Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir
https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier

guy dating resume
https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

online dating beirut

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër
https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

D’Europaparlament huet sech en Dënschdeg fir d’Aféiere vun engem Europäeschen

En „Eclat“ bei der CSV?

De Philippe Wilmes gehäit d‘Flënt an d‘Kar well him de populisteschen Touch géint de Stréch geet

En „Eclat“ bei der CSV?

Elo ass de Philippe Wilmes – Brudder vum Serge Wilmes, Deputéierten an 1. Schäffen an der Stad – net deen éischten, dee vu sech schwätzen deet. Virun e puer Deeg hat de Christopher Lilyblad och scho mat enger gläicher Aktioun op sech opmierksam gemaach.

An engem Courrier, dee vun de Kollegen um Kierchbierg verëffentlecht ginn ass, huet de Philippe Wilmes seng Entscheedung begrënnt. An hie geet haart an d‘Geriicht mat senger politescher Famill, déi hien „net méi erëmerkennt“. Hien deen als Dokter och Member vum AMMD-Verwaltungsrot ass, erënnert un Zäiten, an deenen d‘CSV d‘Heemecht fir déi ënnerschiddlech Stréimungen an der Gesellschaft war. Dat wier net méi Fall, firwat de Philippe Wilmes sech entscheet huet ze goen.

Brutal an net direkt novollzéibar, d‘Virwërf déi direkt un den neie Parteipresident geriicht sinn. De „Rietsruck“, respektiv de „populisteschen“ Toun an der Partei, géif een eréischt héieren, zanter de Frank Engel d‘Mandat zougestane kritt hätt. Gutt datt de Philippe Wilmes dann awer preziséiert, datt d‘Problemer mat der Néierlag vun 2013 ugefaangen hunn, déi zu engem radikalen Ëmdenken an der Partei gefouert huet. Et wiere reaktionär a populistesch Iddien ouni Widderstand opkomm.

Et gëtt bedauert, datt am Kär dee ganze gesellschaftleche Wandel an déi vill Verännerungen, net bei der Parteileedung ukomm ass, oder zumindest dat ganzt net verstane gi wier. Dem Frank Engel elo virzewerfen, hie géif sech beim „rietsen a konservatiivste Fligel“ vun der Partei aschläimen, ass ee „krasse Move“ wéi déi Jonk géife soen, a Verlaangt no Erklärung. Esou sollen dem President seng Virgänger, Michel Wolter a Marc Spautz, sech am Hannergrond fir „hire“ Kandidat agesat hunn.

Politesch Emotiounen oder emotional Politesch?

Natierlech gëtt et fir den Aussestoende komplizéiert, sech e Bild ze Maachen an tëscht berechtegter Kritik an der Verdeedegung vu Familljeninteressen ze maachen. Richteg ass, datt d‘CSV zwee gutt Kandidaten an d‘Renne fir de Poste vum Parteipresident geschéckt hat, an alle béid hir Unhänger a Géigner an der Partei hunn. De Wahlausgang war do zimlech däitlech, well esou knapp geet et bei der CSV eigentlech seelen aus. An hei hat, firwat och ëmmer, de Frank Engel déi besser Kaarten.

Op där anerer Säit, dierf een dem Philippe Wilmes seng Bedenken, laut deenen d‘CSV sech vun der gesellschaftlecher Mëtt op där hire rietse Rand zoubeweegt, net einfach als Trotzreaktioun ofdoen. Et geet no zwou krassen Néierlage bei de Chamberwahlen der CSV schliisslech och drëms, nees de richtegen Toun ze treffen, firwat och déi traditionell Vollekspartei sech der Erneierung stelle muss. Datt déi, vun de „reaktionäre Kräften“ an der Partei verhënnert soll ginn, ass net auszeschléissen.

CSV

An de Philippe Wilmes steet mat sengen Usiichten net eleng do. Esou hat de Gemengeconseiller vu Betzder, Christopher Lilyblad, nach virum EU-Kongress vun der CSV säin Austrëtt aus der Partei ähnlech begrënnt. Och fir de fréiere President vum „Cercle de Coopération“ ass den neie President kee Vertrieder vun der politescher Mëtt. Déi wier d‘Viraussetzung, fir de sëlleche Communautéiten zu Lëtzebuerg eng politesch Famill ze sinn, an de Frank Engel géif dat net representéieren.

De Frank Engel sengersäits, geet net weider op dës Virfäll an. Hie gesäit et pragmatesch a mengt et géif wéineg Sënn maachen, Leit ophalen ze wëllen déi sech um Sprong befannen. Hien huet och genuch aneres ze dinn. Engersäits ass hien nach als EU-Deputéierten zolidd beusprocht, et stinn d‘EU-Wahlen un an de Prozess vun der Partei-Erneierung soll am Uschloss dorunner zur Prioritéit ginn. Woubäi, erfreet ass hien net, an hien hätt et sécherlech léiwer gehat, dat am Dialog ze klären.

Vum Serge Wilmes, dee weder fir säi Brudder schwätze kann, nach wëlles huet senger politescher Famill de Réck zouzewennen, ass d‘Entscheedung vum Philippe an dem Christopher net ze kommentéieren. Alle béid sinn se erwuesse genuch hir eegen Entscheedung ze treffen, egal ob een dat bedauert oder begréisst. Wat déi komesch Rumeure betrëfft, datt sech de Serge Wilmes bei de Liberalen „ëmkuckt“? Dat ass Quatsch, esou den Interesséierten an dat trëfft de Nol op de Kapp.

Ähnlech Sujeten Christopher Lilyblad, CSV, Frank Engel, Philippe Wilmes, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel