Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon
International Neiegkeeten

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
International Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess
International Neiegkeeten

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess

Déi Lëtzebuerger Mëllechbaueren erliewen op e neits eng Kris, a

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien denoncéiert, dee virgesäit allen Awunner vun der Provënz Bolzano, en éisträichesche Pass unzebidden.

Den Ausseministère huet an engem Communiqué informéiert, dat ee Kenntnis doriwwer erhalen hätt, datt et zu Wien eng Regierungskommissioun gëtt, déi den Optrag huet e Gesetzprojet auszeschaffen, mat deem dës „duebel Nationalitéit“ soll agefouert ginn.

„Dës Initiative ass, wéinst senger potenziell stéierender Bedeitung net opportun. Et ass zudeem eenzegaarteg, datt déi Regierung, wou d‘Presidence vun der europäescher Unioun assuréiert, an éischter wéi sech Aktiounen ze konzentréieren. déi vereenen an de géigesäitege Konsens tëscht de Länner soll fërderen, hei Gesetzprojete kultivéiert, déi Sträit stëften“, esou de Ministère.

Weider heescht et am Communiqué: „Esou eng Initiative ass kuriéis, grad wann ee bedenkt datt fir d‘Bierger vun de verschiddene Memberlänner ze vereenen, et déi europäesch Staatsbiergerschaft gëtt, wéi et d‘Päss däitlech ernimmen, déi vun all Memberland ausgestallt ginn“.

Komplizéiert einfach

D‘Provënz vu Bolzano, eng Biergregioun déi d‘Italiener „Alto Adige“ an d‘Éisträicher „Südtiroul“ nennen, war iwwert Joerhonnerten deel vun Éisträich. Südtiroul war nom éischte Weltkrich un Italien ugeschloss ginn. Südtiroul profitéiert vun engem besonneschen Autonomie-Statut.

Bei der leschter Vollekszielung am Joer 2011, haten sech 70% vun den Awunner a Südtiroul als däitschsproocheg, 26% als italophon a 4% als ladinophon deklaréiert. De Programm vun der éisträichescher Regierung gesäit vir, den däitschsproochege Bierger an der ladinescher Minoritéit en éisträichesche Pass unzebidden.

De Projet war Enn 2017 ugekënnegt ginn, an déi verantwortlech vun der autonomer Regioun vu Bolzano haten sech iwwert dës Opportunitéit gefreet, awer hir Verankerung mam europäesche „Gedanken“ betount. Hier gläichfalls däitschsproocheg Nopere vun der autonomer Provënz Trient, hate sengerzäit bedauert, net an de Pläng vu Wien virzekommen.

Ähnlech Sujeten Éisträich, EU-Presidence, Italien, Pass, Südtiroul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel