 Stonn Natur kucken, lauschteren, anootmen an dobäi vläicht eppes Neies gewuer ginn, iwwer Déieren, Planzen, Landschaft, Naturschutz, Ëmwelt. Follow naturemwelthaard op Facebook fir ze wësse wéini mer déi nächste Kéier an d’Natur ginn a komm 1 Stonn mat!
    • Nächsten Arrêt: Dudelange, Centre
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Haard
    • Kontakt: Claudine Felten, 621 388 391, haard@naturemwelt.lu
     
  • Waasserdéieren an der Our erfuerschen
    Dënschdes, de 7. Mee vun 14:30 bis 17:00 Auer op der Kaalber Millen
    Zesumme gi mir op eng Entdeckungsrees an d’Our an ënnersichen déi aquatesch Ënnerwaasserwelt. Duerno kënnen d’Déiere mat Hëllef vu Mikroskope méi no ënnersicht ginn. Uschléissend gëtt et eng Féierung duerch d’Muschelzuchtstatioun op der Kaalber Millen.
    • Umeldung: bis den 2. Mee
    • Nächsten Arrêt: Kalborn, Am Eck
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur
    • Kontakt: Manou Schirtz, 26 90 81 27 42, wez@naturemwelt.lu
     
  • 2000 m² fir eist Iessen
    Mëttwochs, den 8. Mee vun 12:00 bis 13:00 Auer am Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, route de Luxembourg)
    2000 m² landwirtschaftlech Notzfläch huet theoretesch all Mënsch zur Verfügung. Wéi eng Ubaufläche fir d’Liewen noutwenneg sinn a wéi eng Konsumgewunnechten mir upasse mussen, fir eis nohalteg ze ernären, gëtt un dësem Projet gewisen.
    • Sprooch: Däitsch
    • Umeldung: bis den 6. Mee
    • Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    • Organisatioun: natur&ëmwelt, IBLA, Co-Labor
    • Kontakt: Elisabeth Kirsch, 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu
     
  • Dréchemaueren entdecken op dem KulTour Trail zu Greiweldeng
    Mëttwochs, den 8. Mee um 18:00 Auer bei der Schoul zu Greiweldeng
    Een Trëppeltour am Kader vum INTERREG Projet „Dréchemaueren an der Groussregioun“.
    • Umeldung: bis den 2. Mee
    • Nächsten Arrêt: Greiveldange, Schoul
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur
    • Kontakt: Pascal Armborst, 29 04 04 323, p.armborst@naturemwelt.lu
     
  • Aktioun „E Gaart voller Liewen“: Bau vun engem Insektenhotel
    Mëttwochs, den 8. Mee vun 18:00 bis 21:00 Auer am Naturparkzentrum zu Esch-Sauer (15, rue de Lultzhausen)
    Bei dësem Workshop gëtt een Insektenhotel gebaut, woubäi gewise gëtt, wourop een alles oppasse muss. Leider mëscht nämlech net alles Sënn, war am Verkaf ugebuede gëtt.
    • Umeldung: bis de 6. Mee
    • Nächsten Arrêt: Esch/Sauer, An de Gäert
    • Organisatioun: Naturpark Uewersauer
    • Kontakt: Patrick Thommes, 89 93 31 1, info@naturpark-sure.lu
     
  • FLMP Vollekswanderung
    Samschdes, den 11. Mee vun 7:00 bis 17:00 Auer am Kulturzentrum Larei zu Veianen (rue Charles Mathias André)
    Startzäiten: 5 oder 10 km: 07:00 bis 14:00 Auer, Startzäit 15 km: 07:00 bis 13:00 Auer, Startzäit 20 km: 07:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer, Präis: 1,50 € (Kanner bis 14 Joer si gratis).
    • Umeldung: bis den 11. Mee
    • Nächsten Arrêt: Vianden, Larei
    • Organisatioun: Ourdall Nëssknacker Veianen Asbl
    • Kontakt: Romain Koerner, 691 929 674, romainkoerner@tango.lu
     
  • Likör a Wëllkräidermenü
    Samschdes, den 11. Mee vun 9:00 bis 13:00 Auer am Naturparkhaus zu Beefort (rue de l’Auberge)
    1. Deel den 11. Mee: Mir sammele Kraider a setzen domat ee Kraiderlikör un
    2. Deel den 8. Juni: No 4 Wochen treffe mir eis nach emol, filteren de Likör a genéissen e mat engem Menü mat wëlle Kraider, de mir och selwer zoubereeden. De Präis läit bei 80 € pro Persoun (Mindestalter: 18 Joer)
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 9. Mee
    • Nächsten Arrêt: Beaufort, Härewiss
    • Organisatioun: Natur- &Geopark Mëllerdall
    • Kontakt: Claude Thomé, 26 87 82 91, info@naturpark-mellerdall.lu
     
  • Flechtertreffen
    Samschdes, den 11. Mee vun 9:00 bis 17:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen
    Een Treffe fir jiddweren, dee gären a geselleger Ronn Weede flechte wëll. Dobäi kann een dat alt Handwierk kenneléieren an sech informéieren. D’Aktivitéit ass gratis.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • D’Umeldung war bis den 19. Abrëll
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Gabi Jacqué, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu
     
  • Mat Fierschter op Entdeckungsrees duerch de Bësch
    Samschdes, den 11. Mee vun 9:00 bis 12:00 Auer zu Rammerech op der Raschtplaz tëscht dem Riesenhaff a Flatzbur
    Léiert méi iwwert déi nohalteg an naturno Bëschwirtschaft vum 750 Hektar grousse Bësch an der Gemeng Rammerech. Dobäi erlieft Dir de Bësch mat senger Erhalung an der Fërderung vun doudegem Holz a Biotopbeem als Prioritéit am nohaltege Bëschmanagement kennen. D’Féierung gëtt gemaach bei enger Persounenunzuel tëscht 5 a 15 Leit.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis de 4. Mee
    • Organisatioun: Centre Natur et Forêt Burfelt
    • Kontakt: Hermes Serge, 621 202 124, burfelt@anf.etat.lu
     
  • Biologesch gäertnere mat der Famill
    Samschdes, den 11. Mee vun 10:00 bis 12:00 Auer am Geméisgaart zu Esch-Uelzecht (Parking Stadion, Rue Dieswee)
    Zesummen am Gaart schaffeen: Wëssen, Know-How a Fäegkeeten mat Hëllef vum Geméisgaart fir Kanner iwwerdroen. Begleet Är Kanner mat bei dëser Entdeckung vum Ökosystem mat de 4 Sënner. Mindestalter: 3 Joer, Iessen ass op der Plaz méiglech. D’Käschte leie bei 15 € fir Erwuessener, 5 € pro Kand a 5 € pro Iessen.
    • Umeldung: bis de 4. Mee
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Gare
    • Organisatioun: CIGL Esch
    • Kontakt: Amélie Brenner, 621 307 291 / 621 413 750, gemeisguart@ciglesch.lu
     
  • Schofswollwoch
    Samschdes, den 11. Mee um 10:00 Auer a Sonndes, den 2. Juni um 17:00 Auer an der Robbesscheier (1, Frummeschgaass, Munzen)
    An den éischten zwou Woche ginn d’Schof geschuer, fir si vun hirem décke Wollkleed ze befreien. A verschiddene Workshoppe kënnen d’Visiteure méi zum Thema Wollveraarbechtung gewuer ginn, wéi beispillsweis zu de verschiddene Veraarbechtungsschrëtt vun der Woll bis hin zum Endproduit.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Nächsten Arrêt: Munshausen, Bei der Kierch
    • Organisatioun: Robbesscheier
    • Kontakt: Jean Zeches, 92 17 45 1, info@touristcenter.lu
     
  • Bio-Gaardenaarbecht mat der Famill
    Samschdes, den 11, Mee vun 10:00 bis 12:00 Auer beim Geméisguart zu Esch-Uelzecht
    De biologeschen Ubau vun engem Gaart gëtt hei mat de 5 Sënner entdeckt. Op Ufro besteet d’Méiglechkeet op der Plaz eppes ze Iessen ze kréien. De Präis läit bei 15 e pro Erwuessenen, 5 € pro Kand a 5 pro Iessen.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 10. Mee
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Rue du X Septembre
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronng
    • Kontakt: Amélie Brenner & David S’Jongers, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu
     
  • Fotoworkshop: Fielsen a Planzen
    Samschdes, den 11. Mee vun 13:30 bis 17:00 Auer um Parking Aquatower zu Bäerdref (rue de Consdorf)
    Loosst Iech vun engem Fotograf weisen, wéi ee Biller richteg ophëlt, natierlech zum richtege Mëllerdaller Thema: D’Fielsen an d’Planzen. De Fokus läit dobäi op der Makrofotografie. Bréngt w.e.g. Ee Fotoapparat an ee Stativ mat (falls virhanden). De Präis läit bei 20 € pro Persoun (Mindestalter: 16 Joer).
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 3. Mee
    • Nächsten Arrêt: Berdorf, Bif Heisbich
    • Organisatioun: Natur- & Geopark Mëllerdall
    • Kontakt: Claude Thomé, 26 87 82 91, info@naturpark-mellerdall.lu
     
  • Kraiderwanderung
    Samschdes, den 11. Mee vun 14:00 bis 17:00 Auer bei der Gemeng zu Monneresch (rue Arthur Thinnes)
    Ënnert der Leedung vum Tanja Lulling entdecke mir wëll Kraider. Donieft léiere mir Rezepter kennen. Fest Schong, sou wéi ee Kuerf sinn noutwenneg. Duerno luet d’Gemeng Iech op een Éierewäin an.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis de 5. Mee
    •Nächsten Arrêt: Mondercange, Centre
    • Organisatioun: Ëmweltadministratioun
    • Kontakt: Estele Rotondano, 55 05 74 50, ecologie@mondercange.lu
     
  • Ronderëm d’Buurschtermillen
    Samschdes, den 11. Mee vun 14:00 bis 17:30 Auer bei der Gare Michelau zu Buerschent
    Bei enger geféierter Wanderung op engem Deelstéck vum Leetrail laanscht d’Sauerschläif gi mir vill Wëssenswäertes, Spannendes a Geheimnisvolles iwwert den Dall mam Numm „Buurschtermillen“ gewuer. Am Schiet vun der Buerg vu Buerschent gëtt d’Wëssen iwwert d’Natur an d’Geschicht viru ginn. De Schwieregkeetsgrad ass schwéier an net fir Kannerkutsche gëeegent. Famille mat Kanner ab 8 Joer si wëllkomm. D’Wanderung gëtt bei enger Grupp vu 5 bis 15 Leit organiséiert.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 11. Mee
    • Nächsten Arrêt: Michelau, Gare
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Burfelt
    • Kontakt: Nesen Peggy, 691 705 674, burfelt@anf.etat.lu
     
  • Molen mat Planzen direkt aus der Natur
    Samschdes, den 11. Mee vun 14:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn zu Esch-Uelzecht
    Amplaz vum Pinsel ginn aner Hëllefsmëttel genotzt, fir ee besonnescht Konschtwierk entstoen ze loossen. Mat vill Kreativitéit an natierleche Faarwen gëtt d’Bild op de Pabeier bruecht. Zeechepabeier muss selwer matbruecht ginn. De Präis läit bei 3 € pro Persoun.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    • Umeldung: bis den 10. Mee
    • Nächsten Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Ellergronn
    • Kontakt: Irene Schrouff, 26 54 42, ellergronn@anf.etat.lu
     
  • Fliedermaustour fir déi ganz Famill
    Samschdes, den 11. Mee vun 20:30 bis 22:30 Auer bei der Kierch zu Wilwerdang
    Mir besichen ee Fliedermaustunnel wou fréier d’Zich duerchgefouert sinn. Mëttlerweil hunn d’Fliedermais dëse Beräich ageholl, mee wisou eigentlech? A wisou muss den Tunnel fir Mënsche gespaart bleiwen? Déi ganz Famill ass op dës Aventure agelueden!
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 10. Mee
    • Nächsten Arrêt: Wilwerdange, Kiirch
    • Organisatioun: Naturpark Our
    • Kontakt: Béatrice Casagranda, 90 81 88 635, beatrice.casagranda@naturpark-our.lu
     
  • FLMP Vollekswanderung & Yuppi Walk
    Sonndes, den 12. Mee vun 7:00 bis 17:00 Auer am Kultur a Sportzentrum Gaston Stein zu Jonglënster
    Startzäiten: 5 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, Startzäiten 20 km: 7:00 bis 12:00 Auer, Zielschluss: 17:00 Auer, Präis: 1,50 € (Kanner bis 14 Joer si gratis).
    • Umeldung: bis den 12. Mee
    • Nächsten Arrêt: Junglinster, Op der Fréinen
    • Organisatioun: Lënster Trëppler Asbl
    • Kontakt: Marc Molling, 621 120 174, info@lenstertreppler.lu
     
  • Wien séngt dann do?
    Sonndes, den 12. Mee vun 9:00 bis 11:00 Auer um Parking beim Fussballsterrain zu Minsbech
    Hei entdeckt een d’Stëmme vun de Villercher an nach villes méi! Denkt un Stiwwelen an adequat Kleedung, wou wéi ee Fernglas ( wa méiglech). Eng besonnesch Féierung fir Kanner an Elteren (Hënn musse leider doheem bleiwen).
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 10. Mee
    • Nächsten Arrêt: Munsbach, Op der Gare
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Ieweschte Syrdall
    • Kontakt: Jim Schmitz, 621 293 695, j.p.schmitz@naturemwelt.lu
     
  • Päiperleken entdecken
    Sonndes, den 12. Mee vun 9:00 bis 16:00 Auer zu Nidderanven
    An dësem Cours gi Fräiwëlleger motivéiert an ausgebilt, Daten iwwert d’Verbreedung an d’Heefegkeet vu Päiperleken ze sammelen. De Cours ass an 2 Deeler opgedeelt, woubäi den 12. Mee d’Päiperleke-Famillen um Programm stinn an um 14. Juli de Monitoring vu Päiperleks-Zorten.
    • Sprooche: Englesch
    • Umeldung: bis de 5. Mee
    • Organisatioun: SIAS, LIST a Bee Together
    • Kontakt: John Park, 621 554 515, beetogetherlux@gmail.com
     
  • Rondgang duerch d’Äerzgrouft Kalbréck
    Sonndes, den 12. Mee vun 9:45 bis 12:00 Auer um Parking FC Luna zu Uewerkuer (Um Biergwee)
    Rondwee mat Erklärungen zur Flora a Fauna am Schutzgebitt vun der Äerzgrouft Kalbréck. D’Distanz läit bei ronn 6 km.
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Nächsten Arrêt: Oberkorn, Gare
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Gemeng Suessem
    • Kontakt: Jean-Marie Haas, 621 248 660, jm.haas@pt.lu
     
  • Vëlotour duerch d’Natur
    Sonndes, den 12. Mee vun 10:00 bis 13:00 Auer bei der Kierch zu Leideleng (Place des Martyrs)
    Mam Vëlo maache mir een interessanten Tour duerch verschidde Liewensraim ronderëm Leideleng a Recken mat diversen Erklärungen. Den Tour ass mam normale Vëlo a Mountainbike zougänglech. Dobäi sollt ee säi Picknick a Gedrénks net vergiessen!
    • Sprooch: Lëtzebuergesch
    • Umeldung: bis den 10. Mee
    • Nächsten Arrêt: Leudelange, Gare
    • Organisatioun: natur&ëmwelt Leideleng – Recken
    • Kontakt: Marianne Thiry, 621 314 379, m.thiry@naturemwelt.lu
     
  • Verfilz nach emol!
    Sonndes, den 12. Mee vun 10:00 bis 12:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum Rëmerschen
    Am Workshop beschäftege mir eis mat der Technik vum naasse Filzen a loossen aus faarweger Woll Krokussen, Gänseblimmercher, Lilien, Zaunwinden a Klatschmohn entstoen, déi als Accessoire an de Hoer oder och zur Dekoratioun benotzt kënne ginn. Mindestalter läit bei 6 Joer an de Präis ass bei 10 € pro Persoun.
    • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch
    • Umeldung: bis de 5. Mee
    • Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    • Organisatioun: Centre Nature et Forêt Biodiversum
    • Kontakt: Fabienne Meiers, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu
Ähnlech Sujeten Biodiversum, Ëmwelt, En Dag an der Natur, Mee, Natur, natur&ëmwelt, Programm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel