Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Wënzer bleift dëst Joer näischt erspuert
https://moien.lu/trimble-dating-site/ Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-app-auto-liker/

Zanter enger décker Woch sinn d‘Wënzer an der Lies a

help with writing online dating profile
https://moien.lu/trimble-dating-site/ Neiegkeeten

Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck

De 27. Juli 2018 huet d‘Police en neie Service agefouert.

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé
https://moien.lu/trimble-dating-site/ Neiegkeeten

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

Op et dem 1. Mee selwer, dem gudde Wieder oder

Berlin wëll en däitschen EU-Kommissiounspresident

Berlin wëll en däitschen EU-Kommissiounspresident

Laut der däitscher Zeitung „Handelsblatt“ wëll d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, datt de nächste President vun der EU-Kommissioun, deen 2019 de Jean-Claude Juncker ofléise soll, en Däitschen ass. Si ass awer grousszügeg, an géif den däitschen Usproch op déi europäesch Zentralbank (EZB) zeréckstellen.

„Déi iewescht Prioritéit fir d‘Merkel ass net méi d‘EZB, mee d‘Kommissioun“ esou eng Source no un der Regierung, déi net wollt genannt ginn. Laut der – fir gewéinlech ganz gutt informéierter – Zeitung, ass d‘Bundeskanzlerin der Usiicht, datt d‘Presidence vun der europäescher Zentralbank virun allem e „Poste mat Prestige“ ass, während d‘Mandat als EU-Kommissiounspresident politesch fir méi wäert ass. Dat dierft Goldman-Sachs, déi de President vun der EZB stellen, erfreeën…

Elo muss een allerdéngs och ganz däitlech drop hiweisen, datt den däitsche Kandidat, dee fir de Posten als Chef vun der europäescher Zentralbank a Fro kéint kommen, net gelidden ass. Den aktuelle Chef vun der „Bundesbank“, ass de Jens Weidmann, deen den EZB-President, Mario Draghi, wéinst senger „Politik vum bëllege Geld“ kritiséiert huet. D‘Ausso, datt d‘Geldpolitik vun der EZB de däitsche „Spuerer“ benodeelegt, kënnt bei de Südeuropäer net gutt un.

Näischt Genaues weess een net

2019 mussen awer eng ganz Partie „Schlësselpositiounen“ bei den europäeschen Institutiounen erneiert ginn, dorënner wéi gesot, och dee vum EU-Kommissiounspresident, deen am Ament vun eisem Jean-Claude Juncker bekleet gëtt. Mee och d‘Mandat vum EZB-President geet op en Enn. Wat d‘Nofolleg vum „Jott Zé Jott“, esou gëtt sech hannert de Kulissen uerdentlech gestridden, an dem Fransous Michel Barnier, deen de Brexit „verhandelt“, gi Chancen zougerechent.

Laut dem Handelsblatt, zirkuléieren zu Berlin verschidden Nimm vu méigleche Kandidaten. Esou wier de Wirtschaftsminister Peter Altmaier, fir dëse Poste „predestinéiert“. Eng aner „Optioun“ wier et d‘Verdeedegungsministerin Ursula vun der Leyen, virzeschloen. Béid Politiker sinn dem Angela Merkel „trei“, an et gëtt hinnen nogesot, si wéisste wiem seng Interessen se ze vertrieden hätten. Et kéint awer och de Manfred Weber vun der CSU, an aktuelle Leader vum Grupp EPP, genannt ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, EU-Kommissioun, EZB, Jean-Claude Juncker, Manfred Weber, Peter Altmaier, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel