Search

You may also like

Situatiounsiwwersiicht vum Aarbechtsmaart
Neiegkeeten

Situatiounsiwwersiicht vum Aarbechtsmaart

Wann et ze erwaarde war, dat eng vun de Folge

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?
Neiegkeeten

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?

Während den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) säi Projet vum

Feier zu Iechternach: 80 Pompjeeë kämpfe géint d’Flamen!
Neiegkeeten

Feier zu Iechternach: 80 Pompjeeë kämpfe géint d’Flamen!

Wéi de CGDIS iwwert Twitter matgedeelt huet ass et um

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

All déi wou et scho gëtt, musse bis zum Dezember 2023 och entspriechend ausstafféiert ginn

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden. Sënn an Zweck vun dësem Gesetz ass et Liewen ze retten. Si gehéieren an all Wunneng an sinn u sech net emol Deier, woubäi all déi wou un der Sensibiliséierungscampagne deelgeholl hunn, esou een just hu missen op hirer Gemeng ofhuelen.

Gestëmmt gouf d‘Gesetz den 19. November an de 6. Dezember ass et am offizielle Journal publizéiert ginn. Et wier dat, esou eis Inneministesch Taina Bofferding, eng ganz wichteg Investitioun an eiser all Sécherheet. An eigentlech sollt engem de Verstand schon derzou roden, ugesiichts der Tatsaach, datt zum engen de Pompjeesverband et schonn zanter Jore fuerdert.

Eng Fuerderung déi och vum CGDIS gedroe gëtt, an dës Institutioun erënnert drun, datt ee vum Damp net wakereg gëtt. A well et ëmmer nees Beispiller brauch, fir datt d‘Leit sech e Bild dovunner maache kënne wat geschitt, wann een keen esou eng „Alarmanlag“ am Haus huet:

Am Policebericht vum 27. Dezember huet et geheescht: „Bei engem Brand an enger Wunneng um Sennengerbierg huet e Mann liewensgeféierlech Verletzungen erlidden. Aus ongekläerter Ursaach war de Brand an der Wunneng um 2. Stack ausgebrach, dat d‘Pompjeeë séier ënner Kontroll brénge konnten. D‘Affer konnt gebuerge ginn an déi aner Hausbewunner a Sécherheet bruecht ginn“

Do war dann eigentlech d‘Welt nach an der Rei, bis dann d‘Police den Dag drop huet missen déi traureg Noriicht iwwerbréngen, datt de 60 järege Lëtzebuerger senge Verletzungen erleeën ass. A jo et léisst sech net behaapten, dat de Mann et mat engem Dampmelder „iwwerlieft“ hätt.

Mee de Brand ass quasi matten an der Nuecht (4 Auer) ausgebrach, an déi duerch de Brand verursaacht Dampentwécklung hätt duerchaus och zu Affer an deene Wunnenge féiere kënnen, déi guer net vum Feier betraff waren. Och d‘Statistike schwätzen hei eng däitlech Sprooch: Säit eis franséisch Noperen 2016 och esou e Gesetz agefouert hunn, gëtt et 25% Manner Affer bei Feier.

Maacht et direkt da gëtt et net vergiess

A wann et dann och richteg ass, datt all bestoend Wunnengen – oder därer déi zwar nach gebaut ginn awer d‘Baugeneemegung virum 1. Januar 2020 ausgestallt ginn ass – sech bannent dräi Joer mussen ugepasst hunn, esou sollt ee bedenken, datt et ëmmer falsch ass op der falscher Plaz ze spueren. Et ass eigentlech schonn traureg genuch, datt ee fir esou eppes muss ee Gesetz maachen.

D‘Pompjeeën am grousse Ganzen an de CGDIS ganz besonnesch wëll kengem musse fléiwen. Si hu Jorelaang op de Notze vum Dampmelder higewisen, stinn de Bierger jo och mat Rot an Dot zur Säit, wann déi zu esou eng Technik froen hunn an net sécher sinn richteg domatter ëmzegoen.

Elo also – well de Mënsch net amstand ass sech selwer ze schützen – gëtt et ee Gesetz. Op a wéi een iwwerpréiwe kann datt et och agehale gëtt? Streng technesch gesi guer net. Et muss ee weder d‘Pompjeeën nach d‘Police a seng Wunneng loossen, et sief et géif „aner“ Ursaachen. D‘Gesetz allerdéngs bréngt mat sech, datt wann de Schued bis entstanen ass, et juristesch Konsequenzen huet.

Net ze vergiessen, datt och ganz besonnesch d‘Assurancen dëst Gesetz zum eegene Virdeel notze wäerten. Et ass jo bekannt, datt déi esou schonn net gären d‘Hand un de Portmonni leeën. Wien also déi puer Euro fir den Dampmelder gespuert huet, sollt säi Versécherungskontrakt iwwerliesen…

Foto: Et sollt een awer uecht doe wat ee keeft, an am Zweiwel einfach bei de Pompjeeën an der Gemeng passéieren a sech berode loossen. De Rot kascht kee Wak an eventuell mécht ee sech hei nei Frënn. Handelt verantwortlech, fir iech, är Famill an all déi aner déi am Haus liewen.

Related topics CGDIS, Dampmelder, Gesetz, Inneministère, Pompjeeën
Next post Previous post